2005

Zill Western 2005

(mat Kallef, Kouh a Sau um Spiess -

Déi sin nach all am Gang ze quietschen)

*

Dat véierzecht Joer war verduerwen

Wéi t’Jackel’eis (gebonnen)aus der Patsch gehuewen

Well mir geflun si bei t’Indianer,

Déi Jake’s & Co,  déi Merikaner.

 

Mir brauchen do neischt ze verbess’ren

Well Dir könnt och mat Gräef a Mess’ren

Op anrem Dösch, an t’Plättle schloen.

Wann t’Parzellein, dat ka verdroen.

 

Nujee, t’Zeit ass lo kom, fir den Tacheeles

Sot Camille ´mol, dee Mann vun Beeles

Well hien sech démols bal gedébelt

Vun Höll’fberétschaft, uerg geknebelt.

 

Lo sin den Heng rëm un dem Tour

Fir t’véierzecht ruffen sie all Puer

An mat derbei sin och all Singles,

Mat hire Krätschen, hiere Bingles (net emol!)

 

Kommt eis, dann op den „Ieweschte Béinert“

(frei iwersat: revenez nous - dat nëmmen fir de Rendez-vous)

Um 18.30 fängt un den Téinert.

Scho steet de Jus ons op der Zun(g)

Da schloemir (gebonne) op vum Fass de Krun(g)

 

Bis dröpst eraus dat Lescht vum Joer.

Mir feieren bis d’Nuecht méi kloer

Sech weist als Daag, am neie Joer.

Dann hun mir schon - dat Aalt gepackt.

 

Et war kee bongt, et war neischt wärt.

Dat seet all Mönsch, dat wéss all Pärd.

Schon ass et Zeit, ech muss `lo goen

Kann nëmmen Iech nach Äddi soen.

 

Bisdajeedann

Heng fir t’Lony

 

 

Den 12 Juli 2005 ass den Marcel Herrmann no langer Krankhét verstuerwen. Mir alleguerten vermüssen hien an vergiessen hien net. Als internationale Schiedsrichter hat hien ëmmer eng roud an eng giel Kart an der Täsch

 

 

 

2006

ass scho bal zufrex*)

 

 

Et ass bal net ze gléwen

Lo gét et séier futti

Mir rufen duerfir schnell nach tutti

Kommt op Sylvester Bei  eis Mutti.

 

 

Do gëtt et leider nëmmen Frutti!

Well kuckt én eisem Jubilar sein BÄischi

Dann ass dat nët esou ganz Keuschi

Hie brauch geschwënn eng richteg Steipi.

 

 

De Brimer, dréit vill Schold dodrunner

Mat Pernot a gegrilltem Hummer

A soss nëmmen déi bëschte Maifel

Wëll dat him schmacht, t’ass ouni zweifel.

 

 

Mé wann dat gét nach lang ´sou weider

Da musse mir him kafe leider

Eng klinzech Schuppir, als läscht Hëllef

Fir drop ze paken sein (Grengt**) Verwëllef.

 

 

Den Heng och huet mat knapper Nout

Geraspelt lang um Knausebrout

Fir ofzehuelen e puer Kilo

Haut ass bei him rëm alles pilo.

 

 

An t’Lony oh Mamm, ech gi Rölles

Wat huet dat Framensch dann nach wëlles.

O Zockerséissen leck mech dach

Well ëmmer alles schmacht him nach.

 

 

Da muss den Heng ganz kräfteg drecken

Dat t’Pnöe vum Rollistull bal ferecken

Soss léft nach alles wonnerbar!

Dat wéss all Mënsch, ass dat iech klar.

 

Duerfir léif Frënn glewt eis  et tutti

Dest Joer gëtt eT nëmmen Frutti.

 

 

An t’ Sau-, an t’ Kouh- och t’Kallefsstecker

An Zosen sin déi bëscht verdrecker

Dat gëtt et nëmmen nach als Dessert.

Mengt och eis Jury dat wär super?

 

 

Um iwschte Béinert, em d’ bäscht Auer

´sou géint 18.30, Fir méi genauer,

Da fänke mir mam läpsen un.

An drenken din mir all vum Krun.

 

 

Heng vun der Gemeng,

 

 

*) Wéinst dëm Reim!

**) Eng Uspillung un dat „Grüne GewÖlbe“ ZU Dresden

mat sengen historesche Konschtwierker.

 

Respondere zill wupp plättel

 

 

Chronologie

 

Virun 58 Joer huet eis Frëndschaft ugefangen

*

1.   Sylvester zesumme gefeiert

virun 46 Joer um Fousbann

*

1.Sylvester zesumme gefeiert

virun 41 Joer um Ieweschte Béinert

*

Virun 40 Joer ass zu Zolwer op Sylvester

dëst Bild entstanen

Raymonde-Gaby-Mike-Lony-Roger-Monni Hary-Marie-Claire-Josy

*

Den Jubilar Josy hat an dësem Joer (2007)

fir sein 80 Fréijohr invitéiert.

 

Imprimatur:

Nihil obstat - Lony