Sylvesterinvitatioun 2009/2010
Vum Lony an vum
Henri
Et kennt, et kennt, gleich ass et do
Et dreckt scho lang eis op de Mo,
Well munchen vun
de VIPpesch Leit
De Planning eis dem Gleis geheit.
Deen Een
brecht t’Been,
Deem anren
kräschen t’Ärm.
Metallesch Höfte
gin gesaat.
Vun Eis a Schnei‘ gett deck geschwaat
An dë Kalenner reckelt weider.
Leider.
An dach, mir feiren iwer 50 Joer
A wien krut dobei keng gro Hoer?
Dat ass dach baal onendlech laang.
Eis ass et awer guer nët baang.
Well dach all Joer, wei‘
dir wösst.
Get laang
virdrun ‚sou‘ vill geschnösst.
An wann mer dann zesumme
sin,
Mir zielen wei‘
den Intebin
Dann hoffen mer dat keen wärt
feelen.
Mir hun och fir
all mei’glech Pengen,
E wonner- wonnerbaren Dengen.
Mat deem
mir plei’schteren all Wonnen.
Vergiess
ass och scho lang Verdun. (op deitsch
ze liesen,weint dem Reim)
Eist Schluechtfeld
leit net weit derfun.
Schon hu mir d‘Fendlen
lassgeweckelt.
An t’Bettgedecks am Schaaf gereckelt.
Mir suergen fir Gedrenks an z‘Iessen.
An ëppes darf der
net vergiessen,
Dir hölleft all
bei Jux a Laachen,
Mam aale Joer Schluss ze machen.
Mir lossen eise
Kapp net hänken.
Et heescht erneits rëm unzefänken.
Erop man Stopp!
Um 19.00 Auer gett et Apero mat Zopp.
A munch gudd Saachen hannendrop.
Wann t’Freedefeier
knuppeg brennen,
Heecht et dann „Bremsen lass“, a losst et rennen.
Dëst Joer waar
jo neischt, t‘ass enzock futsch.
Fir an 2010, geet et dann Wutsch
Iech alleguer
e gudde Rutsch.
RSVP