50 Joer Sylvesterpartien
Ech wess dir huet de Bröll net
grad zur Hand.
Am Pot as Iech de
Poulet ugebrannt.
Den Deif als Breier
schellt a schellt.
Dir wösst nach net ëm waat et gëllt.
Et sin aal Frënn dei
Iech haut schreiwen.
Dir braucht guer net
am Bett ze bleiwen,
Well
fir Zillwester si mer all high,
Da feire mir, mir sin wei nei.
Geduscht, gedämpt a parfumeiert,
Dat hu mir just beim Mike geleiert
An hien als grousse Kicheschef,
Ons inviteiert hat, granz
bref.
Vun hei, aus dem Amerika,
Soe mir schon haut: "t'gëtt Tralala"
Well mir iech frendlech
inviteiren,
Fir mateneen
eis z'amuseiren.
Et gett keng Schlupp wei Josy
mengt.
Mir hun rëm eppes ausgeHengt.
Mir feire 50
Jor Sylvester,
Duerfir eraus aus
Eren Näschter.
2 bommen Events stin
bei eis un.
t'kennt Villes an Erennerung.
A secher ass dobei dee Jux
Do mecht Ert Herz bestëmmt 'rem glux.
Macht iech keng Suergen weint dem Sir-witz
Am Kuhrotel, dem Zolver
H-Ritz
Deen an der Cassetrop-nomie
schon heich koteiert
Gidd Dir (op 400 Meter) mat 5 Kretschen prima serveiert.
Derbei Gefittnösst,
an och massakastreiert
Mat warmem Ueleg
well t'Nöss traiteiert,
Gedonnst de Reck, gestylt de Busen
Dir könnt och mat dem(r) Masseur(se) schmusen.
Dir wärt gesin an iech freckt lachen.
Ze Nammen gett et gudd Sachen.
Keng Pöllen
braucht Dir anzehuelen
A braucht och net hei ze
bezuelen.
Fir der Promille scho
virzebauen
Drenke mir "nur" fir ze verdauen.
Ditt un waat passt, am allerbeschten,
t'ass deischter hei
den Allerleschten.
Lost net eleng eis fäschtlech feiren
Soss gëtt deen owend eis een deiren.
Mir rechnen, dass dir tutti kommt.
Um Halwer Acht ass duerfir prompt,
Den Wellnesscenter op der Kopp
op.
Herlooderni (baal
e Jodler)
.