PROSA
Luxemburgisch
Inhaltsverzeichnis
Theaterstecker, iwersat aus
dem Deitschen (Iwerblëck)
Dem Här sei Moud (nom Loriot
sengen „Szenen einer Ehe in Wort und Bild) (neu
23.12.2005)
Inke Dätsch - Eng
Märechespaschteit
De Siegfried
an t’Melusina ( e Spill fir t’Geheier)
De
Porrette Jhang (nei 18.3.2006 – freier Aufbau)
Doudesannonce vum Mady Molitor (nei 18.3.2006)
Bis dass
de Koll iech platzt. (Blödelusproch) (nei 18.3.2006)
Eng
Mandarine, waat alles déi ka bewierken. (16.12.2014)
Vum Misch a sengem Mupp Mike. (15.12.2014)
Vun “ze fill” bis “nett genuch”
(20.08.2016)
IWERRESCHT AM HAUS VUN DER NATUR
Den 5.1.2001 am Kader vum Neijoersdronk.
Usproch vum Henri Regenwetter.
Leiw Frënn!
Fir t'eischt soen ech Iech emol alleguerten Merci fir di grouss Eier, mat der Dir mir haut hei eng grouss Fréd macht.
Vun den Goldhinnerchen hun ech zwar och zwou lieweg Zorten bei mir hanner dem Haus, am Dännebösch. Munchmol orchestreieren sie am Trapp eng schein lieweg an och fuerweg Pipsshow.
Haut heieren ech nemmen mei bis 12.000 Hertz an duerfir muss ech mech mat hirer Show eleng zefridde gin. Dé göllenen hei, dé kann ech elo all Dâg kucken.
Wann der erlâbt, soen ech e puer Wieder zu menger kurzer Biographie. Wât wâr, wât ass an wât nach ka kommen.
Schon mat 7 Joer sich ech als Wöllefchen, virum Krich zu Rodange bei de Scouten mat eraus an t'Natur kom. Lampech bei der Schuller Gare, war eng wonnerbâr a romantesch Platz fir ze Campeieren, fir an der freier Natur ze spillen. Schon do konnt ech allerhand Planzen an Deiere kennen leieren. T'Upassung un meng Liewenskomeroden huet do ugefangen.
Ech hun verschidde Stadien passeiert an sin dann zu Uerwerkuer als Patrullechef, durno als Scoutsmaster emmer mei an t'Liewen, mat Mönschen - an an der Natur era gezu gin. Esou guer nach nodém ech eng fest Arbecht op der Schmelz hât, hun ech mech a menger Freizeit freiwölleg zu Uewerkuer agesât, bis meng Elteren mat eis op Zolver geplönnert sin.
T'Natur mat hieren villen Facetten, hat mech grëndlech gepâkt. Vill Frënn, dénen et selwegt gangen ass, ware berét mat mir duerch Deck an Dönn ze goen. Zwé vun mengen beschten Scoutsfrenn sin direkt an de Canada ausgewandert an hun hiert, wahrscheinlech net nemmen Trapper - Liewen do gemacht.
Ech wollt zwar och emmer fort an t'Welt, hun mech awer do zreckgehâlen, an sin 1965 vum Aquariumsclub Diskus vun Deifferdeng als Delegeierten genannt gin an der Federatioun vun den Aquarianer, FELAT genannt.
Ech war doduerch mat derbei wei am Eisebunnerkasino zu Bouneweg t'NATURA gegrennt ass gin. Vun Ufank un gouwen et awer Schwieregkéten do, an ech hun schon démols net verstânen, firwât do sech direkt en ongleckleche Spaltpilz entweckelt huet, dén menger Ménung no, der Entwecklung vum Naturschutz an eisem Land neischt genotzt huet.
Ech war bâl an all Versammlung vun der NATURA derbei an hun eifreg matgeschafft, ouni mech je vir- oder opzedrängen. Au contraire, ech hun emmer "speziell" Arbechten zougeschouschtert kritt! Do hun ech och festgestallt, dat an eisem Land Allmeigleches geschützt sollt gin, nemmen et huet kén spezifesch un t'Amphibien, un t' Klengfösch an virun allem un t'Wasserplanzen geduecht. Kén huet sech esou richteg duerfir agesât, ganz einfach, well déi net esou populär waren a muncherén sech virun enger Mouk schuddert!
Virun 28 Joer hun ech mir en Härz geholl an hun t'AAT am Kader vun der FELAT gegrönnt. AAT ass d'Ofkierzung vun eisem démolegen Vereinsnumm, Amis des Aquario- et Terrariophiles du Grand-Duché de Luxembourg. Mir wollten t'Frenn sin vun den Aquarianer an Terrarianer. Et hécht also net "den AAT ass och do" oder "bei der AAT ass et flott", mé richteg ass ze soen, ech sin Member vun den AAT. AAT ass also eng Mehrzahl! Dat niewebei!
Mam Henri Rinnen, mam Josy Braun, an mam Théo Peffer hun ech Radio- an och Televisiounsemissiounen gemacht. Wuelgemirkt, all Emissioun ass op dem Pobeier virberét gin. T'Froen an t'Äntwerten, dorobber hun ech gehâlen, well ech mir gesôt hun et wir unsönneg déi kurz Zeit ze verplemperen, fir nemmen irgend eppes do ze schwadronneieren.
Des Sendungen waren inhaltlech gudd duerchduecht a gefiddert vun eisem aktivem Naturschutz! Wei iwer t'Nozucht vum Bitterling, vun den Ellercher, vu Fräschen a Mouken, am Aquarium an am Terrarium hun mir am ganze Land eppes ugekurbelt wat senges gleichen gesicht huet. T'Kâlwasseraquaristik huet ugezun.
Mir hun konsequent Fräschenzenk opgericht, wat ueschtert t'Land nogemacht ass gin!
Bref, Dir könnt e bedeitenden Dél vu mengem Lieweslâf noliesen an der Jubiläumsbroschür vun den AAT, dei virun e puer Joer eraus kom ass. Sie ass nach ze kreien.
Ech hât eng Suerg, well t'NATURA net esou vill égen Initiativen ergreifen konnt - et waren nemmen e weineg Privatmemberen ageschriwen déi esou Saachen hätte kenne machen - do hun mir an dem Club e puer Aktiviteiten fir NATURA mat organiseiert, an esou guer exékuteiert. Mir wollten mam gudde Beispill fir goen, an als Memberverénegung vun der NATURA - der Dachorganisatioun, och Aktiounen am Numm vun der NATURA machen. Ech erennere un eis Aktiviteit fir t'NATURA - PLAKETTE an der Aktioun MEI NATUR EM T'HAUS, un eisen Asatz beim Ministère du Tourisme, am Num vun der NATURA, an der Jury fun dem "Concours: Schien Dierfer a Stied" mat zemachen.
Den Dag fum HAUS VUN DER NATUR ass kom. Ech sin mam René Schmit hei iwer den Terrain gangen an hun bedauert, dat mir net dei démoleg Ruin ganz ofgerappt hun. Nemmen e puer Hâsteng an der Fassade hun als Virwand gedenkt, fir den Denkmalschutz eraus ze fuerderen - an hun beim Neibau ronderem déi puer Steng onnetz Millioune kascht - déi anerwärts hätte gudd Uwendung könne fannen. Am Hannerkap awer war bei verschidden Leid kén ânere Gedanken, wéi eng Brems ze (er)fannen fir t'Expansion vum Camping a Sportkomplex a Richtung Roeser! Dofir waren also nemmen dei "bescht" Argumenter, also déi puer Hâsteng gudd, déi démols jo och gezun hun!
Ech wollt versichen meng praktesch Bauerfahrung, hei mat eran ze brengen dei ech selwer als Bauhär hât (well ech bei mengem Haus Architekt an Bauléder war). Dat ké Keller an dest Haus hei gebaut ass gin, war net déi lescht wirklech onduerchduechten Arbecht. Et hätten mam kompletten Ofreissen, an och bei aner nofolgenden Projetsen, wou ech op reell Komplikatiounen higewisen hun, vill Milliounen kenne gespuert gin. Op en Hoer wâr och nach e Gappené an de Sand gesât gin!
Ech hât meng Grönn vir net op t'deck Tromm ze schloen! An menger Entwecklungszeit hât ech am Ömgang mat der Jugend an iwerhapt mat menger Emwelt esou vill Mönschekenntnis opgebaut, dat ech mir emmer gesôt hun, kritiseier neischt wat's de net selwer besser mache kanns, an dann awer och mache wölls. Bretz dech net mat vermengtlechem Besserwössen, mé mam Bessermachen. Dat hun ech och an eisem Klub emmer erem esou gesot, an hun och drop gehâlen, dat én iwer eppes kann diskuteieren, awer selwer nie engem aner seng freiwëlleg Arbecht soll kritiseieren, wann én net berét ass et selwer besser ze machen.
Den Erfolleg ass net ausbliwen, an mat enger groussarteger Equipe, konnte mir bis haut eise Mätsch machen. Nemmen et ass gangen wei et emmer gét. Wann én am Liewen Succès huet, dann verquesst dén én oder dén aneren dat net.
Ech hun all dei Joeren villes vum Vereinsliewen op eist Privatliewen geprafft. Menger Frâ a mengen 3 Kanner, soen ech hei fir all hirt Verstéesdemech en öffentlechen Merci. Sie hun mech emmer ennerstötzt, net nemmen wann Nout um Mann oder un der Frâ wâr.
Mat Studierésen, Sortien an Virtrég konnt bâl e richtege Familjebetrieb opgebaut gin, dén haut nach virbildlech a kräfteg an der Matarbecht hei am Haus, beim Fest vun der Natur, beim Kürbisfest, beim Baurendag weider liewt. T'Frendschaft an t'Kollegialiteit ass dat wonnerbarst wat én an engem Verein ka fannen, wa keng Quierkäpp Möscht bauen.
Eppes war mir, an ass och Iech secher bewosst. Hei am Haus sin zwéerlé Zorte Leid aktiv.
Op der enger Seit dei Leit déi t'Vereiner an der Richt hâlen, an domadden och t'Verénegung Haus vun der Natur. Sie schaffen ouni bezuelt ze gin, am Asatz fir t'Sach, fir den Natur an Emweltschutz.
Op der anerer Seit sin déi, déi onbedingt zu Höllef hu missen geruff gin, an déi fir hier Arbecht bezuelt gin (iwregens léschten sie eng unbedengt bewonnernswert Arbecht, dat well ech besonnesch hei erfier streichen).
De Beweis ass domadden erbruecht gin, dat mam Naturschutz och Geld ka verdengt gin, an dat war é grousse Schrött no fir.
Zesummen konnten grouss Projetsen attakeiert gin an et konnten wirklech och Sousen derbei verdengt gin. Domadden konnten mir eis déi bezuelten Matarbechter léschten.
Nemmen zenter eis Regierung och NATUR- an EMWELTSCHUTZ wöllt machen, gesin ech eis Verénegungen am Clinch mat dem Emweltminister, dén am Fong t'Härzstéck, de Leader soll sin vum NATUR- an EMWELTSCHUTZ hei am Land.
A Wirklechkét ass en awer zu engem Klompfouss gin, well déi Hären et net emol färdeg brengen fir hier wertvollst a böllegst Matarbechter ordentlech ze bezuelen. Eng Verpflichtung dei si awer agange sin. Et ass dese Moment muscht Loft hei am Haus. T'Vertrauen an de Management aus dem Ministerium ass verluer gangen.
Wann mer net iwer 80 Milliarden Reserven op de Keip leien hätten, an eis Regierung finanziell um leschte Lach geng peifen, da geng ech jo nach Munches verstoen.
Milliounen awer gi vergammelt, an t'Gesetzer sin anscheinend net mei fir all Mönsch do. Wann én Privatmann senge Leit keng Pei méi ka gin, dann ass hien faillite.
Ech erwähnen dat alles, well ech perseinlech vun dem ganzer Misère esou frustreiert sin, net nemmen iwer eise Klub eraus, ma dobei nach e wéineg ganz privat. Ech könnegen an eisem nächsten Heckefräsch meng Bedenken un, ob ech iwerhâpt nach eng Minut mei lang mat esou Leit soll zesummeschaffen, déi engem seng Matarbecht, zum Wuel vun eisem Land wéder richteg konsidereieren nach de Léschtungen entspriechend respekteieren!
Wât notzen eis bretzeg Feieren am Joer vum Volontariat. Am Platz dat mir wertvoll Arbechte machen, verplemperen mir eis t'Liewen mam Streiden fir dem Staat seng Scholden bezuelen ze können, dei hien eis hei opgelueden huet. Dar résuméiert sech an engem Sâtz. A Platz ze animeiren, frustreiren se eis!
Dat fannen ech eng onbeschreiwlech Gemenghét, déi hieresgleichen sicht.
Als Präsident von den AAT hun ech ni en Huesepâd an d' Administratioune getreppelt. Mein Komitee war emmer der Ménung mir sollten mat eisen Léschtungen beweisen wat mer können, an ech mengen weinstens, dat mir dobei réusseiert hun, nemmen ob se wirklech unerkannt si gin, dat stét an engem anere Buch!
Ech gesin awer nach verschidden aner Aspekter, déi net ze vernoleissegen sin. Hei am Haus hun sech verschidden Verénegungen zesomme font, fir zesummen an déi selwecht Richtung ze schaffen.
Ech gesin dobei verschidden Zich, mat verschidden Lokomotiven enner Damp, déi zwar op enger gemeinsamer Spur, dem Natur- an Emweltschutz fueren. Et ass eng normal brétspureg Bunn, an do drop fueren déi verschidden Zich all an déi selwecht Richtung. Môl ass, oder wöllt dén én un der Spötz sin, môl ass, oder wöllt den âneren un der Spötz sin.
Et get heibannen Lokomotivführer, déi keinten an engem Owend drei verschidde Cheminots-Kâpen opsëtzen. Fun dém âneren Zugpersonal, dât aus enger voiture an die âner sprengt, schwetzen ech emol net. Lenks a riets lâfen dann och nach Schmuelspuer-bunnen. Alles wöllt an dei selwecht Richtung. Et könnt vir, dat én Zuch dem Zichelchen oder den Zichelchen dem Zug (méschtens am Kalennerprogramm) am Wé ass. Et sin awer bis elo schon vill gudd Weichen agebaut gin, an der Zesummenarbecht, besonnesch bei eise Fester.
Wéinie fueren mir allegueren op engem enzege Gleis, mat engem globale Programm?
Mir leiden scho lang un enger ganz beiser Zivilisatiouns Krankhét, dei och mat Schold un dénen villen Zichelcher ass!
Am Allgemengen get gesôt, t'Leit gengen emmer mei egoistesch gin. Do gesin ech de Problem net esou direkt. Dat gesin ech nach als t'Natur am Mönsch un. Ech gesin de Problem vill mei an engem gefeierlechen esouguer béisartegen Individualismus zwöschen Rivalen. Des Rivalitéit ass geint t'Gesellschaftsliewen gericht. Jidderén huet et haut licht eleng duerch t'Liwen ze kommen, ouni Kollegialiteit, ouni Frendschaft, ouni Menscheleift, grad dât wat eis Generatioun, besonnech nach duerch de Krich geprägt, nach gefillt huet. Mir hun et noutwendeg fonnt, dat mer zesumme stin, fir mat dénen aner zesummen Léschtungen ze brengen, déi mer eleng net färdeg brengen. Wei oft schon hun ech geziddert, wann an enger Versammlung op emol Én ganz nervös explodeiert ass a gesôt huet "elo gin ech hém", oder "dir macht jo dach nie wéi ech et gär hätt". Dese schlömmen, oft och aus Neid entstânenen Individualismus ass t'Gefor fir eis Verénegungen, an ech färten mir kreien dese Problem vun der Wuelstandsgesellschaft nach esou bâl net an de Greff, well dén Enzelen sech net mei selwer kontrolleiert kritt, oder net wöllt, an mengt sech durchsetzen ze missen! Et gett leider Organistiounen, déi d'Onzefriddenhét aam Vollek priedegen an dofunnen liewen!
Jidderén wéss alles besser, awer net jidderén wöllt oder ass kapabel alles selwer besser ze machen. Déi Méscht färten genau dât, wât se awer selwer praktizéieren. Kritik!
An elo de Schrack an t'Zukunft.
Wa mer scho bei der Kritik sin, dann well ech hei nach erfierstreichen, dat mir als AAT schon e Strapp am Clinch mam Ministère de l'Environnement sin. Mir fillen eis mat engem Subside vun 40.000 Frang an engem Ausgabebudget vun 1.000.000 Frang awer och guer net chaperonneiert vun desem Ministère! Trotzdém hun mir durch vill freiwellegen Asatz, an mat der Höllef vun ville gudde Memberen, eis Publikatiounen eraus kenne gin, déi bei eise Memberen och gudd ukom sin. Trotz "Kuele"mangel an eiser Lokomotiv, konnten mir am Weidendall en Botanesche Gaart uléen, dén am Ufank guer net esou grouss geplangt war. Iwer 1 Millioun Valeur ass schon dragestach gin! Do sollten nemmen déi geschützten Wasser- an Uferplanzen, Fösch an Amphibien nogezillt gin, verbonnen mat enger sozialer Aktioun.
Haut stin mir, nom plötzlechen Stieffall vum Neckel Rollenger, do glad ewech am Rén an mir gin schon e ganzt Joer do stoe geloss, opschon mir schon esou vill der scheiner Wieder heieren hun vun all déne Leid déi ouni sech ze schummen, glad ewech mat gesplecktenen Zongen schwetzen. T'Önnerstetzung ass esou minim gelâf, dat mir haut zu der Iwerzégung kom sin, dat wann an den nächste Meint sech neischt am Weidendall dét, dann ass dem Rollinger Neckel sein Liewenswierk an eis Natuschutzarbecht a grousser Gefor. Wou bleiwt do t'Ennerstetzung vum Volontariat?
Eng Réunioun, déi am Kader vun dem zukünftegen Naturschutzgebidd Mamerdall sollt stattfannen, mat dénen verschiddenen Instanzen, mam Emweltminister, mam Fieschter, mat denen 2 Gemengen Koplescht an Kehlen, mat der Caritas, mat dem Schoulpersonal vun dem Lycee Technique agricole vun Ettelbreck, ass an t'Wasser gefall (weinst dém kaum hiwelegen Sommet zu Nice) an ass bis dato nach net erem nei fixeiert gin.
Ech geseich hei eng Chance, dei am Kader vun den Arbechten vum Haus vun der Natur eventuell keint studiert gin. Et soll én net vergiessen, dat sech am Mamerdall eppes dét. Wuelverstânen, elo ass et nach t'Arbecht vun engem Jangeli. Geschwenn awer fiert do den Zuch brétspureg fort, well et ass geplangt fir zu Schensels en "Centre d'Accueil" ze schaffen, an wann mir dât als AAT net eleng packen, da sin all Chancen vergin, da machen aner Leid dât, wat mir mat der Société des Naturalistes, mat dem Musée d'Histoire Naturelle an mat dem UICN onbedengt wollten zesumme machen, nämlech Planzen an Deieren, déi a Gefor sin, do nozillen! "Eng station de reproduction de plantes, de poissons et d'amphibies en péril". Dât gött elo als Zukunfts - Programm vun den Botanesche Gärt an Zesummenarbecht mat private Leit weltweit ugesin. Mir hun jo neischt Gleichwerteges hei am Land. An des émoleg Chance sollte mer net verpassen. Ech mengen t'Haus vun der Natur wär do och gefrot. Iwer ons Somelöschten an mam Kraidergaart zu Wanseler an mat eisen internationale Verbindungen, an wann t'Verénegungen zesumme stengen, dann hätte mir eng virtrefflech Viraussetzung do fir des Aufgab ze iwerhuelen.
Grad de
Botanesche Gaard am Weidendall bidd en aussergeweinlecht Potential, mat nach
net erkannten Aktiviteits - Meiglechkéten op dem Gebidd vum Naturschutz.
Naturbeobachtung. Bekäschtegung op der Platz. Iwernuechtungen zu Huelmes oder
Schendels! Hien leit iwregens op Staatsterrain, a fuerdert mech eraus hei nach
eng perseinlech Lanz ze briechen, meng Ménung derzou ze soen mat där ech guer
net eleng do stin. Ech well dobei e weineg aus der Schoul schwetzen!
Wei mir an eiser Verénegung ugefangen hun eis mei mat de Planzen ofzegin, hun mir eis och mat der ganzer Problematik ausernén gesât, an sin zu der Iwerzégung komm, dat nemmen mat engem zolitten Wössensbagage, net nemmen op dem Botanesche Gebidd, mé och an der Praxis op dem Terrain hei eppes ze leschte wir. Mat eise Memberen hun mir Joere lang bei eisen Studiefahrten Botanesch Gärt, Privatgärt, Parken. Gärtnereien an Naturschutzgebidder ueschtert t'ganz Welt besicht an hun Kontakter geknäppt. Ennerwé hun mir et geleiert eis vun simplisteschen Idiologien lass ze leisen, déi net réalistesch sin. An Amerika, Kanada, Irland, Schottland, England, Frankreich, Belgien, Holland, Deitschland, Schweiz, Tschechien, Polen an esou guer a China sin mer Gärd besiche gangen an hun eist Wössen onhémlech erweidert.
Wössen ass eng Viraussetzung fir all gudd Arbecht. Mir hun Frëndschaften mat Wössenschaftler a Fachleit gekneppt, an eis Arbechten hun iwerall e groussen Uklang fonnt.....Eng Gaardegesellschaft aus Dänemark huet am Weidendall gesôt an an hirem Rapport geschriwen, dat mir do wirklech e Musterbetrieb hätten an der Zesummenarbecht vum Naturschutz mat Caritas Acceuil.
Haut ass den Nowues an onsem Comité weltweit ennerwé, och fir hiert botanescht Wössen ze erweideren! Den Emile Becker, den Marco Franzen, an den Gilbert Weber, dén sech no senger Pensioun als richtege Wöllplanzen Spezialist entweckelt huet. Mir hun Kontakter opgeholl mat auslännesche Botanesche Gärt, mat Verénegungen, déi an déi selwecht Richtung gin. Enzel Leit hun sech am prakteschen Naturschutz spezialiseiert, t'Madame Delphine Remiche, den Lanners Robert, dén e grengen Daum kritt huet, an dén bâl all Nozucht réusseiert, zemol bei de Farnen. Och den Robert Thorn ass nach onermiddlech derbei mat sengem bâl Universalwössen, a sengen Erfahrungen an gudde Rotschlei. Hien huet zum Beispiel de rarste Far hei am Land, den "Hymenophyllum tunbrigense" dén nemmen op enger enzeger Platz an engem Schloff am Möllerdall virkennt, schon iwer 30 Joer an senger Pfleg, an wann ech dat hei erwähnen, dann hécht dât, et ass wahrscheinlech kén aneren op der ganzer Welt dén déi Léschtung bis elo färdeg bruecht huet! Do ass en profund Afillungsvermögen an t'Liewensuspröch vun enger Planz erfuerdert. A Klammeren weisen ech iwregens dorobber hin, dat hien elo geschwenn en Update fun sengem Buch LES SALAMANDRES eraus ka gin. Ech selwer hun bis elo e puer 100 Osmunda regalis, de Kineksfar, aus de Sporen nogezielt, déi elo a ville Gärd an net nemmen am Weidendall wuessen! Ze bemirken ass dat nemme méi 1 énzeg Platz an eiser Emwelt bekannt ass, wou en nach virkennt.
Fir dei Leit déi eis Kenntnisse an Fähegkéten emmer nach önnerschätzen, well ech mech nach e weineg weider bretzen, dat geheiert jo zu enger kurzgefassten Autobiographie! Folgend Memberschaften hun ech opgeholl, 1955 bei der amerikanescher National Geographic Society a sin et nach emmer. Vun 1972 un sin ech Member vun der Société des Naturalistes a sin an démselwegte Joer Matarbechter fun der NATURA gin. 1979 war ech schon bei der englescher Alpine Garden Society ageschriwen. Dat selwegt Joer sin ech an de Beirôt vun der Gesellschaft der Staudenfreunde an Deitschland genannt gin, vun dér ech virun e puer Joer mam Karl Förster Preis geeiert gi sin, an elo kurz nach eng aner och Göllen Unerkennung kritt hun, fir geléscht Dingschter. 1981 sin ech Member gin vun der Royal Horticultural Society, déi matt iwer 260.000 Memberen weltweit aktiv ass. 1983 bei der Pteridological - eng internatiol Farngesellschaft mat Sötz zu Kew, mat hirer rieseger Sporelöscht, dann an der englescher Iris Gesellschaft. Och an der Schweizer Staudengesellschaft sin ech Member. Nach en etlech aner Gesellschaften lossen ech ewech, déi awer all Afloss haten an nach hun op t'Qualiteit vun eisen prakteschen Naturschutz - Arbechten.
Ech war nie nemme passive Member. Et ass keng Fachpublikatioun an England op de Mart kom, dei ech net kâf, a grendlech studeiert hun. Dat selwecht ass mat deitschen Planzenmonographien geschidd. Ech hun mat munchen Autoren an Editeuren perseinlech ze di gehât, an hun z.B. mam NCCPG, dem National Council for Conservation of Plants and Gardens, hei am Land en aussergeweinlechen Virtrag konnten organiseieren iwer hir Arbecht, déi eis emmer e Virbild bleiwt. Mir hun t'Biographien vun den Plant Hunter gelies, an fir t'Lescht nach dem David Douglas sein Lieweslâf. Hien ass bekannt fir t'Douglas-Dennen. Dei fantastesch Liewensgeschicht, ass émoleg schein a spannend vun eisem Letzeburger Remy Claire geschriwen gin, an franseischer Sproch. Den Douglas war én fun dénen ville Planthunter, déi net nemmen den Botanesche Gärt an Europa zegdausend nei Planzen am gedrechenten Zoustand fir den Herbarium mat hém bruecht huet. Och Sômen an lieweg Planzen waren derbei!
T'Wössen iwer t'Planzewelt ass och an eisem Klub bei eisen Studierésen regelrecht explodeiert! Et muss én dann och esou Sache gelies hun, da kritt én dé richtegen Weit-, oder Duerchbleck, wou eis Planzen hierkommen an wât sech an der Realiteit ronderem eis ofspillt!
Meng Bibliothek ass séier aus allen Neit gebascht an do hun ech bâl 1000 Titelen hei an t'Haus an t'Bibliothek geschenkt!
Vill Leit wössen schon, dât wât ech elo nach beiflecken! Ech geng et ewesch lossen, wann et net zur Explikatioun vun eiser Grondastellung geng beidroen.
Ech wollt nach soen, dat an Metteleuropa während der Eiszeit glad neischt wuesse konnt, an datt awer och all Planzen dei mir haut kennen, agewandert musse sin, iwer t'Loft, an de Fiederen vun de Vullen, iwer t'Fösch (vun dénen all Joeren Dausenden aus dem Ausland importéiert an ausgesât gin), Landdeieren, mam Zuch un de Waggonen, un an och an de Schöffer, de Flieger, nach emmer vun Planthunter, zwar nach vill mei schnell an vill mei emfangreich, wei an der Zeit vun de Kreizzich, oder fun de Völkerwanderungen. Ech kann Iech verroden, dat mat de Bespriechungen vun ca 1000 Fach-Publikatiounen ech darf mengen dat ech au courant sin, wât sech ronderem eis dét.
Ech hassen é Popwuert dat wei e Kriebsgeschwir wuchert, an all dénen Diskussiounen, wou eis Planzen hierkeimen. Do ass a munche Käpp nach eng grouss Bildungslück!
Hätte mir keng Gärt gehât, da wären vill Planzen net do. Firun 500 Joer war et nach net deck hei an Europa. Et bestin Löschten mat nemmen 200 oder 300 Planzen drop. Hätte mir keng Gärtner a Baueren gehât, da wären mir nach arm wéi Japp a gengen Honger leiden. Am Lâf vun den 500 vergangene Joer ass de Planzereichtum an Metteleuropa richteg durchenén geworf gin, a vill Leit wössen net emol, dat t'Sonneblummen aus Amerika kommen. Wat sin dann 2400 registreiert Planzenzorten an eiser europäischer Flora? A wofunner bei eis jiddefalls keng énzeg aus égener Krâft, do ass! Mir kann kén nosoen ech geif spannen, wann ech deser Realiteit an t'An kucken! An de Blue Mountains vun North Carolina sin eleng mei Bâmarten wei a ganz Europa. Wat hun mir dach eng armeseileg Flora, well hei t'natirlech Biergbarrière quiesch von West no Ost verlafen an eng Brems duerstellen fir eng vill méi rasant Entwecklung an eiser Flora. Sie léft an Europa vill mei lues of wèi an Amerika wou t'Birger vun Süd no Nord lâfen an dohannen de Beweis scho lang erbruecht ass, dat déi zeg honnert mol méi Zorten vu Planzen do och alleguerten aus dem Süden eropgewandert sin, oder egal wéi dese Wé vill mei séier gemacht hun!!
De Planzereichtum an Europa ass also nach emmer am Floss sech ze verenneren, sech ze erweideren. Mir kréien, wann t'Klima sech verännert, eng gewalteg Planzevielfalt, dei t'Evolutioun net eleng an der Planzewelt am Gang hält. Et ass onsenneg iwerhapt un eng statesch Situatioun an der europäischer Flora ze denken. T'Natur eleng suergt schon derfir.
Leider huet t'Natur och Reckschlei. T'Liewenskonditiounen stemmen net mei iwerall fir spezialiseiert Planzen, awer et gett Leit, wei bei eis am Klub, déi hun hiert Wössen op dé Punkt bruecht, dén é muss eréchen fir ze wössen wéi én schwiereg Planzen nozillt! An enner watfirengen Bedingungen se am beschten hei wuessen. Vun den Wöllplanzen huet all Land, bedengt duerch t'Sproch an duerch den Nationalismus seng égen Flora - Dokumentatioun, awer t'Planz ass beileiwe keng Letzeburgesch, oder eng Franseisch. Ech perseinlech benotze duerfir leiwer eng Europäesch Flora.
Op dém Gebidd bestin nach vill onrealistesch Virstellungen. Haut wou mer gesin dat all Mensch en Individuum ass, esou sin mer elo geschwenn op dem Punkt ze wössen, dat och all énzel Planz, als en Individuum mat individuelle Merkmaler ze gesin an ze verstoen ass. Schon am Gaard kenne mer esou individuell Differenze feststellen bei eise Gemeisplanzen, dat ass den Evolutiouns Potential.
Nei Egenschaften hun t'Botaniker elo mam genetesche Schlössel erkannt an eis Floren mussen komplett revideiert ze gin. Et ass och noutwendeg hei ze soen, dat och t'Flora vun de Kultur- a Gardeplanzen wössenschaftlech färdeg nidder geschriwen ass gin. 6 bedeitend Bänn sin zu Cambridge, no an no erschengen. "A Manual for the identification of plants cultivated in Europe, both out-of doors and under glass". Ca. 25.000 Taxons gin dodran opgefeiert (also 10 mol méi wéi an der europäescher Flora, die zum Dél och mat dran ass) an kén kann desen Schnellzug ophâlen! Des wössenschaftlech an bedeitend Flora stét eis elo privat zur Verfügung. Domadden eriwregt sech all wéider Diskussioun an deser Richtung.
Verzeiht mer wann ech am Eifer elo bâl e Virtrag hei gehâlen hun, nemmen eppes wollt ech ganz kurz nach mat op de Wé gin. Wat den NCCPG mecht, fir och freier Kulturplanzen, an Gaardeplanzen, déi reng dekorativ oder zu kulinareschen Zwecker gezillt si gin, eiser Nowelt ze erhâlen, hun mir iwerholl, an mir hun domadden en Pensum ugepakt, den net eleng ze bewältegen ass. Mir mussen do zesumme stoen a Prioriteiten schâfen. Mir sinn elo schon 10 Joer am Weidendall am Gang. Wat mir ronderöm eis heieren hun waren net emmer komerodschaftlech Bemierkungen! Nemmen bei dér Arbecht ass neischt Klengkareiertes gefrot. Wössen, an nach emol vill Wössen an eng kloer Asicht an t'Matière.
Et gött kén Zreck mei. A wann mir och elo eréicht an den éischten 10.000 Joer no der leschter Eiszeit sin, an wann des Zwöscheneiszeit sech un t'Statistik hällt, dann dauert et nach 90.000 Joer ir mer nés an déi nächst Eiszeit erakommen. Mir hun nach Villes virun eis. Vun Natur aus göt et also emmer mei warm! An villes wat haut als Fakt durgestallt gett, ass nach kontrovers diskutéiert, an nach lang net bewisen. Normal ass, das eis Emwelt an engem normalen Zyklus mei warm gett an och normal seng Planzenvielfalt dobei changeiert. Ech färten awer net, dat ech emol wösse muss, wei Palmen hei geplanzt gin, awer dei Zeit schengt net aus ze bleiwen! Kucke mer nemme wat mir an eise Kuelegrouwen vu Planzenofdreck fannen, vu Planzen déi an den vireschten Zwöscheneiszeiten hei gewues sin!
Ech prognostizeieren gären, dat wann op émol all déi Milliarde Vullen déi bis elo op hierem Flug no Süden an erem zreck zousätzlech net mei vun de Lukullen, regelrecht gefriess gin, dann brauch én net Prophét ze sin fir dé Potential vun neien Planze Somen ze gesin dei dobei an hieren Fiederen aus dem Süden mat iwer déi kâl Bierger heihinner kommen an eis Flora nach gewalteg veränneren können. Dann huelen ech och nach déi Légiounen vun Globetrotter, déi all Joer, esouguer ongewollt aus der ganzer Welt, an hirem Gezei, un de Schong, an den Hoer, an selbstverständlech och lieweg an der Täsch, allmeiglech Planzen, Somen, Deieren, Bakterien an och Viren mat hém brengen. Dann gesin a verstin ech wat Realiteit ass.
E Gleck, elo sin ech erem bei de Vullen ukom, déi ech brauch vir iwer den Göllenen Regulus, den Dréih zum Enn ze fannen.
Ech wollt zum Schluss nach eppes soen zu Erer leiwer Unerkennung fir meng Arbecht, déi ech nie ouni all déi gudd a begéschtert Frenn färdeg bruecht hätt, an ganz besonnesch hinnen soen ech hei och e grousse Merci. Ech huelen gären des Eierung och an hierem Num an Empfank an délen meng Fréd mat hinnen.
Haut heich geeiert mat engem Göllenen Regulus, göschter mat enger Göllener Unerkennung aus Deitschland, mar wollt ech eigentlech meng Demissioun gin, net well ech schon iwer 60, net allze goldeg Joer aktiv sin, mé well ech geint onverständlech Mössstänn protesteiere wollt.
Ech hun no engem Auswé gesicht. Ech schloen hei fir, mir sollten eis Nim NATURFRENN ëmänneren an SPORTSFRENN. Da klengt eis Sproch mei attraktiv!
Bei esou enger scheiner Neijoeschfeier ass et dann net ubruecht fir am Brulli ze piddelen, dén sech an engem senge "Goal" ugesammelt huet.
T'SPORTSLEID amuseieren eist Vollek jo - an dat ass et firwât mir all Dâg vill Seiten doriwer liesen.
E Göllenen Bulldoozer an t 'Gölle Motorsé sie vergin. Ech well déi net onbedengt spasseg Traditiou'n awer och bei deser Gelegenhét fortsetzen an ech wollt als zukünftige SPORTSFREND fir t'eischt verschiddenen Foulspiller eng kollektiv Giel Kart weisen.
Wann ech mech elo vleicht eppes méi an den Eifer geried hätt, dann hätt ech gleich och déi Rout Kart weise können. Ech hun se bei mir! Déi versuergen ech mer dann fir an e puer Joer!
Vielleicht verstin déi sportlech Hären des sportlech Sproch besser, well an dém Milieu brauch keng Verénegung sech t'Bén stompeg ze lâfen fir iwer Wasser bleiwen ze können.
Also, Dir leif SPORTSFRËNN, bei deser Geléenhét wönschen ech Iech méi e schéint Joer, wéi dat wat hannerun eis leit. Ech soen Iech merci fir t'gedöllecht Nolauschteren.
Henri Regenwetter
Eng Séchen frei iwersat.
Et war emol firun langer, langer Zeit e Kinek an eng Kinigin,
déi hun an engem schéine Schlass gewunnt, awer sie waren net frou. Sie haten
nämlech keng Kanner. An all Dag hun Sie dovunner geschwat a geklot.
Wann mir dach nëmmen e Kand hätten, da kéim erem Fréd an
t’Haus. Sie sin ëmmer méi âl gin an dé schéine Wonsch wollt net an Erföllung
goen.
Enges Dags huet t’Kinigin am Schlassweier gebued an do ass op
émol en decke grenge Fräsch aus dem Wasser an t’Lösche gekroch an sot zu der
Kinigin.
„Ere Wonsch gét an Erföllung. Nach ir dest Joer eriwer
gét ass bei Iech e Médchen op t’Welt kom.
Doriwer war t’Kinigin esou frou, dass sie direkt an t’Schlass
bei de Kinnek gelâf ass fir him déi Nouvelle ze brengen. De Kinnek war och
frou. En huet si gekösst an gesôt: Da musse mer schon elo t’Gäscht ruffen fir
dé schéinen Dag ze feieren. An déi gescheitzte Fraen aus mengem Land mussen do
sin fir schéin Wönsch a Sprech op ze soen. Et soll dé schéinsten Dag gin, dén
hei gefeiert get.
Durch en onglecklechen Zoufall haten sech awer 13 Fraen
ugemellt an de Kinnek hat nëmmen 12 göllen Telleren , wou si sollten drob
iessen. Esou huet dann eng vun hinnen missen ofbestallt gin.
T’Fréd ass ëmmer méi grouss
gin am Sall. An t’Fraen sin allegueren bei t’Wéi gangen
an hun dem klengen Médchen hir Geschenker gerécht an jiddereng huet e
Sprechelchen dobei opgesôt. Déi eng sôt: „t’Kand soll schéin gin.“ Déi aner
sôt: „t’Kand soll maneierlech gin“ an esou firun bis déi 11 Fra hire Wonsch
gesôt hat.
Op émol ass t’Dir opgangen an eran koum déi Frâ déi hätt
missen dohèm bleiwen. A well sie zefill béis war doriwer an dénen aneren déi
Fréd net konnt vergonnen, huet se rosen an de Sall geruff: „Ech wöll iech mein
Wonsch och soen. Wann t’Médchen 15 Joer âl ass dann soll et sech mat enger
Spendelnol an de Fanger stiechen an dout op de Buedem emfâlen.“
Ouni weider e Wuert ze soen huet si sech emgedréint an ass
fortgangen.
T’Leit waren all erféiert iwer hir Wierder, awer déi zwieleft
Fra déi hire Sprechelchen nach net opgesôt hat, ass séier bei t’Wéi gelâf an
huet geruff: Nén, et soll net stirwen. Wann schon esou eppes muss gescheien,
dann soll t’Prinzessin honnert Joer lang an en déiwe Schlof falen, an vun engem
Prënz erléist gin.
T’Leit woren alleguerten esou traureg an de Kinnek sôt:
„Neischt darf gescheien. Mar gin all Spendelen an mengem Land zesummen gedroen
an gin verbrannt. Wann dann nach én eng Spendel huet da gëtt hien bestroft.
An esou ass et geschitt.
Am Lâf vun de Joeren sinn all déi fromm Wönsch vun déne gescheite
Fraen an Erföllung gangen. T’Kand ass schéin gin, et hât eng léiw Stömm et war
frendlech a verstänneg an jidderén dén et bekuckt huet ass frou mat him
gin.
Dén Dag awer wou t’Kand seng 15 Joer sollt kréien war de
Kinnek an t’Kinnigin net am Schlass an t’Kand war ganz verlossen an eleng. Et
ass alt dorëmmer kucke gangen, an t’Kummeren, op de Speicher, esou wéi et him
gefall huet. Esou ass et och t’Wendeltrap erop geklommen bis an den Turm.
T’Fliedermeis sin dorëmmer geflun an iwerall waren Spawecken un de Maueren.
Ganz am Eck vun dem Turm war eng kleng Dir. Op der Dir stuch en ale
verachteschte Schlössel an dé Moment wo t’Kand wollt de Schlössel emdreinen,
ass t’Dir grouss opgangen an t’Médchen huet an eng Stiffchen era gesin, wou eng
al Frau mat enger Spendel gesponnen huet.
„Moien Mimmchen, wat macht Dir do?“
„Ech spannen“ huet t’Mimmchen geäntwert, an huet iwer de Bröll
gekuckt, fir dat scheint Médchen ze bewonneren.
„Wat huet Dir dann do fir eng komesch Sach, déi esou flott hin
an hir sprengt?“ huet t’Médchen gefrot an greift no der Spendel, fir se vu méi
no ze kucken. Et hat awer t’Spendel nëmmen ze bereieren kritt do ass den
Zaubersproch schon an Erföllung gangen, an hat huet sech an de Fanger gestach.
An dem Ableck wou et gespirt huet dat et sech gepickt hat, do
ass et op t’Bett gefall an huet déif geschlof.
T’Ganz Schlass huet op emol ugefangen ze schlofen. Den Jinek
an t’Kiniging, déi grad hém kom waren, t’Dinger an t’Kummermédercher. T’Pärd am
Haff an am Stall sin entschlof, t’Honn ënnert der Breck, t’Dauwen op dem Dach,
t’Mecken un de Maueren, jo esou guer t’Feier ass lues a lues mei kleng gin an
huet och geschlof. De Brod am Döppen huet opgehalen ze brutzelen an de Kach dén
dem Kichejong just eng an t’Leiskaul wollt dicksen ass mat senger Hand an der
Lucht entschlof. De Wand ass enner t’Blieder gekoch an huet gedrémt. T’Bém an
t’Hecken an alles wat am Park gewues ass huet ugefangen ze drémen.
Ronderöm t’Schlass ass eng Därenheck gewues, all Joer méi
héich bis si op émol iwer den Dach an esou guer iwer de Fendel ewech gewues
war. Neischt war méi vun dem Schlass ze gesin an geschwönn ass t’Séchen
durch t’Land gangen vun dem Heckeréischen, dem schéine Kinnekskand dat an
sengem Papp sengem Schlass entschlof wir an mist erléist gin.
Vun Zeit zu Zeit sin t’Kinneksjongen vun de Schlässer aus den
Nopeschlänner erbeigezun an hun probéiert fir t’Heckeréischen ze erléisen. Awer
alleguerten hun se missen hirt Probéieren opgin, Wann se ugefangen haten
fir e Wé durch t’Heck ze schneiden dann sin t’Där ëmmer méi séier nogewues, wéi
sie se ewech gehae kruten. T’Heck ass mat de Joeren ëmmer méi deck an ëmmer méi
dicht gin. Kengem ass et gegleckt bis an de Schlasshaff eran ze kommen. Ëmmer
hun se missen erem vu viren ufänken an dat wor jidderengem zevill Arbecht.
No lange Joeren awer koum et engem Kinnek sengem Jong zu
Oueren dat t’Heckeréischen nach ëmmer net erléist wir. Hien sot zu sengem Papp.
Ech gin t’Prinzessin erléisen well ech géif sie gären bestueden. De Kinnek huet
zu him gesot: „Mei léiwe Jong, wanns du net bei der Arbecht aushälls, dann huet
et guer ké Wert iwerhâpt ze probéieren.“
„Mei léiwe Papp, ech wëll dat! Ech huelen all meng
Denger mat an meng gudd Axt, an all Heckscheiere aus dem ganze Land. Ech muss
t’Heckeréischen erléisen.“
Et waren awer grad 100 Joer eriwer gangen, wéi den Prënz mat
all sengen Dinger am Heckeréischen sei Land kom ass fir t’Prinzessin aus dem
Schlof ze erwächen.
Wéi hien mat senger Axt ugefangen huet an t’Heck ze haen, do
sin t’Där an t’Äscht dorëmmer geflun ewéi Huwelspéin.
Op émol huet t’Heck ugefangen ze bléien an dem Prënz sein Mut
ass ëmmer méi grouss gin, well hien gesin huet dat hien schon e Steck Wé durch
t’Heck geschloen hat an se net méi zougewues ass. Ëmmer méi lang ass de Wé gin
an op émol gét de Rescht vun der Heck vum selwen wéi eng Pard op an
de Prënz ass an t’Schlass era gelét gin fir t’Heckeréischen ze
erléisen.
Am Haf hun t^Pärd déi nach un t’Kutsch gespannt waren
gewiehert an hun mat de Feiss geschärt. T’Hönn sin voller Fréd ronderem de
Prënz gesprongen. Um Dach hun t’Dauwen t’Käpp önner de Flichlecken erausgeholl
an hun sech gestreckt fir erof ze kucken.
Am Schlass sin t’Mecken un de Maueren eröm erwächt, de Kach huet dem
Kichejong eng an t’Leiskaul gin an t’Mod huet t’Hinger firun geplömmt wéi wann
neischt geschitt gewiescht wir.
Am grousse Sall soutzen dem Kinnek seng Dinger nach ze
schlofen, an de Kinnek an t’Kinnigin hun um Troun geschnarcht.
Wéi de Prënz durch all Zömmer gerannt ass an hien
t’Heckeréischen net fonnt huet, do ass en traureg gin an wollt an den Turm
kreische goen.
Kaum wor hien awer an der Stiffchen, do huet hien
t’Heckeréischen um Bett gesin leien an hien huet sech geflass fir bei et ze
kommen an et ze gesin.
Hat lueg do esou schéin am Schlof an de Prënz konnt sech net
enthalen fir him direkt eng Bös ze gin. Wéi hien t’Heckréischen beréiert hat,
do ass hat erwächt an et huet de Prënz mat sengen schéinen An bewonnert an huet
gelacht. Huerteg ass et aus dem Bett gesprongen, huet sein Erléiser bei der
Hand geholl an do sin si zesummen an de grousse Sall gerannt, wou de Kinnek
sech grad gestreckt huet.
An der Kichen sin t’Mecken schon eröm geflunn, de Brod am
Döppen huet eröm gebrutzelt an de Kichejong huet sech an en Eck verkroch an
huet seng Leiskaul gefillt.
Gleich drop gouf Houchzeit gefeiert, mat allem Drëm an Drun, a
wann se net gestuerwe sin, da liewen se nach haut.
30.1.1960
+++++
vun H. Reger
Ech erwechen. Wei drolech ass dat? Ech hun
gedrémt meng Frâ steng niewent mir, erwecht mech an rost iwer mech:
"Verschlof dach deng Zeit net. Den Editeur wart op dein Roman aus der
Minière."
Ech furen an t'Lucht a kucken ronderem
mech. Et ass deischter,
naass a kaal. Herrgott wou leien ech nëmmen? Ech
stoussen mat der Stir widder eppes Hardes. Endlech elo sin ech am Bild. Ech hun
fest geschlof gehât. Elo wéss ech Beschéd. Ech sin jo guer net dohém a mengem
Bett. Ech sin jo ganz déif ennen an engem Stollen vun der Minière. Ech sëtzen
mech elo mol riecht dohinner an denken no.
Eigentlech war ech fuerchtbar domm, datt
ech geschter owend hémlech eleng an der Minière bliwe sin.
Ech wollt emol eng Keier wessen wât
d'Angscht wir, ech wéss et elo. Ech hiewe mech a lauschteren. Ronderem ass et
ganz roueg. Ech sin an der Nuecht ganz eleng duerch de Stollen geschratt, do
sin ech op émol vun Middegkét entschlof.
Ech wéss wirklech net aus wât firenger Richtung
ech kom sin. Et ass gezielt gin dat et Stollen get an dénen net mei geschaft
get an dèi sech Stonne weit enner dem Buedem hinzeien. An dësen? Hien schengt
schon op ville Platzen agefall an och zougeschott. Dësen ass secher och net mei
a Betrieb.
Wuerfir sin ech dann eigentlech hei am
Deischteren?
Ech hat dach eng Karbidsluecht bei mir.
Ech wéss net, ech sin haut esou verkuerbelt. Ech freieren, mei Kierper ass wie
geriedert. Ech hu mech haut bestömmt erkâlt. Ech muss fort vun hei, eraus!
Ech taschten no mengem Gäppchen, machen
den Wasserkrunn op a wöll t'Ficksfeier aus menger Täsch huelen. Awer wou ass
et? Ech fannen et net. Soll ech et vleicht verluer hun? Da muss et alt ouni
Luecht goen. Ech dreinen de Wasserkrinnchen erem seier zou. De Karbid zischt
nach virun. Ech taschte mech weider. Eng kâl Angscht klemmt lanscht mech erop.
Et muss dach elo scho geschaft gin. Wuerfir heieren ech et net? Uewen stoussen
ech un Zacken an op der Seit och un nass a spatz Maueren. Elo ass se do,
t'Angscht, wien wéss wou ech mech verirt hun, wien wéss et?
De Buedem ennert menge Feiss hällt op. Ech
jeitzen esou hart ech kann, greifen mat den Hänn an t'Lucht a fâlen, fâlen.
Ech erwechen haut fir t'zwét. Oder ass et
iwerhâpt de selwechten Dâg? Ech leien an engem proppere Bett. Ech gesin direkt
dass ech an engem Zömmer vun engem Spidol sin. Ech hun alles weih. Ech mengen
ech hun Feiwer. Roderöm mech stét alles wie an engem Schleier.
Bei der Fönster stét t'Krankeschwester an
hanteiert un eppes. Ech muss mech bewegt hun, well elo dréint sie sech ëm. Et
ass eng schein, jonk a frendlech Schwester. Aha, elo lacht sie mir.
"Gudde Muerjen Här Direkter."
Ech verstin neischt. Nén dat elo verstin
ech nu guer net, et ass komesch an ech frôt: "Wouhir dann Direkter?"
Elo erschrecken ech ereicht richteg, meng
Stömm klengt wie verraschtene Blech. Sie ass ganz hés an esou guer mir ganz
friem.
T'Schwester huet et vleicht net gemierkt.
T'Dir ass opgangen an eran könnt e Mann an engem weisse Kiddel. Et wärt den
Dokter sin. T'Schwester gét him entgeint.
"Den Här Direkter ass erwächt".
"Dat ass schein, Här Direkter
Dumont."
Hien kënnt bei mech a pakt meng Hand un.
"Wou konnt dir nëmmen esou onvirsichteg sin. En Zoufall huet gerwollt, dass
et esou gudd ausgangen ass, mir wossten jo net dat dir schon aus Bern erem
wirt."
Ech hun hien ganz verwonnert ugekuckt a
sôt: "Dir irt iech, Doktor, ech sin dach net Direkter."
Meng Stömm war schuddereg an d'Schwetzen
ass mir schweier gefall.
"Wat sidd dir dann aneschter, Här
Dumont."
"Ech héchen jo guer net Dumont."
"Wei dann?"
"Ma ech sin dach de Schrëftsteller
Henri Reger."
Do lachen die Zwein, dat et mech scho bâl
rose gemach huet.
"Ah sou Här Direkter, dir sitt also
den Henri Reger? Den Autör fun dénen berühmten Abenteuer Romanen?"
En ass erem éscht gin, fillt mein Bols,
wenkt der Schwester mam Kapp a firt firun: "Da musse mir emol ganz roueg
leie bleiwen Här Henri Reger. Dir kritt e klengt Berouegungsmettel an da
schloft dir ganz lang an da kommt dir eröm ganz an d’Reih."
En huet mir nach eng Keier mam Kapp
gewenkt, an du ass en aus gangen.
Ech wéss net, et wor esou eppes Droleches
an senger Stemm. Ech konnt net begreifen woufir ech e Berouegungsmettel sollt
kreien. Ech wéss net mei wou mei Kapp mir stét.
"Schwester, wéss meng Frâ eppes fun
deser Geschicht hei?"
D'Schwester ass rou't am Gesicht gin, an
si sot hallef schei: "Awer Här Direkter, dir huet jo guer keng Frâ."
Dat ass mir awer elo ze bonnt gin, t'ass mir
schon esou lues op de Sous gangen.
"Ma dir wösst dach dat ech den
Schreftstelle Henri Reger sin!"
Si ass erschreckt iwer meng Oprégung a
pâkt mech ganz gemiddlech beim Arm a sét: "Entschöllegt, wann ech gelifft,
Här Henri Reger!"
D'war eng ganz flenk Persou'n. Ech hat
guer net gemierkt dat sie t'Spretz schon an der Hand hat, an ouni dat ech mech
konnt wieren, do hat sie mir se schon gesât.
Sie ass ausgangen. Kurz drop sinn ech ganz
verkuerbelt gin, an.....?
Ech erwechen haut schon fir t'drëtt.
Et ass owend. Ech sin eleng an mengem
Zömmer, et ass ganz gemiddlech. Ech hun gudd geschlof gehat. Mei Kapp war erem
kloer. Meng Peng huet och nogeloss. De Kapp an t'Hänn hun ech awer nach
verbonnen, meng Wonnen konnten awer net schlöm sin well si hun mech net
gepengecht. Elo sin zwein Hären era kom mat der Schwester. Dén én ass en âle
Man mat groen Hoer, et ass wahrscheinlech den Direkter vum Spidol hei, dat
anert ass den Dokter vun haut de Mueren. Den âlen Här bekuckt mech a lacht mer
frendlech, durno récht hien mer d'Hand a sét: "A soss Här Direkter, si mer
erem gesonnt a monter?"
"Mais".
Hien ennerbrecht mech a sét: "Dir
kennt vun Gleck schwetzen dat et net mei schlëmm gangen ass."
"Entschellegt, ech hun de Mueren
ereicht gesot, dat Iech en Irtum ënnerlaf ass."
"Wat firén Irtum?"
"Ech sin de Schrëftsteller Henri
Reger!"
"Gesidd dir Här Professor!"
Elo wosst ech also, datt den Här e
Professor wir. Dén huet sech op mei Bett gesat a sot ganz gemittelech: "Ma
sot emol Här Dumont, wei kommt dir iwerhâpt op de Gedanken dir wirt den Henri
Reger?"
Ech sin emmer mei opgeregt gin.
"Här Professor, ech wärt dach secher
wössen wien ech sin!"
"Natirlech! Ma wösst dir dann och wou
dir fonnt gin sitt?"
"Wahrscheinlech an irgend engem Lach,
ganz ennen an der Minière."
"Dat stemmt, ma wei sidd dir dann do
eranner kom?"
"Dat ass ganz einfach. Ech wéss net
op Dir meng Romane kennt. Ech sin nämlech elo én am Gang ze schreiwen, dén sech
an enger Minière ofspillt. An do hat ech de Wonsch eng Nuecht eleng doennen ze
bleiwen."
"A sou, ma wei sidd dir dann
doeranner komm.?"
"Ech wollt fir t'eischt den Här
Direkter vun der Minière em Erlabnis froen, an do hun ech heieren dat hien an
t'Ausland verrést wir. Do sin ech gewuer gin dat eng Zuel Studenten aus der
Schweiz an t'Minière afuere wöllten. Ech hun zoufälleg an demselwegten Hotel
gewunnt, hei an Esch, an du sin ech ouni bemierkt ze gin, mat der Gesellschaft
an de Bierg gefur, well 48 Leit gemellt wore gin, an der nemmen 46 um
Rendez-vous waren. Ganz önnen, hun ech mech dann vun den Studenten
getrennt an hun mech an engem Seitestollen verstoppt. A well ech mer virstellen
kann dat net nogezielt ass gin beim Rausfueren, konnt ech eng Nuecht am Bierg
bleiwen."
De Professer huet all dat wat ech him do
erzielt hun ganz andächteg nogelauschtert:" Dat ass jo eng ganz drolech
Geschicht. A wat fir engem Hotel huet dir da gewunnt?"
"Am Hotel Cresto."
De Professer wennt sech un den Dokter a sét:
"Sot emol Colleg, ech liesen jo ganz sélen e Roman, awer mir kennt et fir
wie wann ech schon irgendwou esou eppes gelies hätt."
Ech hun gelacht. "T'ass richteg Här
Professer, ech hun nämlech schon eng Keier eng ganz ähnlech Geschicht
geschriwen. Sou kennt et dass mir aner heiensdo op de Gedanke kommen dât ze
erliewen, wât mir schreiwe wöllen."
De Professer ass erem éscht gin.
"Dir bleiwt also derbei dat dir den
Henri Reger sidd?"
"Ma sëcher!"
"Dat ass jo ganz einfach, mir froen emol
am Hotel Cresto op dir do gewiescht sidd. Sie mussen iech jo dann kennen."
"Ma ech bieden iech esou guer drem,
datt ech emol net eischter dorunner geduecht hun."
Den Dokter ass aus gangen, an de Professer
huet mat der Schwester geschwat. Gleich drop koum den Dokter erem eran.
"An? An? Wie ass et dann elo, hat ech
dann elo recht?"
"En Här Henri Reger ass nie am Hotel
Cresto gewiescht. Hënnt huet nemmen e Marcel Schmit do gewunnt an hien huet
sech bis elo nach net hei am Haus gewiesen."
"Richteg, ech hat mech als Marcel
Schmit an t'Friemebuch aschreiwe geloss. Dir musst dat gudd verstoen. Als
Schreftsteller huet én net gären direkt t'Reporter um Pelz."
"A sou, hm,
tja, hm!"
De Professer huet mech scharf ugekuckt an
du huet hien mat der Schwester geschwat.
"Mir mussem dem gudde Mann haut nach
eng Pikür gin, dass e roueg schleift."
Ech richten mech op an mengem Bett.
"Ech wöll keng Pikür mei. Ech sin dach bei klorem Verstand an ganz gesond.
Ech verlangen dat dir dat gléwt. Ech gesin dat dir et net macht."
De Professor huet de Kapp gereselt.
"Ert Behuelen weist dat dir net roueg
sitt. Dir muss hënnt nach gudd schlofen."
Ech hun direkt a seier iwerluecht a sôt:
"Ech sin wirklech midd. Ech wärt schon schlofen."
"Awuer an gudde Nuecht, bis mar
dann."
En huet der Schwester nach eppes
zougepespert, an du sinn si ausgangen. Ech wollt net mei entschlof gin, an
dofir hun ech beschloss ganz roueg ze bleiwen an dann geif ech fleicht mar de
Mueren entloss. T'Schwester huet mer nach eppes ze iesse gin. Ech hat de geien
Honger.
Dei Sach huet awer esou lues ugefangen mir
Spass ze machen. Firun der Dir hun ech Stömmen heieren. Ech hat mer virgeholl
op alle Fall wakreg ze sin an och ze bleiwen.
T'Schwester an de Professor sin era kom.
Ech hun t'Aen zougemach, grat wie wann ech geng schlofen. Ech hun gefillt wie
sech de Professor iwer mech gebeckt huet, an mei Bols gezielt huet. An du sot
en: "Et schengt wie wann en awer frei vun Feiwer wir."
T'Schwester sôt: "Wei kann nemmen
esou eppes meiglech sin? Vleicht eng Gehirerschütterung?"
T'Äntwert war gepespert: "Wann en
ausgeschlof huet, ass en erëm an der Reih."
En ass ausgangen an t'Schwester huet sech bei
t'Fenster gesat. Ech wollt nëmmen keng Spretz kreien duerfir hun ech mech roueg
verhâlen. Ewell alleguer hun se behâpt ech wir den Dumont. Gleichen ech dém
fleicht? Ech hun ganz e weineg geschlof an der Nuecht, well ech t'Schwester
beobachte wollt.
Haut de Mueren sin t'Dokteren erem komm.
"Erem gesonnt a monter?"
"Ganz"
"Ech mengen Dir könnt haut erem op
Äre Büro goen."
"Jo ech wöll um 10 Auer
verrésen."
"Verrésen, wouhinner dann?"
"Op Capellen"
"Wat huet dir dann nach zu Capellen ze
erledegen?"
"Ma ech hun do dach meng Villa!"
Den Dokter pëspert: "Den
Schrëftseller Henri Reger ass firu kurzem op Capellen wunne gangen."
"Allez hopp, sitt verstänneg, ech sin
den Henri Reger."
T'Dir ass opgangen, an e Mann ass era kom,
dén fum Professer als Ingenieur begreist ass gin.
"Gudde Muergen Här Dumont."
"Wât hécht dat da schon erëm ?"
"Wéi war et dann zu Bern. Ass alles
an t'Rei gangen. Wat hutt Dir dann eigentlech am Bierg gemacht?"
Dat doen ass mir scho bâl ze bonnt gin:
"Dir leiw Hären, ech muss iech soen, dat dir iech irt. Ech wöll op der
Platz hei entloss gin oder ech ruffen t'Poliss. Ech sin den Henri Reger. Ech
kenne kén Dumont. Ech si gesond. Dir macht mir meng Nerve hei futti!"
Ech hat vergiess dat t'Schwester am Zömmer
war an ech wollt schon aus dem Bett sprangen. Di zwéin Dokteren hun mech
festgehâlen, an den Ingenieur sôt ganz traureg: "Dén armen Här Dumont! Elo
ass hien ganz duerenén!"
Ganz roueg sôt ech: "Dir leiw Hären,
esou komme mir net weider, ech kann jo net zougin dat ech ëmmech wär, dén ech
guer net kennen. Et gett dach nach Mettel fir ze beweisen wien ech sin. Ech hun
allerdings op des kleng Rés keng Pobeieren matgeholl. Faxt menger Frâ, déi
wahrscheinlech elo nach zu Pareis am Hotel du Printemps ass, well sie huet meng
Pobeier nach an hirer Posch. Sot hir sie soll direkt heihinner kommen. Dann
faxt Dir op Bern fir mat dem richtegen Direkter ze schwätzen. Et ass schued dat
ech kén Ofdrock vun mengem Daum hun fir mat sengem ze vergleichen!
T'Hären hun emol komesch aus der Wäsch
gekuckt an du sot den Ingenieur: "Ma esou en Ofdrock ass do. Dir
wesst jo dass t'Poliss nobei ass an och an eiser Gesellschaft gin
Fangerofdreck geholl, wann mir én astellen, fir dat mir t'Leid erem kännen,
wann se verschott gin."
Ech si rose gin a jeitzen:
"Himmelbombenelement, ech sin jo niemols an är Gesellschaft
agetratt."
De Professor huet mech bâl gefriess wei
hien och gejaut huet:" Wann dir net roeg sidd dann musse mir iech erem eng
Pikür machen."
"Ech si jo schon erem ganz
roueg."
Si woren zefridden. "Abbé gudd mir
machen alles wat dir wöllt. Mir Faxen Ärer Fra, wei dir sot. Wellt dir ons
verspriechen iech ganz roueg ze verhâlen."
Ech hun gesin datt mir wieder neischt
iwreg bleiwt a soen:" Menget wegen."
E ganzen Dag ass eriwer gangen. Ech hun
kén Wuert geschwât, an déi verschidden Schwesteren hun mech gudd
serveiert. Endlech ass net eiweg. Do koumen déi zwéin Dokteren, an den
Ingenieur eran an de Professor sot: "t'Madame Reger ass ukom."
Mir fällt e Stén fum Härz: "Wou ass
se dann?"
T'Dir ass opgangen an eran könnt eng Frâ
am Réskléd. Et war guer net mein Jeanny, awer eng schlank blond Persoun, mat
engem éschte Gesicht.
"Kennt dir dén Här hei?"
"Dat do ass jo guer net meng Frâ, dat
ass jo eng Hondsfriem!"
"Sidd Dir t'Madame Reger?"
"Jeanny Reger!"
"Huet dir och Pobeieren bei
iech?"
"Wann ech gelifft." Sie weist
hinnen de Pass. Et wor just dé selweschte den ech menger Fra virun enger Woch
mache geloss hun. Ech hun en un dem grousse roude Fleck erkannt, well en op dem
Stempelkösse geléen huet.
Den Ingénieur liest: "Jeanny Reger,
gebueren Weller, bestuet, gebuer den 13.10.1972 zu Arel, wunnt bei Capellen, an
der Villa Bel'Air.
Ganz opgeregt sôt ech: "Darf ech déi Pobeieren
gesin."
"Wann ech gelifft", sét den
éleren Här gereizt an e récht mir de Pass.
"Dir Hären, hei ass eng Fälschung
oder e Verbriechen virkom. Des
Persoun ass guer net meng Fra."
"Erlâbt iech awer keng
Frechhéten." Ass t'Frâ lass gefuer. Awer de Professer huet hir eppes an
t'O'er gepespert. Bestemmt sot en hier, dat ech verreckt wir. Ech konnt mir
awer net mei höllefen wéi se soten: "Mir hun en Telegramm aus dem
Schweizer Hotel kritt, dat dir virun 4 Dég do fort gefuer sitt. An nach mei,
mir sin fun den Noper gewuer gin dat dir eng Stonn ir dir an t'Minière agefuer
sidd nach dohém wart."
De Professor ass dem Dokter an t'Ried
gefall a frôt t'Frâ: "Wou ass den Här Henri Reger, dann momentan?"
"Ma dohém an eiser Villa Bel Air zu
Capellen."
T'Kreiche koum mer bâl. "Wou ass den
Ofdrock vun mengem Daum dann?"
Den Ingenieur sôt:" Dén hun ech och
komme geloss, nëmmen dé kenne mir net kontrolléiren, well dir ären Daum
blesseiert hut."
No enger klenger Iwerléung koum mir dann
du e Gedanken. Ech sôt:" Darf ech mam Ingenieur eleng schwätzen?"
"Jo, mir bleiwen awer hei
banne." Sôt den Professer.
Ech hun si awer esou weit kritt, dat sie
ausgangen sin. Mir zwein waren ganz eleng. Ech wollt e Moment him virschloen
dat dei Frâ hinnen soll soen wou ech mein Muttermal hätt, awer dann hätt ech
mech missen ausdoen. Ech hun mech geneiert. "Här Ingenieur, ech schwieren,
ech sin den Henri Reger. Gléft mer et dach!"
Den Ingenieur war erfeiert, pâkt mech matt
zwein Hänn fest un a sét:" Leiwen Här Dumont, kommt dach zou iech. Dir
wösst dach dat mir iech brauchen. Mir können iech net verleieren."
Ech hun agesin, dat mat dém neischt
unzefänke war.
"Losst mech emol eleng, ech wöll
schlofen...."
Hien ass ausgangen. Elo war ech emol
richteg eleng. Ech iwerléen mir emol de Fall. Hei muss net nëmmen eng
Ähnlechkét virleien, mais och irgend e Vebriechen. Mat Gewallt ass neischt ze
machen. Ech hun décideiert fir des Nuecht nach richteg gudd ze schlofen an dann
ze iwerléen.
Wei ech erwächen do gesin ech dat ech an
engem ganz aneren Zömmer sin. Trueljen virun der Fenster. Am Eck setzt e
Wieschter am weisse Kiddel. Wei hien gesin huet dat ech erwecht sin, do ass en
aus gangen an huet mir eppes z'Iesse bruecht. Ech hun giess an nogeduecht. Eng
Stonn mei speit koum de Professer, mat engem Nervendokter eran.
"Gudde Muergen, wei gét et dann hei?
Wösst dir dann elo endlech wien dir sidd?"
"A wé mengt dir dann dén ech
wär?"
"Ma den Här Direkter Dumont"
"Da wärt ech dén jo alt sin, wann dir
dat esou sot!"
De Professer muss lachen. Hien äntwert
erlieschtert; "Dott sei Dank, da sitt dir elo erem op der Keier!"
"Ganz."
"Wöllt dir dann elo eppes
schaffen?"
"Jo, ech wöll esou seier wéi méiglech
an de Büro! Wat ass dann eigentlech lass? War ech krank? Wat firén Dag hun mir
dann eigentlech haut?"
"Samschdeg, Här Dumont."
"Dat ass awer drolech ech sin dach en
Denschdeg hei ukom. Et ass mir grad wie wann ech déi ganzen Zeit gedrémt
hätt."
" Wât hudd der dann gedrémt?"
"Ma ech hu gedrémt ech wir den
Schreftstelle Henri Reger, der Deiwel huel déi Romaner." Sie hun
alleguerte gelacht.
"Darf ech opstoen?"
"Ma gewëss!"
"An och an de Büro goen?"
"Selbstverständlech!"
Elo ass et mer ereicht beigefall, dat ech
mein Schaffkostüm ugedoen hat an dat déi aner Kléder nach am Hotel Cresto
waren. Fänken ech elo awer erem un vom Hotel Cresto ze schwetzen, dann ass et
erem aus.
"A meng Sâchen?" Frot ech du
ganz luesseg.
"Äre Chauffeur kent elo gleich
domadden, mir hun schon virgesuergt!"
Dat war gudd, well ech wosst je guer net
wou dé Büro wir, an dann wär ech erem eragefall. Zeng Minutte sin erem gangen
du koum de Chauffeur.
Ech hâr jo keng Ahung wei de Mann héche
geng an hien huet mech och gemoschtert an du sot hien. "Awer Här Direkter,
wat sidd dir changeiert, dir sidd jo op émol vill mei goereg gin!"
Ech wollt de Mann ëmärbelen, hien ass den
Eichten dén gezweifelt huet un sengem Direkter senger Echthét. Awer ech well
fort fun hei. Wann et dann dach un der Dâglicht keim, dat ech den Direkter net
sin, dann hätte se mir och nach net gegléwt dat ech den Henri Reger sin. Ech
sot zum Chauffeur: "Ech war zimlech krank, méi léiwe Fritz." Ech hun
drop gebaut dat hien esou geng héchen well an de Romaner d'Chauffeure bâl emmer
Fritz héchen. Hien höllt mech awer erem an sét: "Gusti, Här Direkter. Nach
emmer Gusti. De Fritz dat war mein Virgänger!"
"Natirlech, Gusti."
De Mann huet de Kapp geresselt: "Ech
brengen iech dé brongen Kostum aus dem Büro, Här Direkter."
"Merci Gusti, dât huet Dir gudd
gemâcht."
Elo hun ech awer bestëmmt e Verbriechen
begangen, well ech hun de Costume ugedoen, grad wie wann et mein wir, an hien
huet mir gepasst.
De Gusti huet op geotemt:" Elo kännen
ech iech erréicht erëm, Här Direkter." Nëmmen hien ass viru gefuer:
"Wou ass dann Är göllen Auer?"
Wat sollt ech äntwerten: "Déi wärt
mir wuel gestuel gi sin oder se leit irgendwou an der Minière!"
"An den Diamante Réng?"
"Och gestuel."
Hien gow emmer mei niddergeschloen:
"An Äre portefeuille?"
"Alles ass fort!"
Et ass mir ëmmer mei witzeg gin, an ech
hun mech ëmmer méi iwer sein verzweiwelt Gesicht gefrét.
"Här Direkter, wat ass iech dann
eigentlech geschitt?"
"Eppes ganz droleches, Fritz."
"Gusti, Här Direkter, nach emmer
Gusti!"
Ech hun hien net bekuckt an hien huet
d'Dir op gemacht. Am Korridor huet den Här Professor op mech gewart an hien
huet eis bis op t'Stross begléd.
"Ech sin richteg fro dat dir erem aus
dem Spidol eraus kennt goen."
"Ech och".
Ech kucken nach eng Keier zreck op dei
vergittert Fensteren an dann fällt mir e Stén vum Härz.
Op der Stross wollt de Gusti e puer
Schreck hanner mir bleiwen. Dat gong jo net well ech jo net wosst bei wat firén
Auto ech sollt goen. Fortlâfen war hei nach onmeiglech.
Ech hun ugefangen ze hippen.
"Gusti, wann der mech wöllt steipen,
ech kann nach net gudd goen."
Ech muss agestoen wei fro' dat ech war,
dat t'Leit -ech hu jo kén kannt- stoe bliwe sin an sie mir Moie gesôt hun.
De Büro war eppes wonnerbares. Déi
Ugestallt stungen Spaleier am Gank. An ech hun missen jidderengem t'Hand gin.
En éleren Här ass mir entgeint kom, ech hu schon gefart hien hätt mech erkannt,
nëmmen hien huet mir eng Mapp gerécht.
"Hei ass t'Post, et sin Sâche derbei
déi presséieren!"
"Lost mech emol gemälleg drun goen.
Kommt an 2 Stonnen erëm."
Mein Sekretär, hien konnt nëmmen esou
eppes sin, huet mech erschreckt gekuckt. Elo muss ech schon mein eischte Fehler
gemach hun. Dén aneren Ech, dén huet fleicht alles ëmmer direkt erledegt. De
Gusti huet mech awer aus der Patsch gerappt. Hien huet dem Sekretär an t'Ouer
gepespert, dat ech et awer heieren hun. "Den Här Direkter ass nach
beniwelt."
"Här Direkter, hei ass och dén neien
digitalen Telefon, den mer bestallt hâten, ir dir op Bern gefuer sidd."
Si sin allebeid ausgangen an ech hun t'Dir
zougemach. Et war ganz gemiddlech hei bannen. Um Dösch stung Asti Spumante, dén
ech direkt eraus geschott an ugesât hun. Ech hun mir direkt och eng CD-Zigarr
an de Bâk gestach. Fir t'éischt elo e Plang entwerfen, esou duecht ech, wéi ech
hei eraus kommen. Mei Bleck fällt op dén neien Telefon. De Plang war séier
färdeg. Mein Herz huet geklappt vun Oprégung. Ech huelen den Hörer erof.
"Allo Zentral"
"Hei ass t’Zentral, hei sin
Techniker. Dir könnt direkt wielen Här Direkter. Alles ass schon
ugeschloss."
433299 drecken ech op de Knäppercher. Dat
ass meng Haustelefonsnummer zu Capellen. Ech hun gezidderd an konnt den Hörer
knaps hâlen.
"Allo hei ass bei Henri Reger."
Elo hat ech erreicht richtege Grond fir ze
erfeieren. Firwât telefoneieren ech dann eigentlech op Capellen. Wat wollt ech
dann do machen? Meng Frâ an ech sin op t'Rés gangen nodém mer déi nei Villa kâf
an nach juste era geplönnert waren. No mengen Berechnungen hätt jo eigentlech
kén därfen an der Villa sin. Vleicht war et awer och schon eis nei Botzfra déi
meng Frâ vleicht schon engageiert hat. Ech huelen all mein Courage zesummen a
froen: "Ass den Här Henri Reger dohém?"
"Jo, wöllt Dir mat him
schwetzen?"
Ech kreien e Schock. „Waat gelift?"
Drolech t'Médchen huet meng daddereg Stemm
verstanen. Gleich drop heieren ech eng kräfteg Männerstömm.
"Hei Reger!"
"Hei och!"
Et war mir esou bouffdeg erausgerutscht.
Ech wosst dat et Blödsin war, wat ech elo gesot hun, awer et war ganz
automatesch eraus kom. Radio an Spiritismus sin e Kannerspill gin. Ech
schwetzen mat mir selwer um Telefon. Dé greisten Ableck vun der
Menschhétsgeschicht. Meng Stömm ass mir friem, nujé wat fire Mönsch kennt seng
ége Stömm. Vun der anerer Seit kennt et ganz grob eriwer:
"Wât hécht dât, hei och?"
Ech sin der je esou rose gin a bröllen an
den Telefon: "Hei ass Henri Reger."
"Wât hécht dat, hei ass Henri
Reger? Wien sidd dir? Wât wöllt dir fu mir? Et gött nemmen én Henri Reger, dat
sinn ech, dé berühmten Schröftsteller Henri Reger! Färdeg!" Hien huet
agehangen.
Et war mir wei wann ech eng widder t'Bölls
kritt hätt. Ech hu mech geschummt. Ech sin jo guer net den Henri Reger. Ech sin
dach den Direkter Dumont. Sin ech geckeg, ech sin geckeg, elo sin ech richteg
geckeg. Ech muss fort vun hei, nëmmen schnell fort vun hei. Ech drecken op
t'Schell um Dösch. "Mein Auto! Ech muss an enger Stonn zu Metz sin."
Op enger Enveloppe hat ech eng Adress gelies, fir all Fäll!
"Gudd, gét an t'Rei Här
Direkter."
Ech hun an de Breiwer gebliedert dei um
Dösch louchen, Amtsgeheimnisser. Op emol flitt t'Dir op an eran kénnt én ausser
Otem...wien ass et?. Ech kommen haut de Mueren wirklech net aus dem Schreck
eraus. Et sin ech selwer, esou weit ech mech vu Fotoen hir kennen. Nëmme e
böschen mei jonk, eppes mei grouss an méi deck.
"A wien sidd dir dann do? Wât macht
dir an mengem Büro. Wei kommt dir iwerhapt hei eranner. Wât gét iech un an menge
Breiwer ze stöberen?"
E Moment wollt ech soen, ech hätt den
neien Telefon just ausprobeiert. Ech sin do awer richteg rose gin.
"Wéi kommt dir iwerhâpt hei era
geschneit? Ech verbidde mir den Toun do. Ech lossen iech én Zock hei eraus
geheien."
Méiglecherweis huet hien op émol gemengt
ech wir én neien aus dem Verwaltungsrôt, an do ass hien mei frendlech viru
gefuer.
"Wien sidd dir dann, wann ech froen
darf?"
Ech stinn op, der Deiwel huel den doten. Dat
konnt ech schon der Gesellschaft net undin, well ech wor dach fir de Moment den
Här Direkter Dumont. "Ech sin den Direkter Dumont!"
"Wât, wien sidd dir?"
Et huet mer erëm Fréd gemacht hien un der
Nues ze zeien. Elo wollt ech alles erliewen.
"Heiert dir do, wien sidd
dir..."
Ech fâlen him an t'Ried: "Beleidegt
mech net. Wien sidd dir iwerhâpt?"
Mein strengen Tounfall huet en nach mei
durchenén bruecht.
"Ma ech sin den Direkter
Dumont!"
Ech hun de Kapp gerëselt:"Dir sidd
vleicht den Schröftsteller Henri Reger. Wei kënnt dir dann den Direkter Dumont
sin, wann ech et sin?"
Hien wollt op t'Dir lass. Ech war awer
schon dertöschent
"Woumadden kënnt dir da beweisen dat
dir den Direkter Dumont sidd?"
Hien huet op t'Schell gekuckt an du sôt en:
"Well der wirklech mei Pass gesin?" Ech hun mech richt virun hien
gestallt a hun rispostéiert: "Dât ass nëmmen eng Fatz Pobeier, nëmmen ech
hun 6 Zeien, die geschwuer hun wien ech sin. De Professor, den Nervendokter,
den Assistent am t'Schwöster am Spidol, eisen Ingénieur Hémes, an de Chauffeur
Gusti!"
Hie sturkt mech un, awer nemmen eng
Sekund, an do fänkt hien un ze jeitzen, esou hârt ewei e kann: "Höllef,
höllef e Vereckten!"
D'Dir ass opgeflun an eran stiermt eng
helle Wull Leit a bekucken eis zwein verwonnert. Mir hun eis wirklech geglach.
An t'Leit hu gemengt am hellen Dag t'Männercher ze gesin:
"Bannt dén do hien ass é
Geckechen!"
"Nén, fesselt dén do, hien ass
verreckt. Mir huet den Nervendokter virun 2 Stonnen bewiesen, dat ech gesond sin."
Nodém se e weineg gezeckt hâten, hun se
mech gepâckt an hun mech an t'Niewenzömmer geschléft, wou ech nach heieren hun
wat den Direkter sôt.
"Scheckt den Nervendokter mam bloe
Wôn, an t'Police fir en of ze huelen."
Ech war scho besser opgeluegt, well hei
och Zigarre stungen. Op emol heieren ech eng Fraleitsstömm, déi vun mengem
Jeanny: "Losst mech direkt eran!"
"Den Direkter ass elo net ze
spriechen!"
"Fir mech ass en emmer ze spriechen,
ech sin dach seng Frâ."
"Seng Frâ??. Dir sidd...."
"Natirlech, ech sin dach t'Madame
Dumont."
Ech sin fu Fréd am Zömmer ronderöm
gesprongen wéi e Geck. Sie hat irgend wei alles duerchkuckt. Sie huet sech no
der Situatioun gericht. Den Sekretär ass bei den Direkter gangen a sôt:
"Eng Frâ ass dobaussen."
"Ech sin elo net ze spriechen!"
"Et ass Är Frâ!"
"Meng Frâ?...Dir wösst dat ech net
bestued sin, huet dir se net mei all? Weist mir die Frâ emol?"
Elo muss den Knallefffet do sinn. Meng Frâ
ass an sein Büro komm. Ech hun t'Dir e weineg opgemacht an hun gelûust a
gelauschtert.
"Henri!" sie stirzt sech op den
Direkter.
An dém Ableck koumen Männer iwer de Gank
an gin an de Büro vum Direkter.
"Wou ass dé Geckegen?"
Ech hun t'Dir opgemacht an sin och an de
Büro gangen. Hei ass en. Alles ass paff. Meng Frâ hängt sech ëm mein Hals, den
Dokter an den Professor aus dem Spidol kucken mech an dann den Direkter. Ech
sin déjenegen dén nach am rouegste bliwen ass. Ech gin op den Dokter duer: "Här
Dokter, dir wöllt mech an t'Geckenhaus feieren, well ech elo gesot hun, ech
wier
den Här Dumont. Göschter huet dir mech
agespart well ech behâpt hun ech wir den Henri Reger. Dir Här Dokter huet mech
forceiert ze behâpten ech wir den Här Dumont. Wén sin ech dann elo
eigentlech?"
Fir t'eischt war alles roueg. Dokter a
Professer waren verléen, de richtegen Dumont huet neischt verstanen, d'Beamten
waren virwörtzeg, meng Frâ huet viraus gesin an ech war elo esou richteg frou
iwer dei herrlech gedreinte Klatz.
De Professer ass op mech durkom a
sôt:"Wien sidd dir dann elo eigentlech richteg?"
"Dât wéss ech leider selwer net mei.
Bis göschter war ech iwerzécht de Schröftsteller Henri Reger ze sin. Dir huet
mir awer kloer gemacht dat ech den Direkter Dumont wier."
"Dann hun mir eis eben geirrt!"
"Sôt dat nemmen net, dir Hären.
Beweiser waren do wei t'Madame Jeanny Reger - ech hun menger Frâ en Zéche gin -
mech net kannt huet an ech sie och net. Dat ass dach drolech dat sie sech mat
hierem Pass ausweise konnt. Du hun ech awer vun hei an t'Villa Belair op
Capellen telefoneiert, an do hun ech mam Schreftsteller Henri Reger perseinlech
geschwât."
Den Dokter ass nervös gin, an den Direkter
Dumont sôt:"Do ass eppes aneschter derhannert. Vleicht e
Verbriechen!"
De Professor wollt et eraus fannen:
"Könnt dir eis schwieren, dat dir den Henri Reger sidd?"
Ech soen iech, dat ech scho selwer
zweiwelen. Meng Frâ huet sech ageschallt. "Mei Verstand dén ass nach ganz
kloer, ech kann schwieren dat ech Jeanny Reger sin an dât doen ass mein
Mann!"
"Pardon dir Hären, dös Frâ huet nach
virun e puer Minute behâpt si wir dem Här Dumont seng Frâ." Ech hun bâl
hârt gelacht.
Si stungen alleguerten esou verdaddert do
a wossten net aus an net an. Ech hun t'Jeanny mam Arm geholl a sôt:"Losst
mer emol op Capellen telefoneieren."
Do huet kén sech gemellt.
"Dir musst iech geirrt hun" sot
den Direkter. Nodém all déi di vierwötze kom waren eraus bugseiert waren ass et
ganz gemiddlech gin. Dat ech selwer den Direkter, den Direkter ech, a meng Frâ,
dem Direkter seng Frendin, oder mir dem Direkter seng Frenn wiren. Lauter
verstänneg Sachen, die mir awer net verstânen hun.
"Dir sidd ouni Erlabnis an t'Minière
gefuer, an Dir huet iech weint Spionage schölleg gemacht, well dir hut an mengen
Pobeieren um Büro gelies."
"An Dir huet mech gehönnert op
Capellen an meng Villa ze fueren, nom Richtegen zu kucken. Dir huet dénen Deiw,
die menger Frâ a mir de Pass geklaut hun gehollef Zeit ze gewannen."
No deser klenger, awer frendlecher Dispute
sin mir an de Casino iesse gangen. Den Direkter an mir zwein sin gudd Frënn
gin. Hien huet esou guer gesôt dat seng Gesellschaft fir de Schued geng
opkommen dén bei dem spannende Krimi entstanen ass. De Gusti huet eis op
Capellen gefouert.
T'Villa war miserabel zougericht. T'Dire
stungen iwer all op. T'Schief duerchwullt an t'Better verwullt.
T'Perserteppecher an t'Sölwergeschirr waren verschwonnen. Ech wollt grad der
Poliss telefoneieren, do war se schon do. Den én huet mech mam Coli geholl an
én aner huet meng Frâ ewöscht. "Hun mer iesch elo!"
Ech wollt mech wieren: "Ech verbidde
mer...."
"Roueg, mer wössen alles, den Här
Henri Reger huet matdéle geloss dat während hien op der Rés wier, Deiw gengen
an senger Villa hausen. Dir huet jo alles schein nonén gemacht." Wén
hinnen telefoneiert hat konnt ech net erausfannen. Vleicht war et t'Schwester
aus dem Spidol?
Ech wollt nach eng Keier eppes soen, kruet
awer t'Keier net: "Roueg, net gemault, matkommen, an den Auto mat hinnen, wann
se net wöllen, dan Handschellen undin!"
Mir sinn allebeid an den Auto gestouss gin
an konnte ereischt zu Schrasseg erëm eraus.
De Schluss vun der Geschicht ass
langweileg. Fir dei déi virwötzeg sin schreiwen ech awer nach de Schluss. Mir hâten
eis Villa dei ganz eleng an engem klengen Böschelchen leit, eréischt kâf. All
eis Sachen hâte mir seier nemmen dohinner gefouert, well mir sin duerno e puer
Wochen op eng Rés gangen déi mir gewonnen hâten. Kén huet eis do kannt. Op
eiser Rés waren mir fir d'eischt zu Pareis wou mir am Hotel du Printemps
gewunnt hun wéi ech en Spronk op Esch gemach hun, fir an dem Bierg ze bleiwen.
Am Hotel hâten zwé Brigangen, eng Frâ an e
Mann, die letzeburgesch geschwât hun, eis belauschtert an sie hun eis t'Päss geklaut
an du sin si an eis Villa wunne gangen. Mir waren jo fort! An et huet kén sie
kannt.
Meng Frâ wor zu Versailles wei de Fax
geschriwen ass gin. Dommerweis hat ech t'Faxnummer vun Capellen ugin an esou
ass et kom dat dem Brigang seng Frâ sech als meng Frâ ausgin huet. Wéi ech aus
dem Direkter sengem Büro ugeruff hun waren si grad am gang alles an hieren
Plönnerwon ze pâken.
Meng Frâ hât Angscht wei se neischt fun
mir heieren huet an do ass se zu Esch eraus geklommen aus dem Pareisser Zuch an
huet am Hotel Cresto an der Zeitung iwer mein Virfall an der Minière gelies.
Alles ass opgeklärt gin. Esou guer t'Deiw
sin an der Belsch mat dem Plönnerwon gepëtzt gin.
Göschter krut ech e Breif vum Direkter
Dumont. En huet eis agelueden op Esch fir mat him an aller Rouh d'Minière ze
besichen. Meng Frâ war begéschtert:" Ech well awer och emol gäre gesin
wouss du dech erem gedriwen hues."
Wann ech nach eng Keier eleng verrésen,
lossen ech mir de Pass irgendwou a Spigelschreft hin tätoweieren, well ech wöll
net nach eng Keier an de Fall kommen, wou ech net mei wess wien ech sin.
*
Theaterstecker
iwersat aus dem Deitschen
Folgende Theaterstücke liegen bei mir/ oder in der National Bibliothek
und auch zu Mersch im Centre National de Littérature (Emanuel Servais) zur
Verfügung. Aufführungsgebühren anfragen beim Übersetzer.
· DE BOPI GET VERKAFT - Autor vun dem deitsche Steck ” Der
verkaufte Grossvater” - Franz Streicher.
An t’letzeburgescht iwerdroen
fir t’Chorale St. Joseph vun Deifferdeng Fuesbann - Dezember 1964
3 Akter - 8 Akteuren: De Bopi -
Hennes Knubbelbauer - Fritz sein Jong - Pe’ter Schlaubauer - Greit, seng Fra - E’vchen
hir Duechter - Ketty eng Mod, - Gust e Kniecht.
Den 1. Akt spillt beim
Knubbelbauer - den 2. an 3. Akt beim Schlaubauer.
· DEN DUEBLE MAURICE - Autoren vun dem deitsche Steck
”Der doppelte Moritz” - Toni Impekofen an Carl Mathern
Fir Thalia & CO Hoen
Klengbetten - an
t’Letzeburgescht iwerdroen 29. September 1976
3 Akter - En Troublement
mat 11 Akteuren: Maurice an Max Roudewak (én an déselwegten) - Hénz
Fiederkeil - Irène Roudewak - Félix Weissesous - Lilli Iwerall - Margot Roudewak
- Dokter Quittong - Denger Otto - Sibill Päfferkär - Mathilde Roudewak -
Krimalen Schnauz
Eng gudd Bühn mat villen Diren!
· T’VERLEENHETSKAND - Autor vun dem deitschen
Titel Das Verlegenheitskind. - Franz Streicher.
An t’Letzeburgescht iwerdroen
vum HR 27.Oktober 1976 fir t’Scouten vun Dideleng
3 Akter - Löschtegt Steck mat
10 Akteuren: Neckel Dillendapp/ Bauer an Duerfepicier - Ketti, seng Fra -
Franz , sein Jong - Jamper Sémiel, Bauer - Merri, seng Fra - E’vchen hier
Dueschter - Hénz Knueweleck/ Breifdreier - Jeanny Meyer - Leini hier Dueschter
- Jéck, Kniecht beim Jamper Sémiel
·
DE VERSTÄRKER - Autor vun dem deitschen Titel Das
Höhrrohr Karl Bunje.
An t’Letzeburgescht iwerdroen
fum HR - 16. Abröl 1977
3 Akter - Komméidisteck
mat 8 Akteuren: Bopa 80 Joer - Eugène Summer (sein Jong) 53 - Berti
Summer (dém seng Fra) 40 - Edith Weidebam 20 - Benni Streisak (Kniecht) -
28 - Tobias Töntefass (Breifdreier) 45 - Lisi Töntefleck (seng Fra) -
Notär vu Fiederliesens an de beschte Joeren.
Et spillt sech alles op dem
Baurenhaff vum Bopa Summer of - Geigenwart
N.B. Dës 4
Theaterstecker sin hei nëmmen als Produktioun vermierkt. Vleicht bleiwt Platz
fir se integral online ze setzen.
Informatiounen
beim Iwersetzer.
gespillt vun ganz Groussen.
vum HR
frei iwersât
nom LORIOT sengen
„Szenen einer Ehe in Wort und Bild“
Eng
mettelâl Koppel könnt an den Adler – an fängt un mat engem Här ze schwetzen,
deen se fir e Verkeefer halen.
Fra: Mein Mann ass eppes êmpech an den Höften, hien huet och zimlech
kurz Ärem.
Friemen: (mustert den Mann
kurz)... Dat dét mir awer léd.... .
(höllt
seng Tut mat dém wat hien kâf huet a gét aus dem Buttek).
Fra: Mir sichen e Kostüm fir mein Mann. Greisst 52, eppes ëmpech an
den Höften. Hien huet och zimlech kurz Ärem.
Mann: Jajaja....
Fra: ....... jo, mat zimlech kurzen Ärem...awer net ze vill kurz.
Verkäfer 1: Ech weisen Iech emol eppes ..... huelt Iech en Ablack
Plâtz....
Fra:(zum Mann). Hues de
och e frösche Kalzong ugedoen? .........Ma, loss dach Deng Nues a Rou.
Verkäfer 1: (brengt e puer
Kostümer)....
Da schlebbert emol hei eran (hie
reisst den Rideau vun der Umosskabin eriwer, et geseit e kurz eng Cliente an
der Önnerwäsch. Den Verkäfer kuckt nach eng Keier schnell a rappt den Rideau
erem eriwer, mecht dei aner Kabin op, an hängt de Kostüm eran).
Mann:(gét an t’Kabin).
Fra:(mecht sech mat zwe
Fangeren Eau de Cologne op t’Ouerläppercher an stecht t‘Fläsch erem an t’Posch)
.
Wëss
Der, mein Mann brauch iwerhapt guer ké neien Kostüm. Doheem rutscht en ëmmer am
Pullover. Dann huet en och nach dén, dén elo unhuet. An fir de Büro huet hien
en donkelgroen.... ass dat dann net tiptop.
Mann:(könnt aus der Kabine. De
Paltong ass vill ze kurz an och t’Box. Un de Knäpp hänken Schölter vun der Mark
an och t’Preisser).
Verkäfer 1:(reckelt, zitt a
rëffelt un dem Kostüm)..
Dât ass eisen Hierschtmoud, Madame!
Herrlech. Gell Dirt. Et gefällt an der Form, ass sportlech am Schnött.... Jee
et ass eben Pareisser Konfektioun, op Moss.....
Mann:
.... Mussen t’Boxen elo esou sin?
Verkäfer
1 : Die moudesch Boxen gin elo scho mei kurz gedroen..... an wann se gedroen
ass, da fällt se nach e weineg mei deif,....... darf ech emol? (zitt t’Box mat
kräftegem Ruck no ennen, esou datt se extreem deif sëtzt).....
Gesidd
der, elo sëtzt se besser!
Fra:
(Moschtert hien fun uewen bis ennen) Gei meol eng Keier......
Mann:
(gét op an of).
Verkäfer
1: Ech muss soen wat ass, die doten Box sëtzt knaps beim Schrött passt awer genau
beim Sëtzen... sie geseit gudd aus.
Mann: Wat
droen d’Männer dann esou zu Pareis?
Verkäfer
1: Wien sech et léschte kann....
Mann: Ah
sou!
Fra: Dat
ass wuel richteg, nëmmen wann hien elo erëm alles an seng Täschen brätscht.
Verkäfer
1: Meng Leiw Frau, t’ganz Broschtpartie ass op beide Seite mat Stoff-Lengent
verschafft.... do kann Ären Här vill dra stiechen, alles wat hien wöll....
Fra:
Stiech emol dein Portmonni dran, an och deng Schlösselen....
Mann: En
Ablack (greift an die falsch Kabine).
Fraestömm
aus der Kabine: Net mat mir, mat mir net...... Kann ech net awer fleicht
behölleflech sin?
Mann: Né
merci ... ! (höllt sein Portemonni an t’Schlösselen aus senger Kabine an stecht
se an t’Täsch).
Fra:
(hällt sech t’Hand virun d‘Gesicht)
Oh mei,
elo geseit hien aus, wie eng getreppelt Mettwurscht....
Verkäfer
1: Awer net schlecht, awer guer guer net schlecht Madame.
(zum
Mann). A wat halt der dann vun engem schotteschen Kammgarn-Mohair... mat
engleschem Wiefmuster (weist eng kareiert Jacket).
Moosst se
emol un?
Mann:
(Wiesselt de Paltong) – Moment! ... (stecht de Portmonni eran).
Verkäfer
1 :Dat ass de klassesche Schnött! Ärem Härchen stét dei ganz gudd zu Gesicht,
besonnesch an der Höft.....
Fra: Em
Gottesbiddeswöllen, oh neen, oh neen......
Mann:
Neen? (dét t’Jackett erem aus). Dann eeben nött.
Verkäfer:
Oder dat heien. Genau déi selwegt bescht Qualliteit, en plus awer mat Jet
Design....
Mann: Mat
wât? (wiesselt de Paltong ouni de Portemonni eraus ze huelen).
Verkäfer
1: Et erkennt én den Jet Design um duebele Fuedem, dén rondöm t‘Knapplach verschafft ass
gin.......
Mann: Ah
sou, dat wosst ech emol net
Fra:
(Kuckt de Mann an resselt de Kapp)
Verkäfer
1: (récht him eng Box) An hei ass die richteg Box fir derbei.
Mann:
(wöllt seng Box ausdoen)
Verkäfer
1 (weist op t’Kabine) Wanneg gelifft.
Mann: Ah
sou, jo (geht an t’Kabine).
Fra: Mir
wollten jo eigentlech guer ké Kostüm kafen. Hien breicht vill mei neideg nei
Önnerwesch.....
Verkäfer:
Ouh!
Fra: Dir
sollt Iech emol seng Önnerwäsch ukucken. Et geng een et net gléwen, wann én et
net mat égenen An gesin hätt.
Mann:
(könnt eraus mat enger ze vill grousser Jackett an enger ze vill langer Box.)
Verkäfer:
Dat ass reng Schurwoll... verstärkt Kunstfaser.... onhémlech dankbar bei all
Geléenhét. (fummelt un him erëm).
Fra: Ma
t’Box stét jo ënnen zevill um Buedem.....
Verkäfer
1: Haut dreit én zimlech mei fölleg... sie klömmt jo och nach eppes klengs,
wann emol Plien an de Kneie sin... darf ech emol.... (zidd t’Box mat Kraft no
uewen).
Verkäfer
2: Kann ech emol den Kammgar – Mohair kreien (höllt t’Jackett wou de Portmonni
dran ass).
Verkäfer
1: Wann ech gelifft....
Fra: Geih
dach emol e beschen hin an hier ....... a loss Deng Nues a Rou....
Mann:
(gét duerch de Buttek).
Verkäfer
1: Einfach schick! Klass!
Mann:
(Vertreppelt sech mat der langer Box, an hällt sech un engem aneren Client
un). Entschöllegt Mössieur .... dat war
meng Box.
Client:
(Mustert hien scharf)
Fra: Wat
knechels de dann nemmen do?
Verkäfer
1 : (mat engem neie Sakko).
Hei ass
dat neist um Mart. E ganz lichten Tropical am Golfschnett ....... probeiert
emol Mössieur.... die hei Sachen sin eenzel Markestecke. Si gin nawel vill kaf.
Fra: Huel Dei
Portmonni awer eraus!
Mann:
(Greift an die grouss Jackett)... Do ass en net!
Verkäfer
1: (ajusteiert nach) Flott nedirt, ganz schick!
Fra: En
muss do sin!
Verkäfer
1: Einfach schick!
Fra: Ech
kann schon net mei nokucken.
Verkäfer
1: Ech keint Iech och nach eppes am Tweed weisen....
Mann: Ech
hat en an des Jackett gestach.
Fra: An
t’Schlösselen.
Mann: Dei
mussen an der Boxentäsch sin... (fillt...) ma do sin se och net!
Fra: Dat
verschleit mir den Otem. (E Client mat
enger kareierter Jacket kennt an de Buttek an seng Frau hannendrun).
Mann: Do
muss e sin (greift dem Här vir t’eischt an t’Jacket an dann an t’Box)... Entschöllegt.....
Client:
(geneiert) ... Losst dat dach ennerwé!
Mann: Ech
wöll nemmen mein Portemonni an meng Schlösselen. (Sicht weider).
Client:
Ma gidd der Iech da bâl.
Mann: Ech
wöll neischt aneschter wéi mein Portmonni an meng Schlösselen....
Client:
Wat wöll der?........... Bertha!
Mann:
(sicht firun). Et geet net aneschter.
Client:...
Bertha!
Mann: Ech
hun alles hei eran gestach.
Bertha:
(könnt erbei) Wat huet Dir wouhinner gestach?
Mann: All
meng Sachen hun ech hei eran gestach.!
Bertha:
An t’Box vun mengem Mann!
Client:
Dat misst ech jo awer selwer gesin hun, mei Gott!
Mann:
(geseit en aneren Mann den och die selwecht
kareiert Jackett umosst)... Moment emol (get op en dur). Entschöllegt,
ech hätt gären mein Portemonni an meng Carte d’identié.
Anere
Client: (kuckt hien stur un).
Mann:
Pardon, darf ech ?... (hie greift him an t’Broschttäsch).
Anere
Client: (lues awer sécher) Huel der wuel Är Hand aus menger Jackett.
Mann: ...
an och meng Autoschlösselen? Entschellegt emol.
Anere
Client: Ma huelt dach Är Hand aus menger Box.
Fra:
(Stierzt sech op Verkäfer Nr 3. Dén och mat enger kareierter Jackett an
verschiddenen Kostümer lanscht gét)...
Hei, Männi, hei.
Mann:
(hällt e Portmonni an t’Lucht dén net sein ass)
Ech hun
en... ech hun en.
Fra: (die
schon an der anerer Jackett gewullt huet an och ëppes fonnt huet).. Ech och!
Mann:
(gött dem Client sein Portemonni erem).
Fra:
(huet an eng Box gegraff)... an och t’Schlösselen.
Verkäfer
1: (könnt mat anere Jacketten).
Hei hun
ech nach eng eischtklassesch Wuer. Perlon mat enger spezieller Fâl um Hönner. Ech droen nawell ganz gären
esou eppes.
Fra:
Neen, neen, ech mengen mir huelen deen heien. (weist op hiere Mann).
Verkäfer
1: Gären..... domadden sidd Dir jiddefalls beschtens bedengt.... Geng der en
gleich unhâlen?
Mann:
(kuckt op seng Fra) Ma secher.
Fra: An
t’Box hieft sech jo nach, wann hie gét!?
Verkäfer
1: Am Knei, Madame... am Knei... ganz secher, well mer die Sötzfal beim Hönner
agebaut hun (kneit sech) hei kuckt emol hei, gesidd der! Wann hien an Bewegung
ass. (mecht e Schrack an den Hippercher).
Fra: Mach
dat och emol. (zu hirem Mann).
Mann
:(gét an t’Hippercher).
Fra: Du
muss dech och beweegen, den Här huet jo gesot.
Mann (e
puer Schrett an den Hippercher).
Fra:
Virun, nach .
Mann:
(gét an den Hippercher durch de Buttek).
Verkäfer
1 (könnt mat enger grousser Tut, mam Mantel mam Hut an der Rechnung)... Sou,
wanneg gelifft... t’Kés ass dovir lenks.
Fra:
Weini ass dei Box dann elo rodeiert?
Verkäfer
1: Nuja.
Mann: (op
den Hippercher). Neen, esou eppes.
Verkäfer
1: (hölleft dem Mann an de Mantel iwer dems dén nach an den Hippercher setzt).
Wie weit hued Dir bis heem?
Mann: -
Vleicht eng gudd Stonn...
Verkäfer:
- Bis dohinner setzt die Box ewei ugegoss!
Mann: -
Wat der net sôt.
Fra: -
Komm elo...
Mann:
(höllt t’Täsch, hiewt den Hut a sét) Villmols Merci fir Er Meih.
Verkäfer 1: Et
ass un eis fir Merci ze soen.
Mann:
(gét an den Hippercher mat senger Frau aus dem Adler).
Dëst
Steck ass nëmmen fir ze liesen. En Opféierungsrecht hun ech net ugefrot. Dat
muss jidderén sech selwer besurgen.
**
Eng Märechespaschteit, farceiert mat Wourechten.
Concours littéraire - nos cahiers -
2000
Par e’mail à nos.cahiers@isp.lu
Nos cahiers
2, rue Christophe Plantin
L-2988 Luxembourg
De la part et avec les compliments de
l‘auteur
44, rue du Bois
L-4421 SOLEUVRE
Den Här É Lef an den Här Zwé Lef waren trei Noper zenter
eiwegen Zeiten. Si hun sech emmer gudd verdroen an villes matenén ennerholl.
Egal wou eppes gezielt ass gin, sie waren emmer virop mat derbei.
Wei firu kurzem dén neien Duden, dén fir alles mei verstänneg ze
schreiwen, onmossech Oprou bei de Schreiwer erfir geruff huet, hâten och
dei zwein Hären sech én Exemplâr vun dësem wichtege Buch besuergt, fir mat der
Welt mat virun ze goen. Sie wollten ”in” bleiwen. Den Här É Lef hât sech schon
en etlech Dég zimlech deif an dât Studium gekneit. Vleicht ze deif?
Et war op engem scheine Sonndeg Mueren, do ass den Här É Lef
flang durch de Gaard gerannt, eriwer bei den Här Zwé Lef. Hien war ganz
opgeregt, an huet mam neien Duden, dén roud Deckelen huet, an der Lucht
geweitscht. Et hätt én gemengt hien hätt eng Fâkel an der Hand, wei én
Olympionikki, um Wé fir op Sydney.
”Wéss Du dat mir diskrimineiert gin”, rifft hien dem Noper schon bei
senger Terrassendir entgeint. D’Dir stung grouss op, fir kill Mueresloft an
d’Haus ze lossen. Vun dobannen huet én klassesch Uergelmusek heieren. En Zéchen
vun hirer musikalescher Bildung, mat där d’Leit an desem Haus gelieft hun. Ganz
secher geingen se awer ofstreiden, dat se dât och no baussen weilten weisen.
”Elo hun ech eraus fonnt, dat mir zwein aus der Reih danzen!”
”Ech kommen net richteg no” sét den Här Zwé Lef, dén nach an
der Robe de Chambre war. Hien koum buerfeiss aus der Kichen an huet, iwerdéms
en nach e Maufel ofschleckt, sech grad de Mond ofgebotzt.
”Beroueg dech dach e weineg. Komm setz dech emol gemiddlech hei an
de Schied, dann süffelen mer den Apéritif zesummen.”
Si setzen sech an kamoud a frösch ugestrache Terrassestill. ”Ei, wât
schein roud Pillemen, doranner sötzt é gudd möll,” mengt den Här É Lef.
Den Här Zwé Lef wollt hien schon erëm huelen, an hien beleieren, et
wäre ‘Pimmelen’, an keng ‘Pillemen’. Hien kruet sech âwer nach um Bidong
gerappt. Sein Noper wär schon opgedreint genug, huet e gemengt. Déi verschiddenarteg
Ausdrocksweis koum net eleng doduerch well hier Elteren net aus der selwechter
Geigend vum Land waren!
D’Still, an den ronnen Dösch, waren an der Moudefuerw fir
Gaardemiwelen gepinselt. Ultramarin blo! Esou blo dat é gudd huet miss kucken,
fir zwou schwârz Boujellien*) ze gesin, dei driwer gelâf sin. Wuel verstanen,
et ass bei dér bloer Fârw em d’Gaardekonscht gangen! Dât sollt kengesfalls én
Zéchen no baussen sin, wâtfiren Klibbchen se gestemmt hâten, bei de
Chamberwahlen. Dei Zeiten waren eriwer, wou d’Leit nach drei Birken firun
d’Hausdir geplanzt hun, fir op sech opmierksam ze machen, an ze weisen zu wém
se gengen hâlen. Duerno sin Trauerwedden am Kläppchen an de Moud kom, bis
d’Noper gemengt hun, d'Proprietären hätten de Bockel voller Schold,
duerfir gengen se en Zéchen fun Trauer setzen. Sie hun dât âwer nëmmen weint
déne ville Blieder gesôt, dei am Hierscht vum Wand bei hier Dir gejôt
gin. Just elëng dât war et wât se am Hannerkapp hâten, well mat der Wourecht
wieren se net ukom. Egal, dorobs hin sin keng Trauerwedden mei gesât gin.
Nén, dât wollten dës Leit ganz secher net, sech iwerhapt nach zu
irgend enger Farw bekennen, well hinnen esou eng gefierwten Mentaliteit
scho lang geint de Strech gangen ass. Sie waren och mat hirem Noper
derselwechter Ménung, fir en ongeblimmelt Optrieden, well nëmmen esou
d’Leit an der Gesellschaft net mei ausenâner divideiert gin, an sech och net
mei geint énaner opsteppele lossen. Firdrun sin sie ongewollt zu fanatesche
Streidereien verfeiert gin. Doduerch waren der och vill net mei frou mat dém
Aneren. Hannerlöschteg gollt lang genuch wât t'Reimer schon ausgenotzt hun:
divide et impera!
d’Madame Zwé Lef huet ”e scheine gudde Moie” gewönscht. Sie war, wei
eng Fé, an engem weissen, leftegen Négligé, an huet dénen zwein Hären
énzock e Pernot fils an én Campari orange zerveiert, well sie hir Préférenzen
zenter langer Zeit schon kannt huet. Sie selwer huet sech entschöllegt a sot
d’Coiffeuse keim nach fir hier Bigoudien ze setzen, ir se gengen fort fueren.
Wei dei Zwé geprosst, an dei eischt Schlippchen gekippt hâten, huet den Här Zwé
Lef gefrot:
”Wann ech elo richteg verstin, hues du den Duden schon am Fong
studeiert an du hues dobei eppes opgelammelt. Ziel emol wât schon alles
ugebrannt ass.”
Den Här É Lef hât et schweier gelueden an huet deif Otem geholl: ”Ma
da lauschter elo mol gudd no. Du an ech, mir Zwein danzen aus der Reih, mir gin
op der ganzer Lin benodélgt.”
”Wei ass dann dât, du mechs mer et jo schein spannend,” äntwert den
Här Zwé Lef.
”Ma heier der emol un, wât mir hönnt am Drâm agefall ass. Eis nächst
Noper héchen Drei Zeng, Veier Zeng, Fof Zeng, Siech Zeng, Siewen Zeng, Uech
Zeng an Non Zeng. Vun den Aristokraten der Neng, der Acht an der Siewen, an
nach mei weit no uewen, schwetzen ech guer net. Den Zeng, an alleguerten dei no
eis kommen si Famill mat him, an hun den Nonumm Zeng.”
No enger kurzer, awer deiwer Otempaus ass e firu gefuer: ”Wât hât
ech hönnt eng Nuecht. En Alpdrâm soen ech der. Ech perseinlech schreiwen dât
Wuert elo nëmme mei nach mat p wei bei Alpen, dât wirkt vill mei erdreckend wei
mat b bei Album, dât nom neien Duden esou guer och nach richteg soll sin. Ech
hun also, fir erem op meng Ried zreck ze kommen, vill ze vill an dém neien
Schreiwallesrichtegduden studeiert. Den Doudschwéss ass mir op émol ausgangen,
wei et mir opgefall ass, dat mir zwein Daboen eleng doremmer lafen, ouni dé
wertvollen Familjennum Zeng.”
”Dât ass jo allerhand. Dât ass mir mol nach nie opgefall”, äntwert
du den Här Zwé Lef. ”Nëmmen ech froe mech firwât huet dén neien Duden dât dann
net geännert, wei se schon amgâng waren alles nei a mei richteg ze schreiwen
oder ze vereinfachen?”
Et war é Moment ganz roueg. Et huet kén eppes gesot. Sie hun allen zwein
nogeduecht. Nëmmen dei lescht Täkt vun enger Toccata, waren am Radio nach ze
heieren. Dei zwou schwârz Boujellien sin firun iwer den bloen Dösch gelâf.
Den Här Zwé Lef huet gemengt hien misst d' Situatioun entspânen a
sôt: ”Oder si hun vleicht och dén neisten Geschäftstrick probeiert fir Reklam
gemach ze kreien. Mach nämlech de Kritiker en decken, säftegen Ubass un de
Krépchen, da gin se wei Bluddsöffer drop. Dér, dei mam Fanger op dech weisen,
gët et der jo vill mei, wei dér dei eppes Guddes vun dir schreiwen, an dech luewen
wëllen. Da schwetzt a schreiwt op émol d’ganz Welt vun Dir an Denger Famill.
Kanns de dech nach erenneren, do war dach emol én, dén sech en Minimobil op
d’Seit lée geloss huet. Wât gouf dât dach eng immens a gratis Reklam. E
Gedéssems ouni Enn. Nie hätt hien dei selwer könne bezuelen. Esou guer d’Maori,
am deifsten Hannerland vun Neuseeland, hun driwer geschwât!”
”Ech gléwen net un dé Bobbes. Esou e Schwindel wir dach direkt opgeflunn! Dorems gét et jo âwer
guer net an eisem Fall. Ech fille mech perseinlech zwar och fatzeg geelcht, an
net manner op d’Seit geluegt. Mé ech hun elo t'Nues voll. Villes wât
kromm an derniewt war, ass an dém neisten Duden riet gebeit gin. Esou guer den
Här Stengel, dé Stâches, bis dohinner fir mat ‘e’ geschriwen, huet
eng extra Wurscht gebrode kritt. Hien ass elo den Här Stängel gin, a get an
Zukunft fir mat ‘ä’ geschriwen.”
”Dât dârf dach net wouer sin!”, äntwert den Här Zwé Lef verwonnert.
”Ass dén da mei wei mir aner? Virwât hun se da grad him dei Extrawurscht
gebroden?”
”Hien huet einfach stramm drop gehâlen. Seng Virfueren wieren keng
Steng gewiescht, mé Stangen, an dât ass geschriwe ginn, grad esou wei
Bounestangen. Hien huet och schon an sengem neie Pass stoen, hie wier fun elo
un den Här Stängel. Esouguer mein Computer huet dât schon bekäppt!”
”Dât gött et dach net. Wât Sachen ziels du mer do,” äntwert den Här
Zwé Lef. Et huet én un sengem Toun gemierkt dat hien schon e Bësselchen mei
opgerégt gin ass. En ass viru gefuer: ”Ech war bis elo mat Dir éns, dat
dei Borschten eis vleicht iwersinn hätten. Ma elo geif ech dach âwer bâl gäre
behâpten sie hätten eis glad ewech ignoreiert. Dât wir, wei’s du séss, eng
fauschtdeck Diskriminatioun. Nemme do ass secher neischt mei ze redetten.”
Dén Här É Lef wollt nött, dat sein Nôper erem Wasser
sollt ze zeien, an huet versicht en ze iwerzégen: ”Mengs de et wär
wirklech neischt mei ze änneren? Doranner sin ech guernet denger Ménung. Haut
gött jo geint, an fir alles protesteiert. Firwât sollten mir net och protesteieren.
Wann én et net versicht, dann ass én es selwer schold, wann alles beim Âle
bleiwt.”
”A wuer wölls Du dann iwerhapt protesteiere goen? Fir esou eppes ass
kén Affekot ze begéschteren. Et stin keng Sousen um Spill, an et ass zimlech
schweier hei én ze fannen, dén fir eis dei richteg Ligen erfönnt an opdöscht,
oder d’Paragrafen ömbeien kann. Et ass dach eng Kalamiteit dat esou guer
vermengtlech intelligent Leit eischter eng Hatt voll Ligen gléwen, wei e Grapp
voll Wourechten.”
Den Här É Lef huet keng Rou gin, hien ass riecht drop lass gângen.
”Ech mengen mir sollen et nawell probeieren. Wann emol dobaussen fun eis
geschwât get, da fannen mer bestemmt nach vill mei Onzefriddener, an da wärts
de gesin, da gin mir schon gelauschtert. Mir missten emol eng Keier richteg op
d’deck Tromm schloen! Vleicht d’Roud Breck, esou weit wei brét, a bis an den
Dall erof, voll mat déne rouden Duden hänken. Da gengs de mol gesin, wât am
Echerbierg é Gewulls an de Kornischonge lass gét. É Reporter geng dén aner
nidder treppele fir mei no derbei ze sin. Nëmmen dât ass eng Utopie, vergiess
dëse Râteschwanz erem seier! Dobei hu mir jo och keng Memberkârten fir ze
verkâfen. Denk net mei drun! Ech froen mech elo nach just wou den Duden dohém,
dât hécht wou hien eraus komm ass?”
Den Här Zwé Lef moschtert hien mat engem zimlech schiefen A, a
streckt sein Arm iwer den Dösch. Hien greift no dem roude Buch: ”Weini hues du
dé Mûscht iwerhâpt kâf? Dât ass jo d'Amoss**)
vun dengem Misère, déns de mir hei opdöschs? Réch mir emol dât blöd Steck
heihinner.”
Dei zwou schwârz Boujellien lâfen nach emmer iwer den blôen Dösch.
Den Här Zwé Lef erwöscht d’Buch, dât sein Noper bis dohinner nach emmer
fest an sengen schwéssegen Hänn hât. Et huet e ganz kurzen, jo âwer och nëmmen
e Brochdél vun engem Moment geschengt, wei wann é Bouquet mat roude Rousen iwer
dem bloen Dösch geng schwiewen. Dât war secher âwer nëmmen eng idyllesch
Fatamorgana, an duerfir och erëm seier fir ze vergiessen. Den Här Zwé Lef
sturkt op dei eischt Seit, a liest zimlech hârt a ganz patétesch, wât um rouden
Deckel geschriwe stét: ”Duden. Die deutsche Rechtschreibung. Die neuen Regeln.
Die neuen Schreibungen. Gültig für Deutschland, Österreich und die Schweiz.”
D’Uegelmusek war um Ënn. De Speaker hât t'Pärdskurss aus der
Walküre, vum Richard Wagner ugekönnegt, an die eischt Täkt hun schon fir
scheinen Remmi Demmi gesuergt. Den Här Zwé Lef ass agedosch, an sôt wei
en erem koum: ”Ech hun déne Pärd den Hals ëmgedreint."
Hien huet mam Nuesefanger op die eischt Seit gewisen, an ass viru
gefuer: " Mé hei geseis de et jo erem, fun Lëtzebuerg ass keng Riets. Eist
Land ass, alt erem an wei ëmmer vum Noper verstouss gin. Ké Wonner, eise
Kulturminister huet secher gepennt, wei doriwer débatteiert ass gin. Dé schengt
jo âwer och guer net an eiser Kultur dohém ze sin?”
Den Här É Lef huet den Kulturminister e weineg besser kannt. Sein
Papp war de Monni vun him sengem Edem senger Tatta. Hien wollt et net mat der
Famill verdirwen an huet duerfir net esou streng jugeiert, wei hien sôt:
”Oder hien war grad dén Ament am Ausland. Vleicht an Indien, fir
Proffen ze rekruteieren, well se dér jo um Géssekneppchen net genuch hun. Et
schengt wei wann d’Inder mei raffineiert wären, wei d’Jongen a Médercher hei am
Land. Dei sollen jo elo och eng Green Card kreien, wei deiseit der Musel.
Vleicht ass des Green Card en ausgezéchent Mëttel geint all dei blo, rout an
schwarz Karten, dei bis elo jidder kluge Mönsch, den Ömstänn an der
Noutwendegkét entspriechend, aus der Täsch zaubere konnt! Nëmmen wann mer schon
reklameiere gin, wât soen, wei plädeieren mer dann? Hues du der dât
schons iwerluegt? Mir musse dach kenne soen wât mer genau wöllen, wann mer schon
net mei mat eisen Nim zefridde sin.”
Op deser Plaz möscht sech den Erzieler, dén d’Personagen jo aus dem
Ef Ef kannt huet, kurz an d’Geschicht mat an, fir eppes mei
Verstéssdemech dran ze brengen, wât dénen zwé hiert Lëtzebuergescht ubelangt.
Et darf én jo net vergiessen, dat hien (den Erzieler) zwar onsichtbar, âwer
dach emmer am Hannergronn derbei ass, wei dât och an engem Krimi de Fall ass.
Wann et op émol spannend a gefeierlech gött, da vergiessen d’Leit jo dommerweis
emmer dat dei mat der Kamera, dei mam Geliets, den Régisseur an nach vill
âner mei, jo och derbei sin. Esou lossen t’Leit sech glâd ewech gären
veräppelen! An nawell färten se sech den Hönner aus der Box.
Den Erzieler potert weider: ’Den Här Zwé Lef huet esou e Möschler
vun Lëtzebuergesch geschwât. Seng Mamm war aus dem Gronn, an sein Papp vun
doawen, aus dem Issleck. No der Schull huet hien lang op der Hadir, an duerno
op der Arbed geschafft. Hien huet duerfir emol net brauchen t'Schmelz ze
wiesselen. Do sin all Dâg Arbechter aus déne verschidden Geigenden vum Land
zesumme kom, an jidderén huet fir eng kurz Zeitchen nach sein Patois, oder
Jargon, dât héscht sein ‘Duerfakzon’ geschwât. Dât war âwer net fir rose lang.
Et ass seier ugangen mat dem Gebabbels, dem babyloneschen Sprochenduerchenén.
D’Dialekter aus dem ganze Land sin op der Schmelz, an och bei dénen dei an de
Minett wunne gânge sin, no alle Régele vun der Konscht gemöscht an gemixt
gin. Et ass also net nëmmen Stôl am Minett fabrizeiert gin. Do wâren, an
fonktioneieren och nach emmer dei rengsten Kulturfabriken. Als sougenannt
Nieweprodukt ass e Sprochemix fabrizeiert gin, woubei och eise Noper hier
Sprôchen kräfteg mat gemöscht hun! Am Ufank hätt én könne schreiwen, ‘Di zwin
ischt Jâr woar alles nasch wi dohoam’. Duerno hun se wei all Mönsch geschwât,
an och geschriwen: ‘No den zwé eischte Joer wâr net mei alles wei dohém.’
Jidderengem sein hausmâcher Jargon ass wei an engem Sprochekonverter
ageschmolt, an uschleissend mat all âneren Idiomen kompakt verwalzt gin. Eraus
koum en Lëtzebuergescht, dat net mei op ze poleiren ass, an genau dât ass
et wât d’Personagen hei schwätzen an och verstin.
Domadden hât den Erzieler dem Här É Lef e bëschen Zeit geloss, fir
schârf no ze denken, ir dén seng wuel iwerluechten an och duerchduechten
Explikatioune konnt virdroen. Dén ass och op der Dôt lass gefuer.
”Ma dât ass ganz einfach. Fir net mei aus der Reih ze danzen, wöll
ech ”Én Zeng” héschen an du gengs den ”Zwé Zeng” gin. Eis direkt Noper,
besonnesch den Drei Zeng an den Veier Zeng gengen dann net mei mat engem
schiefen A op eis erof kucken, obschon mir emmer nach virun hinnen opgezielt
gin. Ech wöll neischt Besseres âwer och neischt Mannerwerteges sin, wei meng
Noper.”
”Dât ass richteg” äntwert den Här Zwé Lef. ”Âwer Én Zeng, Zwé Zeng,
klengt dât net e weineg komesch?”
Den Här É Lef war seier do, mat senger Äntwert.
”Komesch? Wât hécht hei komesch? Et gött geint vill aner, nach
bedeitend mei komesch Sachen protesteiert. Kuck, jidderén an eiser Reih
ass Famill mat den Zeng. Mir zwein eleng sin Famill mat de Lef. Weit a brét
fönns du âwer dén Num net mei, bei den Zuelebridder. Bei der Famill Zwan Zeg
héchen d’Noper jo Én an Zwan Zeg oder Zwé an Zwan Zeg. Dann Én an Dresseg oder
Zwé an Dresseg. Dât gét esou weider bis Én an Non Zeg an Zwé an Non Zeg.
Ké wéss wou dei ausgefâle Lef hierkommen, an kén wéss wien se sin. ‘Lef’, wât
ass dât da schon? D’Gebridder Grimm hun sech och net besonnesch ugestrengt an
hierer Etymologie an 24 Bänn, soss keinte mer do noschloen wou d‘Lef hier kommen.
Da fannen ech Zeng âwer villeg mei schein, an d’Kanner geroden net esou licht
duerchenén. Kuck emol beim Rechnen, wei einfach wir et dach ze soen: Én Zeng an
Én Zeng ass Zwé an Zwan Zeg, well Ént an Ént ass dach Zwé. Dât ass d'Logik! Hun
ech recht oder ass et wouer?”
Den Här Zwé Lef muss lachen iwer dém en äntwert: ”É Lef an É Lef ass
bis elo och nach ëmmer Zwé an Zwan ‘Zeg’ gin. Nëmmen, grad dobei fällt
mir op émol dé rengste Kuddelmuddel op, well eng Zuel mat ‘hannen Lef’
bei eng Zuel mat ‘hannen Lef’ derbei gezielt, dach net eng Zuel mat ‘hannen
Zeg’ ka gin. Kuck, t'Regel ass dach dat nëmmen eppes mat ‘hannen Zeng’ an
nach eppes mat ‘hannen Zeng’, zesummen gezielt get, eng Zuel mat ‘hannen Zeg’
erauskönnt! Dât liecht dach awer dém Dommsten an. Et mist dach och alles
logesch duerchduecht sin. Mat där Ëmennerung do keinten awer dach nach ganz
komesch Verwiesselungen virkommen.”
Den Här É Lef ennerbrecht en: ”Wourunner denks du besonnech?
Hues de iren eng fir ze lachen op der Pan?”
Den Här Zwé Lef schmunzt a sét: ”Ma stell der emol fir, ech
geng op d’Knippchen zu Arel goen, a stelle mech perseinlech do fir: ‘Zwé
Lef’. Dann kanns de scho roueg matgoen fir ze gesin, dat dei mir direkt 2 Patt
Leffe - Beier brengen. Wann dât keng Verwiesselung ass!”
Hien wibbelt fu lachen, besonnech sein Bâkespeck. Den Här É Lef muss
och lachen, hat âwer gleich Eng fir hannendrop.
”Dât wär jo awer och nach guer net esou derniwt. Ech wär scho
behölleflech a geng gären én mat drenken. Nëmmen dât do hate mer och am Bistro
zu Shanghai. Den Menn huet den Daum an d’Luecht gehâlen, zesummen mat dem
Nuesen- an dem Möttelste Fanger, an huet ‘Pi tschou’ geruff. Dât war net
geneitzt. ‘Pi tschou’ hécht Beier op Chinésech. Ma prompt kruet hien 7 Humpen
serveiert, am Plaz vun dénen drei, dei hien wollt bestellen. Si hun eis âwer
gudd geschmâcht.”
”A wei ass dann dât meiglech?” wöllt den Här Zwé Lef wössen.
”Ma well a China villes chinesesch ass, an én Daum an der Luecht,
dât bedeit net Ént, weis Du mengs, ma âwer Fönnef. A nach eppes, wanns du dé
klengen Fanger eleng an d’Lucht hälls, hécht dât dats du dén da bass dén
verluer huet, dén eng an d’Köscht kritt huet.”
Den Här Zwé Lef huet iwerdéms nervös am Duden gebliedert. Hie rëselt
de Kapp a mengt: ”Dât do ass âwer spassech.”
Hien hällt kurz op mat bliederen, liest a sét: ”Ech hun elo
d’Äntwert fonnt, op Deng Fro, wou den Duden dohém ass. Hien könnt aus dem
Bibliographischen Institut & F.A. Brockhaus AD zu Mannheim, an wann ech hei
richteg liesen, dann hun ech och nach e gudden Ophänker fonnt, fir nach besser
reklameieren ze können.”
Wei hien '&' gelies an betount huet ass esou guer dem Erzieler
onkloer bliwen.
”Dât ka mer jo nach schein gin, elo sin ech âwer gespânt wei
én âle Präbbeli”, sét den Här É Lef.
”Ma hei stét ausdrecklech geschriwen, dat den ‘Nachdruck, auch
auszugsweise, verboten’ ass. Domadden hun se sech âwer ganz schein an
d’Brenniesele gesât.”
”Du bass haut âwer allerhand gudd drop. Ech kommen bâl net mei no.”
”Ma dann iwerlé dach emol. Wann kén eppes aus dém gescheite Buch
darf nodrecken, dann kann jo och kén dât Buch gebrauchen. Vleicht nëmmen fir
mam Bleistefft ze schreiwen. Et darf jo kén eppes nodrecken, wei et an dém Buch
stét! Dât stét schwarz op weiss hei gedreckt. Esou eppes Verecktes. Sin dei
dann nach weis, fir iwerhapt esou eppes an de Verkâf ze gin. Et muss é jo
richteg färten. Dât ass jo dé rengste Schwindel. Ech hun jo emmer gesot. Dât
klengt Gedrecks, jé nodém wei én et liest, a fu wât e schwätzt, kann eng
Knaschterei sin.”
”Weis emol hier.”
Den Här É Lef kuckt op der bannenzecher Deckelseit a mengt
iwerzécht: ”Menger wärrech, du hues Recht, ma elo hun mir schon zwou zolid
Tuten fir eis Reklamatiounen dran an ze pâken. Dât Buch ass 1. net fir Lëtzebuerger
ze benotzen an 2. et darf och nach kén e Wuert drecken, wât an desem Buch
gedreckt stét! ”
Hien huet e kurzen Ament iwerluegt ir e viru gefuer ass: ”Dât ass jo
fir aus der Köscht ze sprangen. Elo ass och bei mir d’Hâptsicherung
durchgebrannt. Elo fueren ech énzock mat reklameieren, op Mannheim.”
Hien huet âwer nach én Ableck gezëckt a sôt: ”Mengs de nött, mir
sollten nött âwer e Schoulmeschter froen, dat dén eis behölleflech ass. Oder
vleicht e Schoulinspekter.”
Den Här É Lef huet guer net gezëckt, wei hien geäntwert huet: ”Démno
wou dei hier Tantièmen asäckelen, ass et meiglech dat sie mat dem Duden op
guddem Fouss stin, an dann hun mir schon verluer ir mir emol richteg ugefangen
hun mam Protesteieren. Wa schon, dann misst et âwer e Mathematiker sin. Oder
nach besser wär e Philosoph. Dei sin ausgezéchent an der Logik. Sie kënnen vill
mei scharf denken, an sech och vill mei geleiert ausdrecken. All Mönsch mengt
sie hätten ëmmer Recht, well et muss én och gudd oppassen, dér Mettien***,
dei mengen eppes vun der Sproch ze verstoen, lâfen der masseg doremmer.
”Mengs de dann mir hätte besser énzock de Prozess ze machen, oder
mengs de mir sollten nëmmen op Mannheim protesteiere fueren.?”
”Wann ech mer dât esou richteg iwerléen, da geng ech nawel gären
selwer émol op Mannheim fueren. Do war ech nach nett. Ech wir derfir, wa mer
schon dergeint sin, dat mer emol als eischt mam Protesteieren probeieren.
Prozesseieren könne mer nach durno. Solle mir dât dann elo môl uleieren?”
”Mir ass et egal, ech sin décidéiert. Ech fueren stracks mat. Ech sin och der Ménung, dat mir önner dér
Ongerechtegkét op ké Fall nach mei lang sollen leiden. Op émol ass Moss driwer
gewuess, an eis Kanns Kanner droen eis et no, dat mir neischt ennerholl hun,
esou lang wei et nach Zeit war. Da misste mir eis âwer schein schummen.”
Iwrem Geschwätz hâten dei zwein hieren Apéritif hanner d'Kollisknäpp
gekippt. Den Här Zwé Lef kuckt op d’Auer. ”Ma, ech sin haut de Metteg op
d’Iessen agelueden. Ech mengen dât do léft eis elo och net mei fort. Et huet
nach Zeit bis mar. Da kucken ech am Internet weini d’Zich fueren, wât
d’Billetsen kaschten, an wou mir zu Mannheim önner Dag könne kommen.”
”Ech kann dât jo och kucken, an emol duerch Mannheim surfen. Ech sin
haut de Mëtteg heihém. Mir sin jo och am Internet. Ech mailen emol doremmer, an
da kann ech Dir schon fleicht haut den owend munches möndlech downloaden.”
Allen zwein waren Tonnen zefridden, an zimlech löschteg opgeluecht.
”Ofgemacht”, sôt den Här É Lef.
”Ofgemét", sét den Här Zwé Lef, "an Gudden Peiti!”
”Tsälwecht. Scheine Sonndeg nach. Passt önner Wé gudd och iech op!”
Si réchen sech d’Hänn. Den Här É Lef seng Hand war nach emmer
schwésseg. Hien ass, mam roude Duden enner dem Arm, duerch de Gard erem zreck
an seng Villa gângen. Den Här Zwé Lef huet d’eidel Glieser vum Apéritif geholl,
huet d’Dir vun der Terrass zougespart, an ass a sengem Bungalow verschwonnen.
Dei zwou schwârz Boujellien sin nach emmer iwer den bloen Dösch
gelâf. Et huet och net lang gedauert, do sin den Här an d’Madame Zwé Lef mam
Auto erausgefuer.
Geint der Nuecht, koumen se erem hém. Op der Stross schon huet én fun
hinnen, wei mat engem Zauberstâf d’Garagepârt opgemât. Sein Noper den Här É Lef
hât schon an senger Schlofkummer mat der Nues widder der Fönster gelauert. Hien
ass gleich eriwer gedosch komm. Et ass em net seier genug gangen, an en huet,
wei d’Halogen-Luchten ugange sin, schon op der Pelouse geruff:
”Ech hun alles an der Rei. D’Billjéen****)
fir den Zug, drei Zömmer an engem gudden Hotel, vis-à-vis fum Institut.
”Zum Neuen Duden” hécht en. An dei 4 Hären, dei den Duden an d’Welt gesât hun,
den Här Prof. Dr. Dr. h.c. Günther Drosdowski, den Dr. Wolfgang Müller, den Dr.
Werner Scholze-Stubenrecht an och den Dr. Matthias Wermke hun mir versprach eis
en Denschdeg de Mueren um 9 Auer ze empfänken. Sie gengen am Haff vum Institut
op eis warden. Dobei sot én vun den Professeren, wei mir matenâner
am Internet gechat hun, si gengen eise Problem gudd verstoen, an sie wiren
souwiesou schon am Gang nach erem Ännerungen vun den Ännerungen ze
präpareieren. Dei wiren schon an der praktescher Phase vun den Tester ukom.
Ganz besonnesch hätten sie en A an zwein Oueren fir Zifferen an Zuelen, an sie
gengen och mei dax op d’Stross goen, fir dem Vollek nach mei op de Mond ze
kucken. Ass dât dan net schon e groussen Plus fir eis Sach? Dât geseit ganz a
guer nött schlecht aus. Do léft dach schon eppes Positives!”
Den Här Zwé Lef wollt nach froen firwât hien dann 3 Zömmeren réserveiert
hätt, mé en ass guer net zu Wuert kom. Ofgesin dofunner, seng Erwârdungen sin
lues a lues ömmer mei geklommen.
”An elo hât ech bâl nach eppes Wichteges vergiess. Ech hun och nach
dem Här ‘Honnert’ telefoneiert. Ech kennen hien gudd. Et ass e feinen Här, dén
a ville wertvolle Wieder dran ass. Ech hun him gesot dat mir op Mannheim gengen
protesteieren fueren. Du gléws net wei frou hien wâr, well ech him
duerfir ugeruff hun. Och hien wollt schon op Mannheim fueren, well sein
Numm him scho lang net mei gét. Besonnesch, sot hien, wir et schrecklech ze
heieren wann d’Kanner him genge noruffen: ‘Honnert, an d’Box gedonnert’! ”
”Ma dât gléwen ech gären, dat hien d’Box scho schleiche voll huet!
Elo verstin ech och, dann ass et och fir hien, wous du dât drett Zemmer
réserveiert hues.”
Den Här Zwé Lef hât domadden versicht emol erem eppes ze soen. Hien
huet sech gewonnert, dat hien dé kurze Genoss hât. Hien wollt nach mei.
Den Här É Lef ass him awer zefir kom: ”Dât ass Klâss, dât ass häwi!”
Hien reiwt sech genösseg d’Hänn. ”Ass dât dann net phantastesch, elo sin mer
schon zu drëtt. A wéss de wei hien sech wöllt emdéfe lossen. Hien huet mir
schon eppes verlaude geloss. Ë mengt ‘Zengzeng’ oder ‘Nengannon Zeg an Ént’
wire net schlecht. Nëmmen dât iwerlét hien sech nach mei gené am Zuch. Hien
wöllt jo net d’ganz Mathematik op d’Kopp dreinen. Ech mengen et wier elo och
Zeit fir schlofen ze goen. Mach dei Gelömps prett, de Rescht besprieche
mer am Zuch.”
Den Här Zwé Lef wollt schon erem eppes soen. Ma den Här É Lef huet
en net zu Wuert komme geloss. Hien hât, wei et schengt, âwer och nach guer net
wölles fir énzock an de Juck ze goen.
”Ma mir fällt elo nach esou eppes ganz Blödes an, wât mech schon
lang geuest huet. Dât ass e Wuert aus dem Här Grzimek sengem Deierebuch:
‘É Lefant’.”
Hien huet dât esou, wei bei der Zuel É Lef betount.
”Kanns du der virstellen dat et Leit gött dei soen ‘hien huet Feiss
wei én É Lefant‘, oder, ‘hien mecht aus enger Meck én É Lefant‘, oder ’hien
huet É Lefantemaneieren‘. Dann hun ech och schon mei schlëmm Wieder heieren wei
‘du É Lefantekouh‘ an och du ‘É Lefantekallef‘. Dât ass alles net flott fir no
ze lauschteren. Do sinn mir É Lef schein matten dran. Dât ass reng
Diskriminatioun.”
Wann hien deck opgerégt, an e weineg aus dem Konzept gerôde ass,
huet hien emmer mei distingeiert geparleiert, wei dei an der Chamber, fir
d'faiblen ze cacheieren. Sie sin no kurzer Zeit allebeid âwer schlofe
gang, esou weit wei dât bei der ganzer Oprégung nach meiglech war!
Um Meindeg muerend stungen se schon mat Zeiten op der Gare zu
Lëtzebuerg. Kriddelech Leit hun fu Lâtscheburg geschwât, well én duerch
d’Strosse lâtschen muss, fir dem Knätschgum an den Hondsdrecker aus de Feiss ze
goen. Dat selwegt ass an der Prowënzhâptstaat nach ze verstoen. Do entsuergen
t'Leit an d'Muppen, obschon hinnen scho lâng d'Zänn gewise gin, nach ëmmer
routinegemeiss, also wei freier gewinnt, alles wât hinnen an de Muppen uewen
oder ënnen entfällt, an t'Baach dei scho lâng ënner der Strôss léft.
Dei zwein hun nach op den Här ‘Honnert’ gewârt. Dén koum a leschter
Minutt um (net mam!) BTB vum Kriech-bierg. Den freieren Kirchbierg war och vun
den Awunner selwer schon e gudde Strapp op Kriech-bierg emgedéwt gin. Dei hâten
op émol d’Nues voll, an och deck d’Flemm, well do neischt, âwer och glat
neischt mei gelâf ass.
”Dât war elo âwer ganz schein löfteg um Bus-Trett-Bried
ze kommen" sôt hien ausser Otem, "ma ech hätt keng aner Meiglechkét gewosst
fir den Zug nach ze kreien.” An et gléwt secher kén, wei wouer dât wâr.
Dei Drei hun sech én dém aneren hurteg virgestallt, sin nach mei
seier op den Quai Nummer 11 gelâf, sin nach just an den Zuch fir op Treier
gesprongen, a schon ass dé gefuer.
”Dât wâr âwer knapps, sôt de Blech” mengt den Här ‘Honnert’, wei den
neien Interregio aus der Gare eraus gefuer ass, a Richtung Kueblenz.
Et huet emol kén hien gefrot firwât en ‘sôt de Blech’ gesôt hât. Önnerwé
hun dei Drei masseg matenâner an iwerenâner débateiert an sie hun sech emmer
mei deif an e gringen a gielen Ierger eran diskuteiert.
Op Mannheim koumen sie ereischt geint der Owend. Sie waren komplett
op- an duerchgedreint, wei wann se sech en zolitten Joint verpasst
hätten. Sie louchen mat Zeit flâch, net ënner mé op dem Diwi. Am Hotel ”Zum
Neuen Duden” war keng Televisioun. An dem Tirang vu sengem Nuetsdösch huet âwer
jidderén dén Neien Duden fonnt. Kén vun dénen Drei huet dât Steck ugereiert.
Dât war fir sie keng Bibel mei!
Wei se dén aneren Mueren, wou den Rendez-vous war, zesummen an den
Haff vun dem Institut getreppelt sin, wâren do 4 erwuesse Männer, zwémol mat
Glatz an zwémol mat groen Hoer, emkrést vun ‘zeg’ Kanner. D’Kanner sin am Krés
ronderem gesprongen an hun derbei gesongen. Dei 4 Hären hun sech op emol
matenâner emgedreint an hun eis 3 Häre gesin.
”Die Luxemburger kommen, weitermachen!”
Sie hun virun matgedanzt an och matgesongen, esou wei wann se nach
seier eng ugefangen Arbecht weilte färdeg machen. Dei Drei sin emmer mei no
kom, mat hierem immensen Ierger am Getreips, dén ennerwé, an och owes nach
virum Schlofegoen un Dimensioun zougeholl, an an der Nuecht âwer och net dei
Boun nogelôs hat. Sie hun gudd heieren wât d’Kanner am Krés gesongen hun,
wei dei ronderöm d’Dr. Dr. Professeren mam honoris causa gedanzt sin. Dei
geleiert Hären hun an derselwechter komescher Sproch mat gesongen, an hun ganz
secher praktesch an spilles un hirem neisten Neien Duden geschafft.
De Kanner hiert Sangen war wei Ofzieles. Wei dei Drei dât, esou guer
matenâner, spatz kruten, huet et si och matenâner wei ë Blötz getraff.
”Inke, zwinke, rinke, Finke, funke, Rabe, Schwabe, Dicke, dora,
dätsch!”
Minutten drop, soutzen dei drei geschockte Lëtzebuerger an engem
Taxi fir op d’Gare vun Mannheim, an enzock op Hém lass. Sie waren bléch em
d’Nues an sôten mat enâner: ”Bei dér rasanten Entwecklung, sin eis Chancen
Null.”
Den Här Honnert mengt: ”Dir Hären, elo ass et gesch...itt!”
Den Här Zwé Lef huet deif Otem geholl a sôt: ”E Gleck dat dén Duden do
zu Lëtzebuerg net ze benotzen ass”.
An den Här É Lef hannendrop: ”Ech ka mer net virstellen, dat ech an
Zukunft soll Inke Dätsch héchen!”
* * *
Nowuert: Den Erzieler wollt, als Leier dei aus deser Geschicht ka gezu
gin, och nach Eng uewen drop nélen.
‘Fir de klengen Fanger gewiesen ze kreien¨),
wanns de protesteieren oder reklameieren gés, brauchs de net bis op Mannheim ze
fueren. Zu Lëtzebuerg, do zielen d’Kanner grâd esou. Fir ze rechnen
huelen se eng Maschin!’
Kleng Explikatiounen
*Boujellien sin Déieren, déi och nach
Séjomessen, Séchmunessen oder Pissmumesse genannt gin.
**Eng Amoss get aus dem franzéischen ‚Amorce’ ofgeleet. Hei ass de
Polfer, den Ausléiser vum Schoss gemengt.
***“Mettien“ huet an dësem Zesummenhank näischt mat Mettwurscht ze
din.
**** D’Billjeeë.
Hien hätt dat Wuert net wèi den Här Zwé Lef geschriwen, den nach bis virun
senger Pensioun op der franzéischer Grenz, net wäit vum Mäertesbierg gewunnt
huet. Et hätte en och kaum dee feinen Ennerscheed an der Aussprooch
eraushéieren, vläicht mat den Oueren vun engem Här Karajan. Gesinn hätte en et
awer bestëmmt op sengem Sonogramm. Den Oszillograph hätt deen echt Lëtzebuerger
„j“ schéin erausmoduléiert.
En Spill fir
t’Gehéier
Geschriwen
fir den
Prix
Marcel Reuland 1960
Ausgeschriwen
vun RTL
***
Text
Henri
Regenwetter
Musek
Camille
Roilgen
Berodung
Josy Moutschen
N.B. Dräi
aner Stëcker sin ugeholl gin.
Dat heie
Stëck nët.
Et gouf och
nie iwerdroen.
PS. Hei
hannendrun mein démolegen Kommentar
zu dësëm
Concours an dén ausgewielte Stecker.
De Concours
ass nie mei erneiert gin.
AAT-
GARTEN- UND TEICHFREUNDE
LUXEMBURGS
trauert
um Ihre Präsidentin
Mady
Molitor
Mady Molitor ist seit der Gründung
dieser Vereinigung, d.h. mehr als 30 Jahre, im Vorstand tätig. Ihre
naturkundlichen und fachbezogenen Kenntnisse als Biologin, sowie Ihre ständige
selbstlose Aufopferungsbereitschaft im Volotariat u.a. inmitten unserer
Gesellschaft, trugen dazu bei, dass besonders der Amphibienschutz in unserm
Land einen so hohen Stellenwert erreichte. Ihr umsichtiger und philanthropischer Weitblick war für alle
Mitarbeiter ein unvergessliches Vorbild. Sie gehört unweigerlich zu den
brillantesten Frauen der luxemburger Gesellschaft, in unserer Zeit. Sie hat
uns, auf Ihre unauffällige Art, auf immer verlassen, doch wird Mady in aller
Erinnerung weiterleben.
.
Vorstand und Mitglieder schätzten Ihr
kameradschaftliches Wesen. Dieser Verlust ist unersetzbar. Die
Vorstandsmitglieder entbieten der trauernden Familie ihr innigstes Beileid.
Äddi, Mady Molitor
Au revoir Mady,
Foto
Präsidentin vun den AAT.
+ 27.11.2005
Du stungs nach am volle Liewen, virun
e puer Wochen. Do huet et Dech, an och eis, äiskal erwëscht. Wéi Deng Noper Dir
geroden hun, Dech onbedingt am Spidol behandelen ze loossen, do hues Du Dech
nach guer net deemno gefillt. Och dës Kéier war Dein onbeschreiwlechen
Optimismus mat am Spill. Mir hunn mat Dir gehofft, dat Dir näischt Schlëmmes
dierft passéieren.
Du hues mir perséinlech aus dem Spidol
ugeruff, fir matzedeelen wat geschitt ass. Ech hunn Dein Wonsch erföllt, dës
Noriicht am Bekanntekrees ze verbreeden.
Frënn a Bekannten si bei Dech komm,
oder Sie wollten Dech besiche kommen, awer t'Konditiounen duerfir, hunn sech net ewéi soss verbessert.
Et huet sech eraus gestallt, dat et dës Kéier net esou war wéi fréier, an anere
Fäll. Wéis Du dann virun enger Woch an de Koma gefall bass, do huet t'Hoffnung
schon muench Een verlooss, nëmmen mir wossten dass Du stark kanns sin an, dat
68 Joer hun, eigentlech keng Ursaach dierft sin, fir schon vun eis ze goen.
Haut
hun ech vun Denger Famill déi onwiderruflech an traureg Noriicht kritt,
Du häss eis vir ëmmer, an dat aus onerklärleche Grönn, verlooss. Deng
Virstellung vun enger Iesswuerevergöftung war vläicht Wonschdenken, oder sollt
eis berouegen. Ech mengen Du hues et awer anescht gespirt. Göschter an der
Nuecht, bass Du heemlech vun eis gangen, ouni vill ze leiden.
Wëll et net méiglech war fir Dir bis
zum Erschéngen vun dësem Heckefräsch en ausféierlechen Noruff ze schreiwen, a
mat der AAT-Zeitung drëcken ze loossen, huet de Comité vun den AAT- Garten- und
Teichfreunde Luxemburgs, wous Du elo schon 2 Joer lang Präsidentin wars, eng
Noutléisung fond, andeem mir all eise Memberen des traureg Noriicht iwwer dëse
Wé emol matdeelen, fir dann awer an dem nächsten Hëckefräsch en ausféierleche
Réckbléck ze brengen, iwer Dein onermiddlecht Schaffen an onse Reihen, am
Interessi vun engem virbildlechen Volontariat, dat sech mam Naturschutz ofgëtt.
Däi Fortgoen ass en immense Verloscht an eise Reien.
Et
traueren mat mir, de Comité an all Mataarbechter vun den AAT, an all
Memberen vun eiser Naturschutzgesellschaft. Dem Begrönner vun deser
Gesellschaft, stungs Du als wössenschaftlech Beroderin, als Biologin, vun dem
éischten Dag un zur Säit. Mat offenem Häerz, mat groussem Enthousiasmus an
Opafferung,, hues Du an alle Situatiounen gehollef, fir aus deser Gesellschaft
dat ze machen, wat se haut ass, eng unerkannt Naturschutzgesellschaft. Ech
fillen mech bei desem batteren Verloscht perséinlech déif betraff. Ee grousse
Merci vun eis all, a ganz besonnesch vu mir, soll Dech op Dengem éiwege
Wee begleeden.
Mady, Du bleiws eis ëmmer a beschter
Erënnerung.
Henri Regenwetter, Eirepräsident vun
den AAT, 28.11.2005
De Porette Jhang (nei 18.3.2006 – lafend opgebaut)
Hie war en Unikum vun Déifferdeng. Hien hat e Geschäft an der rue du
Marché. Dat luch no dat en och op de Maart gangen ass mat senge Produkter. Ech
versichen hei e puer vun sengen Liewensepisoden no ze erzielen.
Sein Mupp
Den Luxi war en treien Wollefshond. Wann et Zeit war fir Iessen ze
kommen, dann huet t’Tata Berta, déi eleng am Butek mat e puer Médercher
geschafft huet, dem Luxi t’Hausdier opgemach a gesot. Luxi, géi de Jhang
sichen. Dann huet de Luxi sech op de Wé gemach. Hie wosst schon wou sein
Méschter sech méschtens geng ophalen an dann ass hien bei déi Wiertschaftsdire
schnoffele gangen. Hat hien eng Spuer opgeholl, dann huet hie gewart bis t’Dir
opgangen ass an dann war hien schon dobannen. Hien huet sech ganz frëndlech
niewent de Jhang gesat, huet en eng Kéier mat der Nues gestuppst an huet dann
riecht aus gekuckt. De Jang huet en da gesin an hien huet direkt verstanen dat
et Zeit war. „Luxi, bass du schon do. Dann ass et elo Zeit sin fir iessen ze
goen. Hien huet ausgedronk an ass hém gangen.
Mouss, Sauermouss.
Wann t’Zeit do war dann huet de Jang Kabeskäpp bestallt. Net eng
Dosen, net e puer Honnert, mé e ganzen Waggon voll. Hien huet sech se hém
brenge gelos mat engem Kamion an da war et un senger Zeit fir Mous ze
schrouden. Dann huet hien am Keller gewuddert. Grousseg Fässer hat hien am
Keller stoen an hien huet sech och direkt un t’Arbecht gin, well hie wosst dat
hien elo fir e puer Wochen am Keller ugestrekt war. An dat ass e Wuert wat an
engem anere Sönn gebraucht muss gin. Selbstverständlich hat sein Sauermouss eng
grouss Renommée. All Mönsch huet es bei him kaf. Hien huet och Elbling kaft fir
dran, well Sauermouss ouni e Schotz Wein dran, ass net richteg. Natirlech huet
de Jhang och ëmer erem probeiert op de Wein nach gudd war, an esou huet hien
sech natirlech all Dag eng ugestreckt. En Dag ass hien bal net t’Kellertrapp
erom kom, do huet hien de Luxi geruff an dén ass virun him erop gangen an den
Jang huet sech vun him mat sengem Schwanz erop zéie geloss. Hien hat dém armen
Béischt eng Kéier bal de Schwanz ausgerappt, well en t’Gleichgewiecht verluer
huet.
Seng Lieferanten hun hien nawel gären ugeschmiert. Zemol déi him
Uebst geliwert hun. Mé hien huet nie mat hinne gestridden. Et ass of virkom,
dann haten se ennen an der Uebstköscht eng Partie faul Äppel, Biren oder
Orangen verstoppt. De Jang huet natirlech ir en op den Maart gangen ass seng
Wueren schein sorteiert, dobei hat hien verschidden Taktiken entweckelt. Wann
den Liferant soll 2 Dozen Köschten era brengen, dan huet de Jang sech séier eng
Köscht erwöscht an huet se am Keller verstoppt. Wann et dann iwer t’Zielen hier
gangen ass, dan huet de Jang gemengt: Ah sou, wolls de mech erem uschmieren. Et
fehlt jo eng Köscht mat Uebst. Et ass nogezielt gin an esou wéi et ausgesin
huet huet de Lieferant nach eng missen aus an sein Kamion siche goen.
Um Maart huet hien anescht geschafft. Hie wosst dat Leit hien
méschtens mat Sachen ofgelenkt hun fir eppes ze kafen, wann hie dat dann op dem
aneren Enn vun sengem Stand gesicht huet, dann hun si vun senger normaler
Reserve önner dem Dösch z.B. Tomaten an hier Poche gestach, ouni lang ze
kucken. Nêmmen de Jang huet seng Pappenheimer kannt. Hien huet meschtens dat
Uebst virlanscht önner seng Döscher gestallt, wat ugeschloe an net ze verkafe
war.
Eng Kéier hat eng Fra him e Choufleur geklaut an déif an hiren
Akafkuef verstaut. Dat war him net entgangen. Nodem hien seng Rechnung gemach
hat huet e gesot: „A wat héieren ech dann do fir eng Stömm. Dat ass e Käbbi de
Brüssel dé mech rifft.“ Hie könnt hanner dem Dösch eraus an op t’Frau duer,
greift an hieren Akafskuerf a sét: Kom du mein leiwen Käbbi de Brüssel, wolls
du de Jhang verlossen ouni eppes ze soen.
Blödel - Usproch bei engem Zesummekommen vun Arbechtskollegen. (nei
4.3.2006)
Bis dass de „Koll“ Iech platzt
Ech huelen un, dat jidderén Letzeburgesch verstét, well ech mat alle
Möttele vermeide wöll t’Amtssproch, eis Amtssproch, hei ze gebrauchen. Et soll
hei émol net no Arbecht richen.
Léiw Kollegen
Koll ass Pech. Ech wöll domadde awer net soen, dat ech hei als
Kollumnist oder Kollombophylen mei oder manner Koll hât fir t’frendlech
Kollexistenz fun de Kollegen hei op eiser Kollatioun kollportéieren ze kënnen.
Et huet mech kollosal gefrét ze kollaboréieren an och fir eis eng kolloréiert
Kollektioun fun Kollegen am Num fum Kollité désorganisatioun kollektif an
kollegial hei begréissen ze können.
Koll ass bekannt, awer och eng Ofkierzung vun collegi, wat esou vill
bedeit wéi gesammelt, beienaner, also esou fill wéi an enger Kollektivitéit déi
sech gesammelt huer fir kollektif hier Mönz a Kollatiounen an Kollutoiren öm ze
setzen. Eng kollosal Kollonne dorsale vun der Ekollomie. Mir hun eis hei
töschent dénen zwou Kollinnen, dem Kollver Knapp an dem Uewerkueren Rattem,
wourobber den Kollité désorgainatioun sein permanente Sötz huet, also em Uert
genannt Kitty Saufmann, pardon City Kaufmann…also mir hun eis hei
kollektivéiert, net fir de Kollin, mé fir Solen an Bons gens …pardon Jambon du
pays als Kollatioun zou eis ze huelen. Ech hoffen, dass beim Gröff nom Koll vun
der Fläsch mam Allkoholl kén fun de Kollegen kolleresch get, fir iwer eisen
verkollten Kollektivvertrag zu kolloqueieren oder iwer aneren Kolleckmer
dach,,oh pardon Kollektivismus.
Eis kleng intim Kollonie hei kann, duerch én aus wötzeger Kolloquint
entsprongenem Kolloquium, an och, durch kolloristesch Kollportagen kollosal zur
kollektiver Kollegialitéit kollaboréieren. Ech hoffen, dass keng Kollisioun hei
entstét, dat kén Kolliken, Kollesterol am Bludd, mat enger Kollämie oder esouguer
mat Kollera hei muss eraus goen. Kén soll sech seng Kollonn vertébrale beim
Kollespill verkollen.
Kollegen, wann ech elo fun elauter Koll, verzapt hei zu Kollwer, en
kollosalen Kollaps kolléieren, da macht mir eng Kollekt, brengt mech op
Kollpech, (do hu mer jo erem dat Koll Pech ass) administréiert mir Kollchizin,
bei leiwe ké Kolla, an ennersicht mei Gehir op Kollibazillen. Kollegen,
Kollitigenten, Kollposkopisten, Kollchosenbaueren mat Kolloquinten, ech
kollabéieren.
Kollatioun w.eg.
Eng Mandarine, waat alles déi ka
bewierken.
Méin Aumônier
huet mech eng Kéier an de Wanterméint, wéi ech bei him zou, eng Mandarine
geschielt hunn, gefrot firwat t’
Meedercher t’ Mandarinnen esou gären hätten. Ech wosst et net a wollt et awer
wëssen. “ Ma wëll ‘Ein Mann darin’ ass “. Déi Mandarine ass mir am Gedächtnis bliwwen,
soss hätt ech mech elo net drun erënnert.
Meng
Frächen huet mir gëschter nom Kaffi, wéi ech eng Mandarine geschielt hunn,
gesot: “ Weess du un waat ech denken, wann ech dech gesinn, weis du enger
Mandarine de Costume ausdees? “ Meng Äntwert war natierlech ganz logesch. “ Wéi
soll ech eraus fannen u waats du elo denks? ”
Ech war
gespaant waat esou eng kleng onscheinbar Fruucht, nët nëmmen fir t’ Gesondheet,
fir den Duuscht an den klengen Honger, bewierke kann. Wien ass sech scho
bewosst, dass wann een der Mandarin de Costume ausdeet, an den éiwegen Reproduktioun
Prozess vun dëser Planz ferme agräift. T’ Schuel ass eng Protektioun vun der
Mammefruecht fir hire Kanner, wat jo t’ Käre sinn, déi néideg Fiichtegkeet ze garantéieren,
an déi mir Jus nennen, bis dass t’ Kären mat enger Kéng mam Buedem Kontakt
opgeholl hunn, fir dann iwwer Wuerzelen no der Fiichtegkeet am Bueden ze sichen.
Et muss een iwwer daat kléngt
Verbriechen ( wëll jo e Familljeliewen zerstéiert gëtt) emol méi genau nodenken,
well all daat Gelamentéiers, wann een Déier geschluecht gëtt, fir et ze iessen,
gehéiert an senger Beuerteelung zum oniwwerluechte Geschwätz. Och Planzen hunn
e Liewen! Mir fänken vläicht vill ze spéit un, fir och si ze verstoen, si ze verschounen
an si ze beschützen. Net nëmmen dat fält op, wann een e wéineg nodenkt. Et ass
eng immens geeschteg Kraaft, déi net nëmmen an dëser Planz stécht, mee och an all
aanerem Gréngs an der Natur. An déi Mandarinnen geeschteren schonn iwwer 70
Joer an eisem Gehir, fir op emol en onerwaartenen Ausbroch vun aalen Biller
erwächen ze kënnen, déi eng Kéier nëmmen kuerz programméiert si ginn. Dat muss een
sech emol fir stellen, well wann een dem Bréifdréier, dem Schouster, oder dem
Mëllechmann, vun där Zäit, hiert Gesicht erëm wëllt gesinn, dann ass daat net
esou einfach, wéi bei eiser Mandarine. Waat fir eng Erënnerungen menger Fra do nach
an de Kapp komm sinn, daat huet si mir du erzielt.
“ Ech war nach en Naschtquakert, an all Kéier
wann ech eng Mandarine gesinn, da muss ech un déi Zäit just virun der
Evakuatioun, am Joer 1940, zréck denken. Menger Tatta hire Buttek war um Buer, an
si hat do eng Stoussköscht. Weess du iwwerhaapt waat esou eng Stoussköscht ass?
“
Ech hat nëmmen
nach esou eng vague Erënnerung, a wollt hier de Spaass um Erziele loossen a
sot: “ Du muss mir dat nach eng Kéier an Erënnerung ruffen. Ech gesinn an
Gedanken esou eng Këscht an dem Buttek, wou ech méin Knätsch kaaf hunn, vir t’ Biller vun Coureuren ze
kréien, déi an all Päckelche agewéckelt waren. Mat deene Biller hu mer Tour de
France gespillt. Mir hunn deem Coureur saïn Bild, vun deem mir gemengt hunn,
hien wär dee Beschten, flaach op de Réck vun eiser lénker Hand geluecht, déi
mir dann an der Luucht gehalen hunn. Mam Mëttel oder Nuese Fanger a mam Daum hu
mir du e Katapult gemaach, an dat Bild ferme
op engem vun sengen Ecker gedixt. Dat ass dann wéi e Propeller duerch t’ Luucht
geflunn, an weit vun eis eréischt op de Buedem gefall. De Matspiller hier Coureuren
sinn gläichfalls, vun enger Linn um Buedem aus, duerch t’ Luucht geschleidert
gin. Wiem säin Coureur am wäitsten geflunn war, deen hat gewonnen. Hien konnt
deenen aneren hier Biller, déi net esou weit geflu waren, an seng Täsch
stiechen. “
Meng Fra
ass viru gefuer: “ Merci fir déi schéin Erënnerung, déits du elo erëm erwächt
hues. Ech hunn dat och bei de Bouwen no gekuckt. Si hunn eis awer ni matspille
gelooss. Richteg, déi Coureuren aus dem Knätsch, waren eng laang Zäit am
Gebrauch, ech hunn se och gesammelt, awer och hu mir op dem Trottoir mat Kräid
eng Pist gemoolt, mat 2 parallel Stricher, an dei Plaaz tëschen de Säite
Stricher war ënnerschiddlech schmuel, an awer déi gemoolte Pist, wou eisen Tour
de France gefuer ass ginn. Mir hunn och alt Kéieren, an Etappen drop gemoolt oder mat
Steng de Wee geféierlech schmuel gemaach.. Dat war den Tour wourobber dann
jiddereen sei Boxe Knapp geluecht huet, fir eng Course ze maachen. Jiddereen
konnt 3mol hanner enaner säin Knapp dicksen. Wann de Knapp aus dem Parcours geroden
ass, dann huet de Knapp missen zréck op eng Etapp goen, déi mat engem Quier
Stréch gezeechent war, oder esou guer
dohinner wou den Tour ugefaangen huet. Déi
Tour de France Spiller sinn all Joer an der grousser Vakanz op den Trottoiren
opgetaucht. Stonne laang si mir do ongenéiert um Trottoir oder esou guer matten
an der Strooss, um Hënner an op de Knéien,
um Buedem gerutscht an hunn Tour de France gespillt. De Parcours war
meeschtens nach laang duerno op den Trottoiren ze gesinn.
Elo awer emol
erëm zréck zu menger Geschicht. Et huet een missen e puer Sous bezuelen, an da
konnt een an déi zougepecht Lächer vun der Këscht am Buttek stiechen. Dann huet
een ëmmer eppes Klenges gewonnen, wéi eng fuerweg Jick, dat war eng Glasmierbel,
en Zännstëppeler fir ëmmer ze gebrauchen, eng gespëtzte Fieder vun engem Hung, oder
niewent villen aaner Klengegkeeten, eng Karamell. Den Trick fir dass déi Këscht
vill sollt benotzt ginn, waar den Driff fir den Haaptgewënn ze kréien. Dee waar
baal duebel esou grouss wéi eng Schongkëscht,
gefëllt mat enger flott ugedoener Popp, net
grad esou grouss wéi t’ Këscht. Meng Ditti haat en A drop geworf, well si wollt
mir esou eng Popp fir Neklosdag schenken. Eenzock huet si fir t’ Stousse vun
alle Lächer bezuelt. Si ass nëmmen esou ganz sécher, an de Besetz vun där Popp komm.
Wéi Neklosdag
1939 du komm war, do louch fir mech, niewent dem Teller, déi iwwergrouss Këscht
mat der Popp, an meng Ditti haat den Deckel schonn erof geholl, fir méi Androck
ze schënnen. Doniewent louchen och nach Mandarinnen, Äppel, Schokola an och e
klengen maulege Petzi. Wéi de groussen Ament vun der Bescheerung komm war, hunn se mech bei den Dësch mat de fuerwege
Käerzen gelooss, déi schéin geflackert hunn, a scho vu wäitem si meng Aen gepaakt
ginn vun enger grousser Iwwerraschung, déi mir vill Freed gemaach huet. T’
Famill war gespaant bei menger Opreegung. Ech sinn op all déi gudd a schéin
Saache lass gerannt an hunn eenzock de butzege Petzi an de Grapp geholl, vir
hien ze stréilen. Ech hunn hien u méin Häerz gedréckt, ech hunn hien gekësst an
ëmäerbelt. En ass iwwer méin Schouss gehopst wéi iwwer t’ Äisbléck um Nordpol.
Ech mengen ech war a menger Kannerzäit ni esou glécklech, wéi deen Ament.
Meng Ditti
war entsaat, huet sech awer näischt mierke gelooss. Hier Popp hunn ech net emol
aus der Këscht geholl, an si ass e puer Deeg drop ouni ausgepaakt ze sinn, schéin
propper um ieweschte Späicher geland, wou nach vill aaner oninteressante
Kreemchen versuergt ass ginn, fir spéider emol.
Do si mir
evakuéiert ginn, an vun allem wat ech am léifsten haat, hunn ech den Petzi
deels a menger Täsch, deels a menger Hand mat geholl. A meng Spill Posch huet hien
och gepasst an daat huet him am beschte gefall, wann ech meng Posch zou gemaach
hunn, da konnt hien gemittlech en Tëmpchen haalen. Wéi mir no der Evakuatioun
erëm doheem an eisem Haus waren, do sinn ech awer och op de Späicher firwëtze
gaangen, op keen déi Popp geklaut hätt. Daat koum do duerger, wëll déi Zäit
vill dorëmmer gestibitzt ginn ass, net
nëmmen vun de Preisen, mee och vun den Italiener, an de Letzeburger. Si war glécklecherweis
nach do. Wéi ech se wollt aus der Këscht eraus huelen, do huet mech eng
Plastiks Popp mat dreiwen Aen, a mat enger blénkeger Glatz ugekuckt, waat mir
all Freed geholl huet, déi sech elo hätt eventuell kennen opbauen. Der Popp hire
ganzen Tuppi huet dommerweis nach an der Këscht gepecht, an elo haat si och
nach eng fierchterlech Glatz.
Wéi meng Ditti
daat héieren huet war se schonn erëm entsaat, waat déi Popp fir onkammoud
Andréck géing hannerloossen, an fir dem Schued entgéint ze wierken huet meng
Ditti der Popp eng schéin fuerweg Mutz gestreckt. Si huet nawell ganz gudd gepasst, an do hunn
ech mer emol dat Klengt an den Aarm geholl ouni ze erféieren. Et war eng Fred
hier och méin Petzi fir ze stellen, deen si nach ni esou äerdeg ze gesi kritt
haat. Si huet eenzock eng schéin Plaatz an eisem Canapé fonnt, wou all Leit si
konnte bewonneren. Vu menger Ditti krut ech duerfir och eng säfteg Bees. O jo,
de Petzi hat och en Numm. Waart emol, ech kommen elo net direkt drop. Ech
mengen et war den Virnumm Maurice .”
Ech hunn si
ënnerbrach a war méi virwëtzeg ginn. “A firwaat dann den Numm Maurice, has de
deemools schonn e Freier? “ Meng Fra
huet sech Zäit gelooss fir mir eng Äntwert ze gin. Do op eemol ass hier eng
Liicht hir opgaangen. Si huet mech gefrot: “ Gett et e franséischen Coureur deen
Archambeau oder esou ähnlech geheescht huet? “
Ech konnt
nëmme soen: “ Esou en Coureur hunn ech net kannt “. Si huet gezeckt an du gesot,
ma da kuck dach emol am Internet no. ” Daat hunn ech dann och gemaach an ech
hunn dat heite fonnt: --Maurice Archambaud - Ce petit gabarit — on le
surnommait « Le Nabot » en raison de sa taille 1,54 m — a battu le record de l'heure en
1937. -- Meng
Fra ass baal vun Opreegung ënner de Stull gerutscht. “
Gesäis de, ech hunn nach e gudde Verhalt, an nëmmen well dëse Petzi esou e
stuppege war, hat hien vu mir och den Numm vun dësem Coureur kritt! “
Ech hunn
hier e Kompliment gemaach a gesot: “ Wanns de Alzheimer häss, dann häss de daat
doen net soen kennen, well een deen Alzheimer huet, dee weess et guer net. ”
“ Obs de se
elo wëlls Fréiere nennen oder nett, daat ass mir egal, ech denke nämlech elo
juste dorunner dat ech nach méi Coureuren gären haat. Dat waren den Arsène
(Mersch), de Pitti an de Metti, ech mengen si hu Clemens geheescht. Een méi e
grousse Petzi, deen ech haat, huet Auguste gehéicht, a wann ech mech gudd
erënneren, dann war séin Familljennumm Mallet. “
Ech sinn
net aus dem Staunen eraus komm. An do ass si eraus geplatzt mat Laachen.
“ Si waren
all meng Petzien, an ech hu mech guer net genéiert fir se owes alleguerten mat
an t’ Bett ze huelen. An elo aawer séier
zréck bei daat waat ech dir erziele wollt. Mat all deenen Erënnerungen geréit
ee vu Jiipses op Jaapses.
Et war
Krich. Op eemol waren keng Banannen, keng Mandarinnen a keng Orange méi op dem
Teller. Fir Chrëschtdag ass de Beemchen och nëmmen méi mat, sëlweregem
Schokolas Pabeier, ëmwéckelt Äppel dekoréiert ginn. Äppel a Biren, an och Nëss,
awer séier wéineg Schokola, waren derbäi.
Mir wollten
an kruten och keng Spiller geschenkt, mat Krichs Figuren, Zaldoten oder Panzer
an Kanounen. Ech hunn mir ëmmer Rollschong, e Vëlo oder eng Trottinett
gewënscht, wëll och meng Frëndinnen esou eppes vum Nikleeschen geschenkt kritt hunn.
Ech hunn meng Mamm a méin Papp gedirängelt firwat aner Kanner vum Kleeschen
dann e Vëlo oder eng Trottinette geschenkt kritt hunn, an hien mir ëmmer nëmmen
esou kleng Bagatellen dohinner geluecht huet.
Meng
Elteren wossten firwaat, an si hate och eng Ausried fir mech. Si soten de Kleeschen
géing gesinn, dat deenen aneren Kanner hire Papp oder hier Bridder am Krich
misse sinn, an fir se ze tréischten hätt hien se e wéineg méi verwinnt. Ech war
zwar och getréischt, awer nach ëmmer traureg. Et huet gedauert bis de Krich eriwwer
war, do sinn op eemol an de Butteker erëm Mandarinnen opgetaucht, an ech war du
schonn erwuessen! Ech haat ëmmerhin 11 Joer, an méin Verlaangeren no engem Vëlo
oder enger Trottinett war nach ëmmer do, an ass esou guer all Daag méi staark
gin. Ech war ëmmer e wéineg traureg an hunn meng Elteren guer net méi verstanen,
well ech op eemol wosst, wien de Kleesche wier, an si mech jo dann ëmmer belunn
haten.
Et war eréischt
1944, nom Krich, an et ass op Chrëschtdag
lass gaangen. Doheem ass en Beemchen opgeriicht gin an et war esou een Hin an Hier,
esou e Gepëspers an t’ Ouer an hanner der Hand, deem ech ganz verwonnert no
gekuckt hunn. Do koum den Daag vun de Cadeauen, ënner dem Beemchen, well de
Kleeschen jo net méi existéiert huet. Ech hunn direkt ënner eis kleng Dënn, déi
mäi Papp am Gaard ofgeseet haat, gekuckt op net erëm eng Popp géing do leien,
an meng Aen hunn ugefangen ze blénken, wéi ech déi vill Mandarinnen, Banannen
an de Schokola an och t’ Orange gesinn hunn. Meng Elteren an och meng grouss
Schwësteren waren esou komesch roueg an si hu mech bekuckt an ech hunn si
gekuckt an do eréischt ass méin Bléck vun eppes Grousses Blénkeges ugezu ginn. Et
ass wéi e Blëtz duerch mech gefuer. Do war jo mäi Vëlo. A waat fir een. Mat
Schnallen op de Fouss Pedallen, an engem blénkege Suedel aus Lieder. Eng Schell,
a Bremsen, eng Pompel a Luuchten, vir an hannen, deck opgeblose Pneuen. Ech hat
an engem Nu, den Inventar gemaach a war deck zefridden. Et huet näischt
gefeelt. Endlech war méin Draam an Erfëllung gaangen. Ech hu meng Schwësteren,
meng Mamm a méin Papp ëmäerbelt an zerkësst. Hu vu Fred gekrasch, a wéi mer du mat
Kuch, Taart an Mandarinnen beim Dësch souzen, do sot meng Mamm.
“Méi léiwt
Kand, ech muss dir elo nach eppes verroden, wat dech an awer och eis am Krich onglécklech
beschäftegt huet. Mir konnten dir deemools kee Vëlo oder eng Trottinett kafen,
well de Papp t’ Sousen gebraucht huet, fir de verstoppte Letzeburger eppes z’ iessen
ze bréngen, frëscht Gezei ze besuergen oder och wann hien huet misse e Passeur bezuelen.
Dann och muenchmol fir e Pass fälschen ze loossen, waat net bëlleg war.. Haut
kënnen mir eis mat dir richteg freeën, fir däin Vëlo zemools, an mir si mat dir
glécklech, fir emol erëm mat groussen Genoss zesummen Mandarinnen kenne ze iessen.
“
Ech hu mech
un de Computer gesaat, well dës Erënnerungen et derwäert sinn nidder
geschriwwen ze sinn.
Henri
Regenwetter
Zolver, den
16.12.2014
Ech
erlabe mer, mengen treie Lieser,
méin lëschte “ Cru “, an lëtzebuerger Prosa,
vir déi Feierdeeg als Cadeau ze servéieren.
Ech verbannen domadde meng
beschte Wënsch
fir gesond a monter,
de Rutsch an daat Neit Joer ze maachen.
Zolver, den 15. Dezember
2014
****
Vum Misch a sengem Mupp Mike.
Ech muss hei emol enger richteg geschitte
Geschicht lass ginn.
Mäi Kolleg Misch hat en Hond. Mir hunn ni
Mich zu him gesot. Hien war vir eis de Misch an zwar mat engem schaarfen s
virum ch, dem Auto Ofzeechen vun der Schwäiz. Am Minette si mir gewinnt eisen Ausdréck e wéineg méi e graffen Klank
ze ginn. Eise gudde Misch also, huet ëmmer gesot, séi Mupp Mike wär e Fox
Terrier. Den Hond, wann dee säin Numm héieren huet, war gewéinlech zimlech
schnell op Zack. Hien war sengem Meeschter nogeschloen. Den Hond huet Mike
geheescht, sengem Meeschter séin Numm, op anglo - amerikanesch, deen laang an
eisem Land net als Virnumm vun engem Kand, unerkannt ass ginn. Munnechmol huet hien beim Ruffen nëmmen drop gefollegt, wann een
méi e strengen Toun ugeschloen huet. Wéi et genau zu dësem Numm komm ass, enzitt
sech menges Wëssen. Op alle Fall war den Hond esou aus der Mëttel Klass vun den
Hënn. Net ze kleng, net ze grouss. Net ze laang, net ze breet. Hie war och net
ze fett an net ze gouereg, also e strammen sportlechen Typ. Hien war och kengesfalls
ze schéin, net ze houfreg. Et ass och ni all ze fill Opwand gedriwwe ginn, fir
mat him ze paradeieren. Ech géing soen hie war en riichtewechen Stroossen Hond,
vill Wäiss mat gielen Flecken. Buuschteg. Sprang Been mat kräftege Muskelen.
Säi Schwanz? Nujee, net ervirhiewens wäert. Daat Wäisst am Pelz huet een meeschtens
als Gro konnte gesinn, obschonn de Misch säin Mike zimlech dax gewäsch huet,
mat Shampoing natierlech, an der Buedbidden, well hien ass, wann nëmme méiglech,
mam Hond erausgaangen, fir en Tieschen ze maachen, an dat iwwer fuerwegem
Minettsbuedem. Kaum an der Strooss, ass
den Hond lass gaangen, well deemools huet een den Hond nach net brauchen un der
Léngt ze hunn. Den Mike ass hin a hier gerannt, an laanscht de Misch erop gesprongen, dat et eng Fred war. Dat war fir
de Misch, déi richteg Entspaanung, wann hien erëm e schwéieren Aarbechtsdag
hannerun sech hat. An wann et dem Misch gefall huet, an hien seng Féiss net ze
wéi haat, dann ass hien och alt emol duerch Deck an Dënn gaangen. Ma da koumen Zecken an t’ Spill, déi
de Misch suergfälteg, mat enger Pincette, éliminéiert huet.
De Misch hat wierklech eng aussergewéinlech
lass. No sengem Ofschlossexamen am Lycée huet hien bei der Eisebunn ugefangen
mat schaffen. Dat huet him awer net gefall, well do ze fill kommandéiert ass ginn.
Hien hat sech schnell entschloss selbstänneg ze ginn an dobäi e Geschäft op ze
bauen. Zu Diddeleng, a “ Kleng Italien ”, huet hien sech en Geschäftsraum
gebaut, deen fir seng Zäit iwwergrouss war, well de Misch haat allerhand Pläng
mat deem Geschäft. Et sollten haaptsächlech Haushalt Artikelen ugebuede ginn. Mee
do waren och t’ Konfektioun vun Riddoen derbäi, Gedrénks, t’ Flecken vu Wäschmaschinnen
a Radioen an eng Onmass aner brauchbar Saachen. An deem Buttek, an och weit doriwwer
eraus, ass op Nofro gebitzt ginn, Elektriker Aarbechte gemaach, tapizéiert,
ugestrach an mat senger Camionnettë huet hien ville Leide kleng Transporter
gemaach. Net ëmmer hat hien eng Chance wann hien geäntwert huet, wann enger
Boom hier Wäschmaschinn net méi wollt usprangen: “ Madamë probéiert emol de
Stecker an ze stiechen “. Dat éischt wat en ëmmer gefrot huet war: “ Wat fir
eng Luucht ass dann un? “
Hien waar een wéi de “ Jeanfaittout ”, oder besser nach wéi en “ Hand Kessel ”, an
daat huet senge Clienten gefall. Daat huet sech owes och an senger Keess
gewisen. Hien huet missen eng Caissièrë astellen, well seng Fra och ëmmer am Geschäft
gebraucht ass ginn.
De Misch haat och e gewësse Flair vir déi
Caissière op t’ Prouf ze stellen. Hien huet enges Daags 100 Frang aus der Kess “
geklaut ”. T’ Experiment ass gelaaf. Wéi t’ Meedchen owes t’ Keess gemaach
huet, ass et him direkt opgefall dat Sousen géinge feelen. Hat huet op eemol
eng Hetzt un sech kritt an et huet sech missen zréck haalen, fir net ze pinschen.
Sengem Patron huet hat näischt gesot an 100 Frang aus der eegener Täsch bäigeluegt,
well et gefaart huet et géing seng Plaaz verléieren. Well een dee klaut meeschtens
eng gudd Ausried parat huet, hien wär ëm
100 Frang bedupst ginn. Deen aaneren Dag huet de Misch déi 100 Frang erëm zréck
an t’ Keess geschmoggelt an owes huet en den Ofschloss aus dem Buttek eraus mat
erlieft, an do wollt e gesinn wéi sech t’ Caissièrë géing behuelen. Déi war
natierlech iwwerrascht an huet gemengt t’ Männercher ze gesinn. Do huet de
Misch gefrot op näischt Extraes wär, an hat ass net mat der Wourecht eraus
geréckelt. Du huet hien zu hir gesot: “ Meng léiw Joffer. Eng Keess déi stemmt,
déi stemmt ni “ an hien huet hier verroden wat fir een Experiment hien gemaach
huet. De Misch haat also en psychologeschen Test gemaach, an dem Meedchen all
seng Sympathien a t’ Vertraue gewonnen, wéi en him gesot huet, dat och wann
eppes an der Kees net stëmmt, hat him daat soll soen, an näischt heemlech
hannert sengem Réck soll maachen. Hat bräicht näischt ze fäerten, well all
Mënsch sech mat de Sousen ire kann. T’ Meedchen war deck zefridden an huet laang
am Misch senger Keess gudd Aarbecht geleescht.
Wann ech hien nach besser charakteriséiere
kann, dann mat dëser besonnescher Ausrees aus menger Geschicht. Mat der Zäit haat de Misch genug
geschafft fir sech am Süden vun der douce France en Vakanzen Haus ze bauen, fir spéider och do seng Pensioun ze
verbréngen. Hien haat zu Béziers schonn emol e schéinen Terrain kaaf an seng
Pläng fir eng schéin Villa ware fäerdeg. Selwer entworf a gezeechent! De kommunistesche
Buergermeeschter huet him awer ni eng Bau Erlaabnis bewëllegt, wahrscheinlech well den Misch him eppes
ze Groussaarteges wollt bauen, waat dem Här wuel net gefall huet. Oder hien haat
séier en hellegen Respekt virum Misch sengem Niveau kritt. An en huet ganz
sécher gefaart de Misch kéint méi Sympathien an der Gemeng kréien wéi hien. Do
ass et bei der Uschafung vun nëmmen engem Neibau bliwwen, op Broochland, an fräier
Gewaan, e wéineg aus Valras Plage eraus, dat direkt um Mëttelmier leit. Well de
Fransousen hir Haiser net op dem Misch seng Liewens Gewunnechten gebaut waren,
huet hien gläich 2 Haiser niewent enaaner kaaft. Dat eent war fir dran ze
wunnen, an deem aneren huet hien alles ënnerbruecht waat Plaatz ewech geholl
huet. Eng déif Gefréierköscht, Killschaaf an Wäschmaschinn, eng gudd ageriichte
Kichen an uewenop war Plaatz a Better fir de Besuch, an alles wat op en Späicher
gehéiert. Awer net ze vergiessen, säin Atelier fir ze brikoléieren. Am Haff
huet hien en zolitte Grill gebaut, wou hien gemelleg konnt e ganzt Fierkel
opspiessen, an hannert sengem klenge Gäertchen an der Plätz, (hien hat nach méi
e groussen Terrain an der Gewaan) e Garage, fir säin Auto. T’ Kréinung vun sengen Ustrengungen war e
Pëtz, deen hien an der Plätz bis op t’ Grondwaasser vum Orb ausgehuewen huet,
den net weit ewech gefloss ass. Hien hat
duerfir seng eege a ganz sécher Method entwéckelt. Pëtzer bauen ass nämlech eng
geféierlech Saach. Do kann emol alles afalen an deen erdrécken, deen dra
schafft. Hien huet mat engem selwer gebaute Fläschenzug, e grousse Betons Rouer,
méi oder wéineger am Niveau, op de Sand gestallt an huet dann ënner dem Rouer de
Sand ewech gekraazt. Wann de Rouer, deen ëmmer méi déif gesackt ass, dann bis
uewen hin am Buedem war, huet en deen zweete Rouer drop gesat a virun de Sand
ënnen drënner eraus gebuddelt. Sou war hien iwwerem schaffen och virun engem
Sand Abroch ofgeséchert. Dat huet hie
gemaach, bis dass hien huet misse Stiwwelen undinn, fir keng naass Féiss ze
kréien. Do war hien am Grondwaasser vum Orb u komm. Säin Pëtz war an der Phase
vun der schwéierster Aarbecht fäerdeg.
Grondwaasser war och t’ Ursaach firwaat déi
Haiser keng Kelleren haaten. Aus dësem Pëtz huet hien senge Gäscht, déi am
Fréien konnten um Dësch sëtzen, wonnerbar gekillten Muscat de Saint Jean le Minervois, oder en ausgezechenten
Muscat de Rivesalt zerwéiert. Och Fitou haat eng sécher Platz am Niewen Haus,
awer net, wéi ee menge géif, an de Fläschen. Neen de Misch huet deen gläich an
der Barique akaf, an huet do ofgezaapt. Op de Ricard kommen ech nach zréck.
Bei all deenen Ustrengungen muss
ervirgehuewen ginn, dat de Misch e Krichsinvalid war, deem en etlech Zéiwen
gefeelt hunn, well seng Féiss a Russland erfruer waren. Ausserdeem huet en
ëmmer Splitter ernimmt, déi a sengem Kierper géinge wanderen.
Zréck
nach eng Kéier, bei den Hond Mike.
Ir de Misch awer op Valras konnt plënneren,
ass säin Mike gestuerwen. Séin treien Hond huet wahrscheinlech gespuert, dat
séin Meeschter onbedengt wollt an seng nei Heemecht. De Misch ass awer wéint
dem Hond senger bliwwen, well hien sech net konnt virstellen dass säin Mike dëst
Ëmstellen géing verschafft kréien. Den Hond hätt sech och verraut, wann de Misch
en an den Asyl ginn hätt. Sou huet hien am Dilemma weider gelieft. Goen oder
bleiwen.
Onverständlech Geschécker am Liewen
boulverséieren muenchmol fest gefueren Situatiounen. Enges Daags war de Misch erëm op dem Spronk
fir mat sengem Mike, deen schonn net méi esou äerdeg war wéi soss, en Tieschen
maachen ze goen. Wéi de Misch, um Trottoire nach vun engem Client ugesprach ginn
ass, huet den Mike sech selwer beschäftegt an wollt emol ganz gemittleg scho
mol op déi aner Säit vun der Strooss dappen. Do ass et geschitt! Den Auto krut
zwar nach staark gebremst, mee en hat de Mike ongemiddelt erwëscht, dat en
ewech gefuer ass. De Misch sprengt zwar séier dohinner fir ze hëllefen, awer
hien konnt näischt méi maachen. Säin Kolleg huet kee Liewenszeeche méi ginn. Hien
ass am héijem Alter vun 18 Joer gestuerwen. Et ass bal net ze beschreiwen, wéi
et dem Misch du war. Hien huet laang gepinscht an do huet hien de Spuet
gesicht, an huet sengem beschte Kolleg, am Schied vun de Garagen, en Graf
gegruewen, wou et him net ze waarm sollt ginn. Hien huet him, wéi béi den aalen
Egypter, och eppes fir ze maufelen, mat op de Wee ginn, fir an der Éiwegkeet,
seng gudd léiw Plastiks Schank. Awer
soss keng onverstänneg Uluechte gewisen, wéi Blummen oder eng Plack mam Numm um
Graf. Sober, an awer mat groussstem
Respekt, ass déi Zeremonie iwwer t’ Bühn
gaangen. Un du ass et him bewosst ginn, dat méiglecherweis den Hond gespuert haat
dat hien e Problem wär, beim Projet fir ze plënneren. Kaal a waarm ass et him ëm t’ Häerz ginn. Op der enger Säit huet hien de Mike verluer, an sech getréischt dat
den Hond gestuerwen ass ouni, duerch eng laang Krankheet, brauchen ze leiden. An op der aaner Säit waar elo séin
Wee grouss op fir no Valras.
De Misch ass zimlech oft op Lëtzebuerg
zréck gefuer fir no senger Wunneng, an nom Geschäft ze kucken, daat hien
verlount haat. Hien huet och Sousen vun sengem Konto opgehuewen, an och huet en
allerhand Iesswueren, aus dem Ländchen, mat dorower geholl, déi hien donidde
vermësst huet. Hien ass och all Kéier kucke gaangen ob keen Déier dem Mike säin
Graf opgewullt hat. Ganz sécher ass him do och ëmmer eng Tréin an t’ A komm.
Ganz besonnesch och lëtzebuerger Wäin, huet
hien gelueden, Ham an Zoossiss, net ze
vergiessen, Kachkéis huet selbstverständlech missen derbäi sinn. Hien wollt
sech mat senger Spendéier Frendlechkeet nei Frënn zillen. Wat en awer am
meeschten an säin Auto gelueden huet, dat deem seng Rieder bal schief stoungen,
dat war Ricard. Wahrscheinlech well en am Frankräich vill méi deier war, oder
soss eppes waar t’ Ursaach. Wann hien dann um Wee fir dorower gudd duerch t’
Douane komm ass, hien hat e gudde Flair fir alles ze kamufléieren, da war dat
eleng schonn eng grouss Réussite.
Een vun deene Frënn do ënnen war säin
direkte Noper, an deen ass ze vill fréi gestuerwen. Bei all deenen aaneren déi
bei him passéiert sinn, a gudd op gewaart kritt hunn, well de Misch war en
aussergewéinleche Kach, mat onvirstellbaren Astucen, woubäi een onbedengt seng
grouss Auswiel vu Kiche Kraider muss ernimmen, déi hien an groussen stengen Dëppen
am Haff gezillt huet. Op eemol huet hien
festgestallt, dat déi soi-disant gudd Frënn hien net erëm geruff hunn, an daat
waar batter. Daat huet hien net mäi verkraft kritt.
Vis-à-vis vun sengem neien Doheem stoung e risegt,
ma aawer delabréiert Gemäiesch. Et sollt eng Fabrik sinn fir Sardinnen a Bëksen
ze fëllen, geduecht fir t’ Aarbechtslosegkeet
an der Géigend ze ënnerbannen. Nëmmen do huet ni een richteg ugefangen
mat schaffen. E puer Franzuskien hate sech getraut, sinn och an déi éischt Pai
gaangen an du war et schonn tilt, daat heescht gekippt, well déi wou schaffe
wollten, sinn vun de Matbierger mat vill Spott, generwt ginn.
De Misch huet a senger Plätz ugefaangen mat
engem Gäertchen, an huet do Tomate gezillt, dat et eng Fred an och e Genoss waar.
T’ Nopere hunn hien beneit, dat hien esou gudde Buedem beim Haus hätt. Et war,
wéi iwwerall rondrëm, Schwämm Land vum Orb, den op 100 Meter laanscht t’ Haus
gefloss ass, a si hätten nëmmen Sand, Sand a nach emol Sand. Bei hinnen géing
näischt esou schéin a gudd wuessen. Si hunn hien gedirängelt ze verroden wat säin
Geheimnis da wär, well si jo an sengem Gaard och nëmmen Sand géinge gesinn. Do
huet de Misch hinnen verroden, dat hien zimlech dax mat senger Schubkar erof
bei t’ Plage géing fueren, do wou Een eng Réit Schoul haat. Do huet hien Schubkare voll gelueden, gratis mat Päerdsdrecker,
an ass am bloe Kostüm, mat sengem bëllegen Dünger, gemittlech, an ouni sech ze
genéieren, duerch ganz Valras, an säin Paradäis gejiipst. Hien konnt seng
Schubbier schmiere wéi e wollt, daat Jiipsen ass net ewech gaangen. Si haat
iergend wann eng erwëscht. All Mënsch wosst do op eemol wat dem Misch säin
Trick war. Dat t’ Marie-Thérèse sech e wéineg genéiert huet, war him egal. Hien
huet hinne gewisen, dat een eppes leeschte muss, fir eppes ze kréien, an dat hunn
t’ Fransousen him net verzien. De Misch huet hinnen awer net alles verroden,
well et war him bewosst, dat an där Mëscht ze soens keen Dünger dra war. Hien
wosst, dat déi sech nëmmen ronderëm de
Sand géing verdeelen, an doduerch ass de Sand net esou séier ausgedréchent. Hien
ass ëmmer méi als Auslänner, als sale Chleuh,
a wéi nach betruecht ginn. Hien huet si,
ganz sécher ouni Absiicht an hirem dolce fa niente nervös gemaacht. Et sollt
nach schlëmmer kommen. Dat huet derzou gefouert dat hien Valras Plage spéider
de Réck gekéiert huet.
De Misch ass ëmmer méi verdrësslech ginn an
all Kéier wann hien op Lëtzebuerg komm ass, huet hien seng Frënn besicht. Hien
huet se do ënnen esou vermësst, dat hien bei jidderengem gebiedelt huet, t’
ganz Famill soll dach bei hien an t’ Vakanz kommen. Dat war kengem Dawen
gepaff. Munchereen huet sech dat bëllegt gebuedent Reesen net laanscht t’ Nues
goe gelooss.
Och mech, an méin Kolleg Robert konnt hien begaachelen.
Wéi ech du meng DS mat Unhänger zur Hand haat, an e wéineg Gespuertes an der
Kees, si mer dann 1975 zu 9, an 2 Autoen, lass gaangen. Mir haaten eis eng
wonnerbar an interessant Vakanz versprach, déi schonn ënnerwee eis an aaner
Denk Beräicher vun der mënschlecher Geschicht gefouert huet. Schon wéi mer
laanscht den Puy le Dome gefuer sinn, konnte mir de Kanner aus eisem Michelin
allerhand Informatiounen matdeelen, wéi:
dat et ee Vulkan wier mat ëmmerhin baal 1500 Meter Héicht. Mir sinn um
Pont du Gard stoe bliwwen an sinn eis dat risegt Monument ukucke gaangen. Mat
engem Klick am Internet kann een haut immens séier weider Informatiounen iwwer
dësen Aquadukt liesen. Et gi nach ëmmer Leit gesicht déi Artikelen, wéi dësen
hei, op lëtzebuergësch ëmschreiwen, fir Wikipedia op lëtzebuergësch. Eng immens
Beschäftegungs Méiglechkeet fir Senioren. Hei e Beispill, daat net schwéier wär
ze iwwersetzen.
Pont du Gard (Wikipedia)
Im Jahr 19 vor
Christus bekam der Feldherr Agrippa von seinem Schwiegervater Kaiser Augustus
eine scheinbar unlösbare Aufgabe: Er sollte eine 50 Kilometer lange
Wasserleitung von einer Wasserquelle bis zum heutigen Nîmes in Südfrankreich
bauen. Ein Problem war, dass es auf der gesamten Strecke nur einen
Höhenunterschied von 17 Metern gab. Er stellte die besten Ingenieure des
Reiches an, damit sie eine Leitung bauten, bei der die Neigung auf der
kompletten Strecke konstant blieb und so das Wasser fließen konnte. Ein
weiteres Hindernis galt als unüberwindbar: Durch den geplanten Verlauf des
Aquädukts kreuzte der Fluss Gardon in einem 50 Meter tiefen Tal.
An menger Homepage fënnt een allerdéngs meng
perséinlech Dokumentatioun vun dëser Vakanz, mat méi wéi 200 Biller. Et si keng
Konscht Biller. Ech haat jo och net fir, tëschent 2 Deckelen ze publizéieren.
Fir op mäin Site ze kommen brauch een sech net
un ze strengen. E Klick op meng Homepage Adress, dann op Private Reisen
1975, a schonn ass een matten dran an eisem deemolegen Erliefnes.
Ech
well nëmmen nach e puer Plaatzen aus mengen Erënnerungen hei kopéieren,
wéi t‘ Vallée du Tarn, wou eis Rees scho baal en onglecklecht Enn fonnt hat,
well mer nach op Milimeteren laanscht eng, direkt hannert eng schaarfer Kéier,
geparkten Dampwalz komm sinn. Een Auto virun eis, hung op der aaneren Säit vun
der Strooss, an de Beem. Réischt wéi mer schonn e Strapp gefuer waren, an eis
vun dësem Schreck erholl haaten, ass et mir an t’ Bewosst séin komm, dat dësem
Auto seng Rieder nach an der Luucht gedréint hunn. Do ass och schonn eng
Ambulanz laanscht gerannt. Mir hunn net brauchen zréck ze fueren.
Mir konnten, an der Fabréck “ Caves Roquefort
Papillon “, gesinn wéi de Kéis mat „ Gréngespoun “ fabrizéiert gëtt. Gedold,
ech hëllefen op de Spronk. Daat war eisen Ausdrock fir de bloe Schimmelpilz am Roquefort.
Aaner interessant Etappen während dëser Vakanz waren t‘ Festung vun
Carcassonne, t’ Wéngerten zu Minerve, déi all mat Steng bedeckt sinn, Penzance,
de Canal du Midi an réimesch Ausgruewungen net ze vergiessen.
Eis Kanner hunn do definitiv geléiert
schwammen, nëmmen eis Mammen hu keng esou schéin Erënnerungen, wéil mir zwar an
engem groussen Haus, mee an enger Brochbud ënner Daag komm sinn.
Nëmmen de Misch haat leider net Plaatz genug
fir eis 9 ënner Daag ze kréien. T’ Jongen hunn en Zelt hanner dem Misch sengem
Haus opgeriicht, sinn awer schonn an der éischter Nuecht geplënnert, well den
Tramontane, e Koseng vum Mistral, ugefangen huet terribel ze blosen. Dommerweis
war t’ Entrée vum Zelt op t’ Fassade vum Haus gericht an do huet deen
onwahrscheinlech staarke Wand e Wirbel an demi tour gemaacht, an huet t’ Zelt gewalteg
opgeblosen. Et huet ausgesinn wéi e risegen Elefant. De Misch huet missen an
der Nuecht mat Riffeleisen asprangen, fir t’ Pickeeën vum Zelt mat neien
Ankeren ze verstärken.
Et ass och net ze beschreiwen, wat déi Dammen
hu missen botzen, ir mir eis einegermoossen propper gefillt hunn. De Misch haat
eis schonn schrëftlech matgedeelt, dat hien an seng Fra schonn e puer mol am
Haus waren, daat hien fir eis gelount haat, fir ze botzen an awer net fäerdeg
gi sinn. An de Frigo konnten mir e puer Deeg laang näischt setzen, well e
bannen dran voller Pelz war, an net bäi der éischter Botz vun eiser Säit,
propper ginn ass. Wann ech op der Hochzäitsrees gewiescht wär, dann hätt et mir
jo näischt ausgemaach, mee et war an deem duebel schléifege Bett net méiglech sech
lenks oder riets fest ze klameren. Mir sinn ëmmer erëm an der Mëtt, an op der
déifster Plaaz, op enaner gerutscht. Et war net ze schlofen, an mir waren esou
futti vun der Rees. De Ressort, wahrscheinlech aus Kanéngerchers Drot (!) ass
ganz sécher baal vum Bueden gestäipt ginn. Daat war awer kee Problem, fir en
aalen Scout. Ech hunn, schonn an der éischter Nuecht, mäi Leeër op enger
Loftmatraz um Buedem, niewent dem Bett, op geschloen.
Daat war awer nach alles nett esou schlëmm.
Mir konnten eis mam Wieder, mam Iessen an Drénken, mat der phantastescher
Plage, an och un der schéiner Géigend gudd tréischten. Wann mer dann awer akafe
gaange sinn, dann hunn si eis schonn un den Binetten erkannt, dat mir net aus
deem selwechte Kaff wären, wou deemools sécher nëmmen e puer 100 Leit gewunnt hunn.
Fir t’ Auslänner war alles, awer och alles, zweemol esou deier wéi fir déi Leit
aus dem Duerf. Esou laang wéi mir de Portemonnaie an der Hand haaten, war
jiddereen frëndlech mat eis. Esou baal deen awer erëm an der Täsch war, sinn t’
Falen erëm an hiren Gesichter opgetaucht, a si sinn dobäi onméiglech moukeg
ginn.
Aus dem franséischen Valras - Plage huet sech
lues a lues eng däitsch Valras “ Plage “ entwéckelt. Daat huet derzou gefouert, dat mir e
puer Deeg schonn ier eis Vakanz eriwwer war,
de Ballischo gepaakt hunn. De Misch huet sech baal verraut. Mir sinn
awer gefuer, an esou guer wollt de Kolleg net emol méi nach en klengen Detour
maachen, duerch eng aaner schéin Landschaft.
Vun deem Daag un war, op jiddefall fir eis Dammen, eng
Frankräich Rëss keen Thema méi.
An hei dann emol en Dokument, fir erem op mein Thema zreck ze kommen.
Nëmmen
mat dësem Mike huet dem Misch säin Mike eng Léngt ugedoen.
Iwweregens schéngt et mir, dat Chleuh wéi en
ernidderegend Wuert geduecht ass, wéi sale boche, mä waat am Ufank géint
Marokaner geriicht war, déi am Süden vun Frankräich Aarbecht gesicht, an och
fonnt hunn. Wéi du Fos- sur- Mer an t’ Luucht gestëmmt ass ginn, do ass wéineg franséischt
Personal sech firstelle gaang, fir eng Plaatz, hunn sech der Vill an t’ Réi
gestallt, awer nëmmen e Puer fir eng Aarbecht. Mat gréisstem Opwand sinn dorobber
hin Elsässer gelackelt ginn, mat finanziellen an materiellen Virdeeler, an déi
waren net ze faul fir en masse ze kommen an sinn op eemol de Fransousen en Där
am A ginn. Och si ware op eemol Chleuhs, sales boches waat vun Alboche kennt
(al fir allemand an boche waat fir en Déckkapp gebraucht ass ginn). Déi Fransousen
déi esou Wieder gebrauchen, wëssen net emol wat se bedeiten, an duerfir ass
alles wat hinnen net an de Krom gepasst huet, mat Chleuh oder Boche vernannt
ginn, esou guer no dem grousse Krich waren t’ franséisch Polizisten och
Chleuhs.
Kaum haat de Misch säin Gaard, net nëmmen
fir Geméis mee och mat villen dekorative Planzen, Koniferen, Rousen an
Uebstbeem, a Straich mat fuerwege Blieder, an der Gewann ugeluegt, do sinn schonn
déi éischt Schmieregkeeten op getaucht. Eemol haat den Orb de ganzen Terrain wochelaang
iwwerschwemmt, an seng vill Aarbecht waar fir t’ Kaaz. Dann sinn Huesen an Kanéngercher
och un den gedeckten Dësch komm. Feldhénger an Fasanen hunn sech gewisen. De
Misch wollt sech eng Flënt uschafen. Ma déi Béischter konnte awer dach
wierklech keng Wuerzelen eraus rappen, wuel awer nëmmen Gleef friessen. Do huet
hien seng Stäerkt erëm bewisen. Méintelaang huet hien Beton geschëppt. Beton Bléck
getässelt, an Drot rondrëm säin Paradäis gespaant. Mat engem Sécherheets Schlass,
esou huet hien geduecht, wär de Misèrë um Enn. Wat denks de? Hien huet séier
verstanen, dat all dat Gedéiesch onméiglech konnt mat enger Pëtz Zaang ëmgoen.
De Misch konnt sech net wieren, awer
heemlech huet en Revanchë geholl, an dorëmmer seng Geschicht verzielt, vun deem
Mann, deen mat enger Päif am Monn niewent dem Canal du Midi op der
vermuuschtenen Bänk bei senger Hausdier souz. Eng wonnerbar gréng a fruchtbar Géigend
fir de Misch, mat esou vill Wéngerten, dat de Misch de Geck gemaach huet, do
géingen esou guer Drauwen an de Kullange
vun den Diech wuessen, wann Kullangen do wieren. De Misch huet de Mann gefrot
firwat hien da kee Gäertchen bei sengem Haus hätt. Deen huet geäntwert, “ hei
wiisst näischt “. De Misch war erstaunt an huet weider gefrot: “ A wuerfir
wiisst dann näischt hei? “. De gudde Mann huet nëmmen seng Schëlleren gezunn,
wéi wann hien wéilt soen : “ looss mech a Rou “. De Misch, wéi hien nun eemol
war, huet viru gebruet. “ Ma dir hutt dach hei esou schéint Wieder, bal ni
Frascht, dir hutt kee sueblegen Buedem, an iwwerall wuessen Drauwen. Dir huet e
gudde waarme Klima, mat vill Humus am Buedem, dir ersauft bal am Waasser, esou
no hei beim Kanal, wat braucht dir da méi? “ De Mann huet sech ëmgedréint an, ouni t’ Päif
aus dem Mond ze huelen, duerch t’ Zänn geknoutert: “ Et wiisst awer näischt hei
”. De Misch huet t’ Welt net méi
verstanen. “ Ma Monsieur, daat verstinn ech awer glaat net, kann der mer da
verroden, u waat dat et da läit, firwaat hei näischt wiisst. “ De gudde Mann
ass op senger Bänk hin an hier gerutscht an do huet e sech e Stouss ginn: “ Et
wiisst näischt hei, well kee Som am Bueden ass! “
Sech ustrengen, dat war dem Misch seng Stäerkt.
Hien ass, wéi en nach am Buttek geschafft huet, mat senger Camionnette bei t’
Leit gefuer, hat éierlech Präisser, an hien konnt mat den Italiener an den
Portugise schwëtzen, well hien Latäin geléiert hat, an séier bei de Clientë vill
bei geléiert huet. De Misch hat eng Gold Grouf. Seng Fra Marie-Thérèse huet
kräfteg mat geschafft, wat e wéineg op t’ Käschte vun den 2 Kanner gaangen ass,
deenen net déi grouss Opmierksamkeet geschenkt konnt ginn. Mat sengem Kapital
huet de Misch Garagen hanner sengem Haus gebaut, an daat alles huet sech
rentéiert, fir och selwer un sengem Auto kënnen ze brikoléieren, wat sengem
Bouf och gudd bekomm ass. Seng Kanner waren den Elteren nogeschloen an am
spéidere Liewen grad esou op nei Beschäftegungen aus, wéi si daat doheem
geléiert haaten. Wat ëmmer erëm de Besuch an Erstaune bruecht huet, dat waar seng
Uergel mat 3 Manualer, déi hien selwer zesumme gebaut haat, an hien huet sech
selwer dorobber geléiert spillen, awer ëmmer nëmme mat Kopfhörer un, wann een
wollt nolauschteren.
Zréck zu eisem Terrier, de Mike. Hien war
en onkomplizéierte Familjenhond, mat dichte Krauselen op sengem Bockel, déi
zimlech Aarbecht kascht hunn, beim Wäschen a Schruppen mat der Seef.
De Misch haat fir den Hond ze ameséieren
eng Plastik Schank besuergt, déi den Hond direkt siche gaangen ass, an seng Honds
Këscht, fir mat op de Spazéiergang ze huelen. Egal wuer de Misch déi Schank hi
geworf huet, do ass de Mike hannendru gerannt an huet mat sengem Stupp Schwanz
e Wibbele produzéiert, dat een roueg en Tapage hätt dreschen kennen, op enger
Tromm, déi een derniewent gehalen hätt. Déi gelleg, a permanent Freed déi an
deem Béischt stouch, an ëmmer erëm bei voller Beschäftegung, zu engem
gewaltegen Ausbroch komm ass, war onbeschreiflech. Hien konnt duerch säin
héicht Sprangen, wat baal bis op t’
Broscht vu sengem Meeschter gereecht huet, net nëmmen seng Kraaft, mee och seng
Gesellegkeet zum Ausdrock bréngen. Et war och esou dat den Mike beim
Mëttegiessen nimools niewent dem Misch sengem Stull souz fir ze sabbelen. Neen,
hien souz grad wéi seng Leit, op engem Stull beim Dësch, an huet sech kräfteg
missen zréck halen, oder um Biitz rappen, wéi se haut soen, fir näischt ze stibitzen.
Hien wosst dat säin Här him ëmmer eppes Glëschterleches virun t’ Nues géing halen,
an dann konnt hien et onwahrscheinlech séier erof wiergen, ouni ze knaen, a fir
nëmmen Näischt ze verpassen. Op Eppes huet een awer missen oppassen. Wann de
Mike eppes als Säint ugesinn haat, da bestoung keng Méiglechkeet méi vir him et
ewech ze huelen. Dann huet hien geknoutert, huet t’ Lëpsen a Vibratioun gesat
an seng Zänn gewisen. Do hätt hien ganz sécher gebass, wann een hien weider
gereizt hätt. Et ass muenchmol net séier genug gaangen, an dann huet hien alt emol
eng Patt op den Dësch gestallt, fir ze weisen, ech sinn hei.
Eng Kéier, wei de Misch fir e Besuch e puer
Plattoen Fleesch präparéiert hat, déi hien op senger grousser Balkons Terrasse kill
gestallt huet, hat säin Mike him ganz genau no gekuckt. T’ Dir vir op t’
Terrasse war zwar gespaart, mee den Hond ass iwwer de Spullsteen, duerch déi oppe
Fënster derhannert geroden. Derno huet de Misch nach laang geschafft fir dem
Hond Manéiere bei ze bréngen, wat him zum gréissten Deel och gegléckt ass.
Eng aaner vu ville Kéieren wou ech beim
Misch a geluede war, souze mir do den Apéritif ze drénken, do huet et op eemol
dobanne onwahrscheinlech gestonk, dat een et net méi konnt aushalen. De Misch
ass op gesprongen an huet t’ Fënsteren opgerappt. Mir sinn aus dem Zëmmer an de
Korridor gerannt. Dobannen huet een sech
bal futti gelaacht. “ Daat waar de Mike ”, sot de Misch, an huet sech de Bauch
gehalen. “ Hien huet e kräftegen gebrutzelt, an ech kann iech och soen firwat
et esou onbaarmhäerzeg mëffelt. Gëschter Owend hate mir eng Choucroute, a wéi
ëmmer huet de Mike de “lavage du chien” vun den Telleren gemaach, an do war
nach zimlech vill Mous a Gesolpertes derbäi. Den Hond ass ebe gewinnt och t’
Reschter ze friessen, vun deem waat mir op dem Teller haten “. Mir stoungen e Strapp an dem Haus Gang an
hunn eis net esou séier erëm getraut fir eis ze setzen. De Misch huet nach ferm
gelaacht, wéi en t’ Fënsteren erëm zou wollt maachen. Piff war näischt géint
deen doten Ugrëff op de Kenki. A mir hunn eréischt misse laachen, wéi mir de
Mike gesinn hunn an der oppener Fënster setzen, wou hien op t’ Strooss erof
gekuckt huet. Eis ass et fir komm wéi wann och hien t’ Nues voll gehat hätt, a
frësch Loft wollt schnapen. Ma et kann awer och sinn, dass hien sech fir seng
Leeschtung, all Mënsch aus de Fautellen kritt ze hun, an aller Ëffentlechkeet wollt
bretzen.
Wann Besuch am Haus war, dann ass deen vum
Mike gedirängelt ginn, bis een sech mat dem Hond ofginn huet, fir en ze
kraulen, wat dem Misch ëmmer Problemer gemaach huet. De Besuch huet dem Hond
och näischt däerfe beim Dësch ginn, soss wär dem Chef eng Autoritéit flöte
gaangen.
De Mike haat eng séier nervös Haut, déi duerch säin
groussen Äifer ëmmer ënner Schweess stoung. An daat huet och net gudd gericht. Et
huet da geheescht, komm mir wäschen eis Hänn ir mer mam Iessen ufänken. Munch
een wollt net esou vun engem Hond ugesprach ginn. Et wosst ee jo och net op
hien net awer eng Kéier géing zoubäissen. De Misch huet zwar ëmmer erëm betount,
dat hien net geféierlech wär, mee wie gleeft daat schonn.
Den Hond ass wéi säin Meeschter, ëmmer méi aal
ginn a wahrscheinlech och ëmmer méi raffinéiert. Natierlech huet hien ëmmer méi
sengem Meeschter seng Absiichte, aus deem sengen Verhale geliest, grad wéi wann
hien en immenst Versteesdemech entwéckelt hätt.
De Misch a seng Fra waren bei den Zänn
Problemer ukomm. Déi wollten si nach léisen, ir se op Valras géinge plënneren. Radikal
wéi si Zwéin alles ugepaakt hunn, hunn se sech déi läscht iewescht Zänn rappe gelooss,
fir sech en Gebëss maachen ze loossen.
Wéi déi Zwéin nom Umoossen vun hire
Gebësser doheem waren, do huet missen organiséiert ginn, wien säin Gebëss nuets
soll wouhinner leeën, fir dat do keng Verwiesselung konnt geschéien. Dat war
der e Gedeessems, Zänn eran, Zänn eraus, an dat zimlech dax. Si wollten se och
net am Mond halen, well et jo soll emol virkomm sinn, dat een sech an dem
Gebëss verschléckt hätt. Natierlech souz de Mike ëmmer an der Noperschaft wann
déi Zänn, déi am Ufank nach gedréckt hunn, ëmmer erëm aus dem Mond geholl si ginn
fir se propper ze maachen. Hien huet gegëmmert a gegëmmert, wéi wann e wéilt
soen, wéini kann ech och esou eppes kréien.
An do ass et geschitt. An der Nuecht louchen dem Marie Thérèse seng Zänn,
an engem Glas Waasser am Buedzëmmer. De
Misch ass zwar an der Nuecht erwächt, well eppes gerabbelt huet, ass awer erëm berouegt
entschlof, well den Hond net gebillt huet. Op säin Mike war Verlooss, wëll deen huet scho
gebillt ir een konnt bei hinnen op t’ Schell drécken. Deen anere Mueren haten
se allebéid eng schéin Iwwerraschung. Den Mike souz niewent dem Marie-Thérèse
senger Zännprotes. Hien haat déi an Hujel a Mujel zerbass. Do war awer och glaat
näischt Brauchbares méi drun. Natierlech
huet daat den Misch immens opgereegt, an hien huet seng Fra Schëmmel a Bless vernannt,
firwat si hier Zännprotes dann konnt einfach
esou iergendwou trëlle loossen. Hien huet gemengt, wann déi Zänn an engem Glas Waasser
gewiescht wären, dann hätten se elo net de finanzielle Schued.
Den Fridden war, fir de ganzen Dag, an
hirem Haus gestéiert.
Ir de Misch owes sollt an t’ Bett goen,
huet hien säin Dentier schéin gewäsch, an et war e wéineg wéi bei enger
Zeremonie, ganz gemittlech an engem Glas Waasser am Buedzëmmer, op e nidderegen
Schaaf plazéiert. Seng Fra huet him ëmmer erëm wollte kloermaachen, dat si et
genau esou gemaach hätt, hie soll dach nolauschteren, nëmmen si konnt de Misch
net iwwerzeegen. Fir hien war seng Fra noléisseg gewiescht an domadde basta.
Et war och des Nuecht net ganz roueg op dem
Wunn Stack, ënner de Schlofkummeren. An deem Haus sinn baal ni Zëmmer Dieren
zou gemaach ginn, duerfir huet een all
Geräisch héieren. Nëmmen well den Mike
net gebillt huet, war et vläicht nëmmen t’ Heizung, oder eng Loftblos an der
Waasserleitung, vläicht och de Wand an der Rollued vun der Terrassen Dier, an de
Misch, nodeem e kuerz gelauschtert hat, huet erëm näischt drop ginn an huet ofgeséchert
weider geschlof.
Deen anere Muergen sinn déi Zwéin net méi
aus dem Staunen erauskomm. Wéi se den Mike gesinn hunn, net un senger Plastik Schank ze béissen, do
ass hinnen séier eng Späicherliicht opgaangen. Um Buedem ronderëm de Mike waren
t‘ Stecker vum Misch senger Zännprotes verspreet. Den Hond haat och dësen
Dentier zergrimmelt.
No dëser Iwwerraschung, déi eng total droleg
a verréckten Situatioun gewisen huet, hunn déi zwéin hiren éischten Ierger
ofgeschléckt an si hunn allen Zwéin, mat Tréinen an den Aen, onbaarmhäerzeg ugefangen ze laachen. Nach
laang hunn si all Besuch déi Geschicht verzielt, déi ëmmer erëm ugezweiwelt ass
ginn, well se dach héich dramatesch ofgelaf ass, wéi keen Dramaturg sech daat
hätt kenne afale loossen.
De Mike haat sech daat geholl, waat him nëmmen
t’ Saaft an de Monn gedriwwen huet. Waat aawer net mat him gedeelt waar ginn.
Daat Joer no eiser Frankräich Rees hunn ech
fir en etlech Joer, mat vill Gedeessems, de Posten als Secrétaire vun den
Amitiés Françaises vun Déifferdeng ugeholl, awer nëmmen well méin fréieren
Franséisch Professer Hallé, de President war, an mir vun der Schoul hier eng
frëndschaftlech Verbindung haten. Eleng wéinst der franséischer Sprooch. Ech
haat bei him e Steen am Briet. Biller iwwer déi Aktivitéit sinn nach net all
gescannt, nëmmen schonn zum Deel ze fannen an menger Homepage, ënner Benevolat.
An der schwiereger Bearbeschtong vu menger
Persoun, huet dommerweis och dem Professor Hallé saïn Nofolger matgemëscht. Daat war méin Direkter.
Wichteg
Bemierkung.
Ech profitéieren vun der méiglecher
Verbreedung vun dëser Publikatioun, fir t‘ Auteuren am ganze Land drop
opmierksam ze maachen, waat mir, an sécher och nach munch engem vun hinnen,
passéiert ass. Dëst Joer huet de Centre
national de Littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv - zu Miersch, op meng
Ufro hin, mir op t’ Fro geäntwert, firwat ech, an wahrscheinlech vill aaner
Auteuren, an hirer offizieller Lëscht net méi(!) als lëtzebuerger Auteur ugesi
ka ginn. Daat wär: “ wëll mir bis elo näischt zwëschen 2 Deckelen publizéiert hätten
“.
Ech war nëmme fir wëtzeg, well fir mech
bedeit et an enger banaler Lescht nëmmen opgezielt ze sinn, séier wéineg. Déi
huet kee kulturellen Nährwäert. Et stéiert mech awer, dass an deem Centre
national de Littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv, dat esou décidéiert ass
ginn. Esou eppes ass ganz schlëmm, fir en Centre, deen sech fir t’ Verbreeden
vun der lëtzebuerger Literatur a speziell vun der lëtzebuerger Sprooch asetze
soll, a kengesfalls daarf mat der Aaxt an de Besch goen. Mierken déi Leit
am Centre national de Littérature -
Lëtzebuerger Literaturarchiv dann net, dat se domadde, dem Stull, wourobber si selwer
sëtzen, t’ Been ofgeseet hunn. Et dauert net méi laang, da gëtt glat näischt
méi tëschent 2 Deckelen publizéiert. Et ass ze deier, onkammoud, wëll net méi zäitgeméiss,
net ökologesch, a well t ‘ Quantitéit vun den Zougrëff direkt no dem Erschéngen
rapid ofhëlt, jee kengesfalls realistesch a sënnvoll. Meng Bibliothéik mat
iwwer 5000 Fach Bicher huet esou guer nëmmen nach en dekorative Wäert, wann ech
an t’ Netz siche ginn. Méi rapid kann
ech a kengem Buch no schloen. Kee Buch gëtt esou séier aktualiséiert. Schold
ass och dat munchereen net méi esou vill Platz doheem huet, a keng Mënz fir
Bicher ze kafen, wou et dach esou einfach ginn ass, alles elektronesch ze späicheren.
Et kann een e puer honnert Bicher matenaner kammoud an der Boxentäsch droen,
well Null Plaatz gebraucht gëtt. Et kann direkt an iwwerall of geruff ginn, am Auto,
Zuch a Fliger oder um Schëff. Dat bedeit, dat an aller nächster Zukunft eisen
Centre de la Littérature sech muss ëm deefe loossen an “Antiquariat de
la Littérature du Luxembourg”, well näischt Neies méi tëschen 2 Deckelen
produzéiert gëtt. Schued! Si hunn sech dëse Kommentar gesicht!
Ech géing mir wënschen, dass meng Geschicht
mat mengen Bemierkungen seng Verbreedung fënnt, wéi dat och nimools esou rapid
zwëschen 2 Deckelen kéint, ouni déi vernetzte Welt propagéiert ginn. An eppes
wëll ech nach derbäi flecken. Daat wat ech bis elo an menger Homepage
publizéiert hunn, ass schonn, laut Compteur, méi wéi 200.000 Mol, uechtert t’
Welt (!), besicht ginn a géing net emol an e pour Honnert Bicher, mat 2
Deckelen, passen. Do misst schonn e schéine Batz Besch ofgeholzt ginn, eleng
fir de Pabeier.
Ech fille mech hei beflillekt, an hunn
endlech de Couragë fonnt fir deene Leit ënnert t’ Nues ze reiwen, dat 1957, t’
Warte eng “ Kleng Anthologie ” eraus ginn hunn, mat enger Sammlung vun
lëtzebuerger Auteuren, déi Poesie an der Warte publizéiert hunn, an daat
zwëschen 2 haarden Deckelen. Ee Joer drop, 1958 , ass och vun der Warte, eng “
Kleng Anthologie ”, eraus komm, alt erëm zwëschen 2 Deckelen, vun lëtzebuerger
Auteuren, déi an der Warte Prosa publizéiert hunn. Do allerdéngs fënnt de
Lieser mech erëm ënnert mengem Pseudonym Henri Reger, deen ech aus gewichtege
Grënn benotzt hunn. Et huet mir spéider
eng grouss Freed gemaach fir 4 däitsch
Theaterstécker, déi op der Tëlee vum ‘Ohn Sorg Theater’ gespillt si ginn, an t’
Lëtzebuergescht ze iwwerdroen, déi op ville (e puer honnert) lëtzebuerger
Bühnen, Furri gemaach hunn. Déi Dokumenter leien am Archiv zu Miersch. Esouguer
huet den Center Kopien gemaach, vun mengen Iwwersetzungen fir interesséiert
Theater Direktiounen. Daat war den Ustouss an Ausléiser fir aaner Auteuren, och
Iwwersetzungen ze produzéieren. T’ Letzeburger Bühnen haaten domadde erëm neit
Fudder.
Wann elo nach ee mir erziele wëllt, et
géing sech a mengem Fall nëmmen ëm en Lapsus (lazuli!) handelen, dann muss ech
deem entgéint haalen, dat ech mengen, do wär ganz sécher, nët eng mat bloen
Aen, mee sécherlech eng ganz dreckeg Klatz gedréint ginn.
Den Centre national de
Littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv - huet eng Missioun ze erfëllen. Sech der moderner Zäit un ze passen, an de lëtzebuerger Auteuren ze hëllefen, si aktiv ënnerstëtzen,
fir eng uerdentlech Säit an der vernetzter Welt ze produzéieren. Domadde géinge
si och e wéineg Kultur an t’ Facebook a Konsorten bréngen. Nëmmen ech fäerten
du hunn e puer vun deene “ Gesalbten ” kee Bock op friem Auteuren.
U menger Homepage, déi wahrscheinlech ni ganz
fäerdeg gëtt,(!) gëtt ëmmer nach weider poléiert, waat an engem gedréckte Buch
net méiglech ass, an daat begeeschtert vill jonk Auteuren.
Nach
eng Bemierkung, un eng aaner Adress.
Dësen Text ass an déi lëtzebuerger
Schreifweis verbessert ginn. Ech hunn duerfir de Spellchecker, aus dem Netz
gebraucht. Esou wéi mat enger Dusch t’ Seef ofgewäsch gëtt, esou kann een mam
Spellchecker t’ Schreiffeeler eliminéieren. Da mengen ech och nach, datt wann
een “ schreiwen ” mat w gebraucht, da misst och Schreifweis mat 2 w kënne
geschriwwe ginn. Also misst daat e
Schreiwfehler sinn. An do kréien ech gesot: opgepasst 2 ff! Et kann een
awer och konsequent sinn an dobäi eng gewëssen Flexibilitéit zouloossen, well
béid Schreiwweisen jo gudd kenne geliest ginn. Bautzegkeeten kennen sech
astellen, wann een den Checker automatesch verbessere léist. Da gëtt gären aus
engem “ Decken “, eng “ deck Enn “. Ech hunn daat léiwer manuell gemaach.
Engersäits hunn ech emol e puer Wieder an
den Dictionnairë bäi gesaat. (hei an op villen aaneren Plaazen setzen ech 2 aa,
wou nëmmen 1 a virgeschloe gëtt). Wëll daat meng Sprooch ass. Et wär flott wa
géing e Link bestoen, fir lokal an nei Ausdréck, iwwerem Schreiwen weider ze
leeden, fir an de gesamten Dictionnairë, da géing deen sech erweideren. Et
géing eng kollektiv Aarbecht ginn.
Mat verschidden Virschléi vum Check(er)
haat ech Problemer, wéi bei hat an haat, bei dat an daat, oder bei deene mir
net ganz kloeren Unhängsel en oder t an den “ er ” bei Check er. Sinn déi ze
verstoen dat se wéi a Klameren virgeschloe ginn? Oder musse mir eis esou enger
ongewinnten Schreifweis upassen? Dat ass net kloer, an och net gudd! Ech hunn
mir t’ Zong awer baal gebrach, wéi ech daat geliest hunn. Den “ Checker ” ass fir
mech op eemol en “ Check er ” ginn. Dobäi hunn ech awer missen hicken. Neen,
daat ass mir zevill. Esou kann kee schwëtzen, do dreiwen t’ Sprooch an t’
Schrëft ausernaner. Mat esou Komplikatiounen hellt t’ Zuel vun de “ lëtzebuerger
” Lieser a Schreiwer, bestëmmt net zou.
Wann deen Service mam Checker e wéineg méi,
a gezielt spilleresch, agesaat géing ginn, da géingen déi Simser (oder SMSer)
och séier léieren fir uerdentlecht Lëtzebuergescht ze schreiwen.
Méin fromme Wonsch fir daat Neit Joer.
Waat mat engem “Dernier
Cru” ugefangen huet,
ass komescher Weis
mat engem “ Dernier
Cri “ un en Enn komm.
Vun “ze fill” bis “nett
genuch”
Henri
Regenwetter
Fir fille s
wat mer kënnen, hu mir eng Mooss, a mir wëssen och wéi laang e Meter Zéng ass,
oder wat 37° Celsius Féiwer sinn. Et gëtt also Skalaen, mat deenen mir eis
verständlech maachen. Net fill vun all deene Grad Andeelungen, déi et uechtert
t’ Welt gëtt, sinn eis bekannt. Mir brauchen se net ze kënnen, well dat Anerer
fir eis besuergen, wéi zum Beispill wéi
schaarf en Paprika kann oder daarf sinn. Wann Spezialisten Paprika akafen, dann
gëtt eng Moss Skala benotzt. Si dréckt sech an Scoville-Graden aus. Dat wat am
Paprika esou schaarf mécht ass de Capsaicin. Wann däers keen dran ass, dann ass
dat wat mer iessen och net schaarf. Den Paprika deen mir als Geméis verschaffen,
ass 0-10 Scovilles schaarf. De Sambal am chineseschen Iessen bréngt et op 1000
bis 10.000 Scovilles. Den Cayenne Peffer klëmmt esou guer vun 30000 bis op
50000 Scovilles. Do sinn mir bei enger Grenz ukomm, déi wann se iwwerschratt
gëtt, vun dem gewéinleche Stierflechen
mat “ze” bezeechent gëtt. Et ass zimlech kuriéis ze wëssen, da kee
Mënsch sech genau ka virstellen wou dann elo “ze” oder “net genuch” ufänkt an
ophält. Dat ass eng individuell Ausso, déi am Fong geholl, nëmmen eng Warnung
soll sinn oder wéi bei “net genuch” e Bedaueren ausdréckt. Wien sech an der
Vakanz op en Experiment a léist, kann sech op eppes gefaasst maachen. Do kann
een sech de Mond richteg verbrennen oder wann eppes “net” schaarf “genuch” ass,
seng Enttäuschung zu Ouer bréngen. Wikipedia kann do, mat sengen Informatioun,nach
eppes weider hëllefen.
Übersicht einiger Scoville-Grade
Wenn nicht anders angegeben, gehören
die Chilisorten jeweils zur am weitesten verbreiteten Art C. annuum.
Gemüsepaprika
Habanero
Bhut-Jolokia
2006
wurde die Chili als schärfste Chili der Welt ins Guinness-Buch
der Rekorde
aufgenommen. Zuvor hatten Messungen des Chile
Pepper Institute der New Mexico State University Rekordwerte von über einer Million Scoville-Einheiten ergeben,[1] was in etwa dem 1,8fachen der Schärfe
des bisherigen Rekordhalters ‘Red Savina’ entspricht. 2012 wurde Bhut Jolokia
von Trinidad
moruga scorpion als
schärfster Chili der Welt abgelöst.
Scoville-Grad |
Beispiel |
0 |
keine
Schärfe, kein Capsaicin enthalten |
0–10 |
|
~16 |
durchschnittliche
untere Wahrnehmungsschwelle für Schärfe |
100–500 |
|
1.000–10.000 |
|
2.500–5.000 |
Tabascosauce (aus einer C.-frutescens-Chili-Züchtung) |
2.500–8.000 |
Jalapeño-Chili |
30.000–50.000 |
reiner Cayennepfeffer (C. annuum*) & Chili
Rawit |
50.000–100.000 |
|
100.000–350.000 |
Habaneros (C.-chinense-Sorte) |
180.000–300.000 |
im freien
Handel erhältliches Pfefferspray |
577.000 |
angebliche
Messung bei der Habanero-Züchtung Red Savina |
855.000 |
angebliche
Messung bei der Sorte "Indian PC-1" (C.-frutescens-Züchtung) |
923.000 |
angebliche
Messung bei der Sorte Dorset Naga (C.-chinense-Züchtung) |
1.000.000 |
Messung
bei der Sorte Bhut Jolokia (C.-chinense-Sorte**) |
1.400.000 |
Messung
bei der Sorte Trinidad Scorpion Butch Taylor[3] |
2.000.000 |
Messung
bei der Sorte Trinidad moruga scorpion [4] |
2.200.000 |
|
9.000.000 |
Mad Dog
357 No.9 Plutonium, schärfste Chilisauce der Welt |
15.000.000–16.000.000 |
Blair’s 16 Million Reserve, reines Capsaicin (Kristalle) |
Et ass also
gewosst dat mer net wëssen wat eigentlech genau gemengt ass, wann en déi Wieder
„ze“ oder „genuch“ gebraucht.
De Rekord
vum schaarfen Ed Curry Peffer huet de Code Numm - HP22B – dat wëll soen fir Héchst
Power, Pot Nr. 22, Planz B – Et sinn t’ Capsaicinoiden déi esou eng Schäerft
produzéieren. Wat méi Capsaicinoiden dra sinn, wat méi schaarf et ass.
T’ Skala
vun Scoville ginn bei Capsaicin Kristallen, bis op 16.000.000 Scovilles
De bekannte
Peffer Spray läit bei 2 Milliounen Scoville. Et ass zwar kee Feier am Spill, et
brennt awer gewalteg.
Et brennt
also zevill wann et ze waarm ass. Et ass nët ze kal fir ze erféieren. Déi
gemoolte Wiss op dem Tableau ass ze gréng. Hien ass sech net ze gud[R1] d fir heeschen ze goen. Seng Nues
ass ze spatz. Den neie Chauffer fiert ze séier.
Wann ech
mech dann mat “genuch” beschäftegen, da stoussen ech iergendwou op dee Punkt wou “ze” ugeet. Wat dat
interessant dobäi ass, ass dat daat bei all Mënch aneschters ass. Mir sin awer
och komesch Leit. Wann vun engem Weltrekord riets geet, dann ass et ni “ze”.
Wann deen da gebrach gëtt dann ass déi nei Situatioun nach ëmmer net “ze”.
Hien ass
net domm genuch fir ze vill ze drénken, well soss seng Memberskaart bei der
Police fälleg ass.
Wa mer a
Gesellschaft sinn, an iwwer all Méigleches geschwat gëtt, dann sinn ech ëmmer um
Spronk, wann eppes “ze” oder “net genuch” ass. Ech froen dann gewéinlech wou
dann eigentlech “ze” ugeet an wou den “genuch” ophält.
Eng
wonnerbar Méiglechkeet fir eng Diskussioun, déi aus dem Rudder gelaf ass, op en
aneren Niveau ze bréngen.
Fir eis
also kloer aus ze drécken gebrauche mir eng Krätsch, eng Skala, mat Meter en,
mat Graden, mat der genéier Auerzäit, wéi z.B. wann et “ze” spéit ass fir den
lëschten Zuch nach ze kréien.
Et gëtt
nach aner Méiglechkeeten fir “ze” ze gebrauchen. Hien ass zefridden z. B.. Ech
hunn hien “ze” gären. Beim Ausdrock “ze”summen liewen huet den 2 ten Deel vun
dësem Wuert, net wéi bei “ze”fridden, keng richteg eegen Bedeitung. Wat mat summen
gemengt ass, versteet keen, wann et separat geliest gëtt. Dat huet absolut
näischt mam Summen vun de Beien oder vun de Mécken ze dinn.
Wann ech
mir iwwerhaapt eis Sproch ënnert t’ Lupp huelen, da fannen ech nach aner
Wieder, déi nëmmen en Hiweis ginn, awer kengesfalls ëppes genee ze verstoe sinn. Hien ass “ze” krank z.B.,
mee wat him feelt gëtt net gesot. Hien ass “ze” midd. Do si mer eis bewosst dat
et verschidde Grade vu Middegkeet gëtt, awer dat interesséiert eis net. Hien
ass “ze” séier ukomm. Alt erëm brauche mir keng weider Explikatioun. Mir ginn
eis zefridden wat mer gesot kritt hunn.
Jo
eigentlech ergänzen mir dat wat mer esou ondefinéiert gesot kréien. An do leie
mer ganz sécher net ëmmer richteg. Wat genau ass gudd, oder wat genau wat ass
schlecht. Wéi héich ass héich an wéi
déif ass déif? All deenen Ausdréck, déi net genau präziséiert sinn, ginn nëmmen
als Hiweis verstanen, a mir ergänzen dat dann no eisem Iddi. T’ Ausmooss vun
deem wat mir ugedeit kréien gëtt also eréischt an eiser Schierbel fest
geluecht. Ganz sécher ass dat Spill bekannt dat daat wat en engem Aneren an t’
Ouer seet, an deen dat un séin Noper soll viru ginn, beim leschte Spiller ukënnt,
net méi dat selwecht ass, wéi dat wat initial op de Wee geschéckt ass ginn. An
esou ass dat Spréchwuert ze verstoen, wéi séier ‘eng Méck zum Elefant’ gëtt. Do
huet jiddereen séin perséinleche Spillraum fir sech e Bild ze maachen, wou ze
waarm ufänkt a wou ze kal ophält.
Munchereen
huet es sécher elo “genuch” an et ass net fir eppes “ze” iwwerdreiwen.
Heng
16.8.2016