Sylvesterparties


Direkt zum Seiteninhalt

2011-2012

EIS NEI BRECK
Mir bauen eng Nei Breck
A kee vun eis kuckt traureg zreck
Wat 52 Joer mir geknetzelt
An eis ‘sou gär dermat gebretzelt.

Mir hun eis t’Breck no fir gereckelt,
Well eis dei aal zefill gekreckelt.
Mir fänken schon geint Metteg un,
Waat alle Frënn huet gudd gedun.

A wann mir eischter schon ufänken,
Ass ëppes Gudd, muss Der bedenken.
Dir braucht net mei, wie soss dei Joer,
Eng Zopp ze kachen, dei wär kloer.

Eng Schlitzaanfondü, programmeiert
Gett no 1 Pi-eM, breiwarm serveiert
An dir sidd herzlech agelueden
Mam eidle Mo dann anzetruedlen .

A wien geint owend spiirt nach Honger
Oder fleicht Duescht, dat wir kee Wonner,
Dee kann mat eis gemütlech raschten,
Bis dass t’Rakeite farweg baschten.

Da fänke mir mam Kussen un,
Och wann schon een daat firgezun.
Mir lossen eis de Champes schmachen,
Mei brauche mer jo net ze machen.

Wien net mei heem well, kann hei pennen,
Well vleicht kee Wieder ass fir t’Rennen.
An och de Kallzong bleiwt dann blenkeg
Well iech kee Flic mecht ëppes stenkeg.
Dezember - 2011



Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü