Theaterstecker iwersat aus dem Deitschen

           

            Folgende Theaterstücke liegen  bei mir/ oder in der National Bibliothek und auch zu Mersch im Centre National de Littérature (Emanuel Servais) zur Verfügung. Aufführungsgebühren anfragen beim Übersetzer.

 

·         DE BOPI  GET VERKAFT - Autor vun dem deitsche Steck ” Der verkaufte Grossvater” - Franz Streicher.

An t’letzeburgescht iwerdroen fir t’Chorale St. Joseph vun Deifferdeng Fuesbann - Dezember 1964

3 Akter - 8 Akteuren: De Bopi - Hennes Knubbelbauer - Fritz sein Jong - Pe’ter Schlaubauer - Greit, seng Fra - E’vchen hir Duechter - Ketty eng Mod, - Gust e Kniecht.

Den 1. Akt spillt beim Knubbelbauer - den 2. an  3. Akt beim Schlaubauer.

 

 

·         DEN DUEBLE MAURICE - Autoren vun dem deitsche Steck ”Der doppelte Moritz” - Toni Impekofen an Carl Mathern

Fir Thalia & CO Hoen Klengbetten - an t’Letzeburgescht iwerdroen 29. September 1976

3 Akter - En Troublement mat  11  Akteuren: Maurice an Max Roudewak (én an déselwegten) - Hénz Fiederkeil - Irène Roudewak - Félix Weissesous - Lilli Iwerall - Margot Roudewak - Dokter Quittong - Denger Otto - Sibill Päfferkär - Mathilde Roudewak - Krimalen Schnauz 

Eng gudd Bühn mat villen Diren!

 

·         T’VERLEENHETSKAND - Autor vun dem deitschen Titel Das Verlegenheitskind. - Franz Streicher. (neu seit 31/01/2011)

An t’Letzeburgescht iwerdroen vum HR 27.Oktober 1976 fir t’Scouten vun Dideleng

3 Akter - Löschtegt Steck mat 10 Akteuren:  Neckel Dillendapp/ Bauer an Duerfepicier - Ketti, seng Fra - Franz , sein Jong - Jamper Sémiel, Bauer - Merri, seng Fra - E’vchen hier Dueschter - Hénz Knueweleck/ Breifdreier - Jeanny Meyer - Leini hier Dueschter - Jéck, Kniecht beim Jamper Sémiel 

 

·         DE VERSTÄRKER - Autor vun dem deitschen Titel Das Höhrrohr Karl Bunje.

An t’Letzeburgescht iwerdroen fum HR -  16. Abröl 1977

3 Akter - Komméidisteck  mat 8 Akteuren: Bopa  80 Joer - Eugène Summer (sein Jong) 53 - Berti Summer  (dém seng Fra) 40 - Edith Weidebam 20 - Benni Streisak (Kniecht) - 28 - Tobias Töntefass (Breifdreier)  45 - Lisi Töntefleck (seng Fra) - Notär vu Fiederliesens an de beschte Joeren.

 Et spillt sech alles op dem Baurenhaff vum Bopa Summer of  - Geigenwart

 

NB: Des 4 Theaterstécker leien am PDF Format vier a kënnen op Bedarf eroofgelueden gin. Onbedingt awer dem Auteur Bescheed soen wéinst den Autoren-Rechter.