Meconopsis

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Bild a Korrespondenz vun der Präsentatioun vum Jhemp Biver séngem Biller - an Textbuch iwwer Déifferdéng

Die Symphonie kann beginnen

Den Text hei hannendrun ass en Auszuch aus enger Korrespondenz téschent mir an dem Jhemp Biver, deem mir bei senger Entreprise gehollef hun

-----Original Message-----From: Henri Regenwetter [mailto:regenwet@pt.lu] Sent: mercredi 2 juillet 2008 17:35To: zupperjhemp@vol.luSubject: Chronik
Salut Jhemp,
eischter kann e wirklech soen Superjhemp, well deng wonnerbar Arbecht ass Weweisend fir vill aner möchtegerne Publikatiounen. Et kann en esou lang derduerch kucken wie e wöllt et fönnt en ëmmer nach eppes Interessantes. Mir villen eis besonnesch geeiert fir vun Dir en gratis Exemplar dedieiert ze kreien. Gären hätt ech un esou enger Arbecht nach mei mat geschafft.
Et ass mir ob der Seit 23 opgefall dat een op der Peschkopp de Wé geseit an hannendrun ass eng grell Streif, wat ech als Wasser unhuelen. Ass dat um Original net mat engem gudde Scanner eraus ze huelen. Et ass jo gewosst dat bis op t’Millen die ënnen bei der Schmelz stung eng Partie Weiheren hun misse sin, well t’Nonnen aus dem Klouschter do hir Karpen gefangen hun die se hu missen ofgin un t‘Abtei vun Iechternach.
Wann dat Wasser ass oder war, dann war bestëmmt keng Perch do fir t’Veih an dann keint meng Interpretatioun stëmmen Peschkopp keinnt vun Pêche = Fischerei.
En Dokument vun Lasauvage hun ech vermösst nämlech t’Iwerräschter vun der V1 oder V2 am Weiher die et net bis op London gepackt hat.
Leider ass de Scouten hi Grott um Bau och vergiess gin. Do hun eise Fritz an ech massgeblech mat dru gebaut.
Op der Seit 88 hun ech eng kleng Korrektur unzebrengen. Do soll riets sin vum Federspill Misch an net vum Pierre, dat ass sein Jong an dén liewt nach an baut Heizungen asw..
Wann en esou begeschtert ass vir seng Arbecht, da schleit engem och selten ëppes feel.
Mir kënnen dech nëmmen bewonneren an dir villmols merci soen fir desen komerodschaftlechen Cado.
Mach esou weider.
Lony an Henri
----------------------------------------------------------------------------------------------------------
Salut Lony
Salut Heng
Ech soe fir virera "Merci" fir d'Luef, Äre mail mecht mech frou.
Datt Korrekturen ze maache sin, verwonnert mech net. Ech froe mech allerdings wisou datt mer der Misch Federspiel ëmgedääft hun. Do ass diselwecht passéiert wéi mat Kriepse Mil, deen huet am Ufank an der Bildzeil als Rob gestan!!
Allerdings d'Rakéit!! leider!! d'Grotte!! och leider!! an . . .
Där kënnt mer gläwen, datt munneches guer net am Buch wir, wann ech net drabruecht hätt, an dat ouni laang dervun ze schwätzen. Un alles denken . . . an herno fällt engem ob eemol op, datt än nach hei an nach do, dëst an dat hätt kënnen derbäi setzen. . . Et feelen och Biller vun zwä Schlässer an den "Images d'antan". . .
Pesch = Pèche / piscis = Fësch ka scho stëmmen. Di ganz Sank, vu Courtois' un op d'mannst, bis erop virun d'Sporthal woar e Weiher. Dat stät fest (cf. Korspronk 10/1986 S. 179) ass am Kadaster genannt "Obercorn Veiher" gespeist vun der Kor. .
Nach eng Kéier "Merci" fir dëse Mail, ech wäert e versuergen. Och Merci dofir, datt ech en ale Kontakt erëmfont hun.
Haalt Äech esou gesond wéi méiglech
Mer wäerten äis net fir d'Lescht gesin hun
jhemp biver_________________Verba volant, scripta manentergo scribendum pacta omnia.


Henri Regenwetter im Gespräch mit Koautor (Zeichnungen) Gaston Heuschling. Sein Kollege Josy Moutschen unterhält sich mit dem erfolgreichen Sänger Raymond Henn. Raymond Henn war Sänger (Tenor) im Chor der Kirche auf Fousbann, in einer Zeit als die Dirigenten des Chores immer wieder wechselten. Moutschen Josy war einer von diesen Männern, die selbstlos zur Verschönerung der Gottesdienste in dem auflebenden Wohngebiet der Gemeinde Differdingen beitrug. Raymond Henn hatte eine ausgezeichnete Stimme, die er auch in diesem Chor mit großem Erfolg zu Gehör bringen konnte, was ihn dazu bewegte den Beruf als Sänger anzustreben. Er lebt heute in Basel wo er Lehrer an einer Gesangschule ist. Seit mehr als 50 Jahren hatten wir diesen sympathischen Kollegen aus den Augen verloren. Das unerwartete Wiedersehen bewegte die Gemüter.

N.B.:
Es ist bedauerlich, dass die Geschichtsfrënn der Gemeinde es wohl absichtlich unterlassen haben Jhemp Biver als Hauptautoren dieser Publikation zu nennen, denn nur seiner Hartnäckigkeit ist es zu verdanken das dieser wertvoller Einblick in die Geschichte von Differdingen so eindrucksvoll gestaltet wurd. Nachfolgende Anzeige stammt aus der HP der Geschichtsfrënn.


Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü