Selwer Hochzäit

 

E schéine Brauch aus eis gebueden

Den Sëlweren Hochzäitsdag.

Di beschte Frënn ginn a gelueden

E festlechst Iessen gëtt gemaach.

 

Et ass eng Leeschtung sonner Zweiwel

Sou laang schonn beieneen ze sinn.

A muncher Een, dat weess der Däiwel,

Huet ënnerwee schonn op sech ginn.

 

Et ass keng Konscht sech ze verdroen,

Dat kann een bei Iech zwee gesinn.

Well mateneen durch t ‘Liewe goen

Mir schéngt, dat daarf net schwéier sinn.

 

Et muss een sech muenchmol beméien

Wa Reiwereien stinn an t ‘Haus

A sichen  alles flott ze dréien

Da kennt een glécklech ëmmer raus.

 

Wien dat net sicht, deen ass verluer schonn

Verdeedegt nëmmen seng Kritik

Beim Streiden ass nach keen méi no komm.

Dat weist eis all Dag t ‘Politik.

 

Dem Monique a dem Rosch mir wënschen

Nach laangt a frout Zesummesinn

An héieren zwee Erwuessene Kanner

E Beispill vun Respekt ze ginn.

 

Sie solle wëssen dat am Liewen

Zwee Mënschen nëmmen sech verstinn

Wann keen behëlt sech ferm derniewent

Kann kee Bestiednes besser sinn.

 

Wann t‘ Selwer Dir dann nach verduebelt

Da gëtt et Gold, an dat wier schéin.

Mir hunn eis da schonn ofgenuebelt

Lony an Henri, allen Zwéin.

 

Wéi' eng Rous

Wéi' eng Rous de' hiren Doft verbreet,

Wéi' e Sonnestral, den duerch d' Häerzer geet,

Wéi' e Bam, dee kille Schied ausbreet,

Ass en Här, deen um Altoer steet.

 

Wéi' e Stär an déiwer Séilen Nuecht,

Wéi' en Häerz, dat no dem Fridden truecht,

Wéi' en Trouscht dem Kranken sengem Leed.

Ass den Här, dee bei seng Kanner geet.

 

Wéi' eng hand de' hongereg Mënner stëllt,

Wéi' e Liicht, dat eidel An rëm fëllt,

Wéi' e Papp, deen seng Famill versteet,

Ass en Här, deen duerch all Feier geet.

 

Wéi' en Dronk am waarme Wüstesand,

Wéi' e Frënd an engem frieme Land,

Wéi' e Räichen, deen séin Haff verdeelt,

Ass en Här, deen zu den Aarme steet.

 

Wéi' eng Wourecht de' am Ouer sengt,

Wéi' e Wuert, dat eis vum Himmel klengt,

Wéi' en Häerz, dat all eis Léift verdéngt,

Ass en Här, den eis zum Herrgott bréngt.

Henri Reger.

 

 

 

Am Wanter an Amerika

 

Esou wei d ‘Nolen vum Chrëschtbam falen,

Reenen déi schéin Deeg vum Joer, dem alen.

T ‘Vakanz drëpst lues an t’ Vergaangenheet.

Nëmmen Erënnerungen maachen sech breet.

 

De Wanter mat Schnei huet eis fest am Grëff,

An t ‘Vullen déi sichen vergiewens no Schlëff.

T’ Kawechel dat buddelt sech déif an den Diwwi,

An t ‘Kueben erënnere sech un iergend een Ziwwi.

 

Wann de Lang Schwanz eraus muss vir eppes se nammsen,

Da setzen sie rondrëm op t ‘Ëchel ze gammsen,

Déi hat sech vergruewen hat déiw ënnert dem Schnei.

Sie sichen, a sichen a fannen net méi.

 

De Wanter bréngt Doud an och Liewen.

Et schéngt wei wann villes géing stierwen.

Dach kuck mol um Giewel do blidd en, Wanter gréng,

Um struwwelegen Holz, de gielen Jasmin.

 

Der Zaubernuss hier Knäpp platzen schonn op.

Giel liichten hier Bléien ënner der weiss kaler Kopp.

Den Deckel mat Schnei hieft schonn den Winterling

An t ‘Spëtzen vum Fréijoere Flor dreiwen lo gréng.

 

T ‘Liewen an t ‘Stierwen, déi halen sech t ‘Wo,

A kee weess wat vun all deem ass Freed oder Plo.

Ukënnt et op t ‘Usiicht, déi een dobäi huet,

Fir t ‘Knouteren, ass et wuel ëmmer ze Schued.

19.12.2010

 

Den Zonge Schlag

(eng Allegorie)

 

E Mann, mat senger Zonge Spaang,

Hat  sech an Frëndin ‘s  Zong verfaang .

Déi  Saach sech traureg  huet  entwéckelt,

An hirem Mond , Metall gekréckelt.

 

Sou laang wei  eens  si  sech nach waren,

Sollt et kee Bock sinn, ee mat Haaren.

Mat Fangere fänken s’ un ze stëppelen,

Sech vum dem  Pech do ze entkrëppelen.

 

Weit op si hire Mond opräissen,

Och fir sech net op t’ Zong ze bäissen.

Wann si e Strapp sech laang  beméien,

Sou  Spaangen loossen sech net béien.

 

Dee Mätsch huet zimlech u gedauert,

Well ëmmer huet d’ Gefor gelauert

Dat si sech selwer d’ Zong ofbäissen.

Si wollten  sech  dach net verschéissen.

 

Verständlech konnten  Béid net schwëtzen

An niewe neen och guer net sëtzen,

Si  hucken  duerfir op de Knéien

A schweessen ferm, bei deem Beméien.

 

Scho fänken t’ Zongen un ze schwëllen

Een vun deem aneren denkt  . .dee Mëllen.

All Harmonie flitt bei der Däiwel

Dorunner ass jo guer keen Zweiwel.

 

Wat man, bei all dem domme Misär

Schonn   hu  si sech vill manner  gär.

Ee Pinschen  iwwer Béid do kënnt

Wëll keen  e gudden Auswee fënnt.

 

Zack schléit e Blëtz an hiren Auto.

Op t’ Kopp och dréit sech hire Mo.

Et kraacht och fierchterlech en Donner.

Dorop geschitt dann dat blot Wonner.

 

Mat Hick an Hack krut t’ Qual een Enn du

Hir Zonge deelen sech am Nu.

A wat sech schro verknetzelt haat

Eenzock huet  sech  rëm lass gemat.

 

Wat  ass t’ Moral vun där Geschicht?

 

Wien net am  Zam.  seng Zong kann halen,

Ka sécher net all Mënsch gefalen.

Wann dann net gläich geschitt e Wonner.

Da  paken s’ allebéid de Plonner.

 

 

Henri Regenwetter

19.03.2014

Gesabbeltes

 

Nëmmen eemol am Joer

Ass Schéiss Fest an eisem Stiedchen

Dann dréint sech am Kranz

Bei lëschtegem Danz

All Borscht mat sengem Meedchen

An t’ Flënten déi knaalen

Hier Schoss déi verhalen

Wéi Echo am Bierg.

 

Mir danzen a sprangen

Mir laachen a sangen

Wëll haut ass eist Schéiss Fest

 

Refrain:

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Looss mer genéissen, mir sinn esou frei

Këssen an häerzen, t ’geet alle verbéie

Well eemol mat Baang en de Jonktem verfléit

Dann fir eis Léift scho längstens ze spéit

 

Refrain:

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Haut gëllt et eleng

Verflunn ass eis Péng

Wie granzt de bleif an der Fären

Eist Häerz dat mécht Spreng

An t’ An gi méi keng

Bis iwwer eis blénke scho Stären.

 

All Bomi, all Gued

Mengt t’ ass awer Schued

Et wëllt net méi richteg sou flecken

Well si och mol jonk

Lo dreemen vum Schwonk

 

Refrain:

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Mäin Numm ass Zacharias

Vun der Staat Sekretär

Mir alles geheim ass

Keen gëtt eppes gewuer

Mat groussstem Verstand ech

Beléiert ganz plëtzlech

Dem Meeschter seng riets Hand

Sinn ech onersetzlech

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Ech ganz eleng fungéieren,

regéieren, dekretéieren

A sinn beim Magistrat,

um Blat en Autokrat

Dach firwat méin Häerz nach schléit

Hei am Verbuergene bléit

Dem Buergermeeschter séin léifst Kand

Soll mol meng Fräche ginn.

Ass dat erreecht, de schéinste Loun

Wénkt mir, dem Mann vun Distinctioun.

Dem Meeschter seng Positioun.

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Sinn ech emol de Buergermeeschter

Päift aneschter de Wand

Ech fuere mat de schwaache Geeschter

Mat Lug, dem Druch an Onverstand

Beim Magistrat mei Wuert gëllt nëmmen nach

Wien opposéiert, schwëtzt derniewent

Kritt Flilleken gepecht.

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Als lëschtege Borscht, a froue Gesell

Zéit et mech zréck a méin Stiedchen

Do fléien dann t’ Deeg an t’ Stonne verginn

All Mënsch fillt do sech zefridden.

Stëmmt een dann ee Lidd un

Da blénken feireg eis An

Keen hätt et geduecht

Schwupps ass et Nuecht.

An eidel sinn dann all Fläschen.

O Musel Land, däin Wäin ass bekannt

Hie geet engem ferm an t’ Bludd

Mécht Muenchem de feelen de Midd.

 

Lénks erëm

Riets erëm

Diddeldumdem

Diddeldumdem

Lenks erëm

Riets erëm

Heididdeldumdem

Schrëm.

 

Ech komme rëm heem, bei all déi ech gär

Et konnt zu Paräis mech net halen

Studéieren ass aus et wëllt mir net méi

Bei Bicher an Schrëften gefalen.

Elo sinn ech hei, ech bleiwen em trei

Dem lëschtegen Musel Stiedchen

Meng Wënsch sinn erfëllt

Meng Gloscht ass gestëllt

Ech wëll net méi fort hei goen.

 

Fritz du bass e ganz patente Mann

Gesäis d’ et endlech an

Bréngs fäerdeg wat keen anere kann

Gesäis d’ et endlech an.

 

All Dag wëlle mir eis freeën,

Erliewen dat mer glécklech sinn

Jo aus gelooss en, well eis verstinn.

Op der Rutschbahn

An de Klunschen

Oder op dem grousse Rad

Fille mir eis schonn am Himmel

Wat em eis ass, ass nach Grimmel

 

Henri Regenwetter, 14.02.2015