1997 Uniperversiteit

 

UNIPERVERSITEIT

IEWESCHTE BEINERT

 

 

Well di Lenger UNI iwerfellt

an de Koppeleschter Gumminasium

ausradeiert gin ass

hu mir eng
NEI KAKADÄMIE

um Ieweschte Beinert opgemacht.

 

Et sin nach folgend Leerstill ze besetzen!

 

Professorin fir MUSS - ECK a GESTANK

Professorin fir PEDI - A - GERIA  - TRICKEN

Professorin fir FREIZEITBESCHÄFTIGUNG - TERRA - PI

Professorin fir KLONERI  a  RÄMMI - DÄMMI

Professorin fir HOOT - KULTUR  an aner GEKNIWELS

Professorin fir HIMMLECH GEDOLD  a WESTLECHE JOGA

Professorin fir FINANZEN an DIA - LOCKEN

Professorin fir GESOND an ONGESOND GEFREISS

************

Professor fir  LITTER - AN - TUR mat GROUSS IWERSETZUNG

Professor fir BEMOKELEN an aner SCHEIN KONSCHTEN

Professor fir SPOTT an GESETZVERDREINEN

Professor fir BAUKASTEN a GIPSFIGUREN

Professor fir TESCH a MEGA-NIKKEN

Professor fir FORNOGRAPHIE an VITTIKULTUR

Professor fir COMPUTERGESTEIERTGARDEWEIHEREN

ONKRAUTVERDILLIGUNGSTECHNIKSTUDIUM

 

*************

 

Präsentatiounen sin ze machen perseinlech
ouni CURRI VITE
den 31.12. em 19.57.02 Auer.

 

® Mise en Page vum Porc du gissi.

Pojenistritzen: Jacques ELL an Herno ÖMMER

 

 

 

 

 

 

 

 

1998 t’Klengkaréiert Macen aus aller Welt.

 

No engem 2. Openthalt a Merika schecke mir schon eis Invitatioun vun Charleston N.C.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

1999 MILLENIUM. Dat verreckelst Datum an der Weltgeschicht

 

 

 

 

 

Hier ein Beispiel wie eine der Anmeldungen aussah, die hier nicht alle reproduziert werden können. Sie stammt, wie viele der Strichzeichnungen,  von einem namhaften Künstler.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

D

at follgent Steck ass als Liessteck opgefouert gin mat den üblichen Akteuren, déi och an hirem Liewen hiere Mann oder Frau op der Bühn gestallt hun.

 

 

E ganz klengen Theater gespillt vun ganz Groussen.

 

Dem Här sei Moud.

vum H aus R edaktör

frei iwersât  nom LORIOT sengen „Szenen einer Ehe in Wort und Bild“

 

Eng mettelâl Koppel könnt an den Geier – an fängt un mat engem Här ze schwetzen, den se fir e Verkäfer halen.

 

Fra: Mein Mann ass eppes empech an den Höften, hien huet och zimlech kurz Ärem.

Friemen: (mustert den Mann kurz)...

Dat dét mir awer léd.... .

(höllt seng Tut mat dém wat hien kâf huet a gét aus dem Buttek).

Verkäfer Nr. 1 (könnt vun hannen).

Gidd Dir schon bedingt?

Fra: Mir sichen e Kostüm fir mein Mann. Greisst 52, eppes ëmpech an den Höften. Hien huet och zimlech kurz Ärm.

Mann: Jajaja....

Fra: ....... jo, mat zimlech kurzen Ärm...awer net ze vill kurz.

Verkäfer 1: Ech weisen Iech emol eppes ..... huelt Iech en Ablack Plâtz....

Fra:(zum Mann). Hues de och e frösche Kalzong ugedoen? .........Ma, loss dach Deng Nues a Rou.

Verkäfer 1: (brengt e puer Kostümer)....

Da schlebbert emol hei eran (hie reisst den Rideau vun der Umosskabin eriwer, et geseit e kurz eng Cliente an der Önnerwäsch. Den Verkäfer kuckt nach eng Keier schnell a rappt den Rideau erem eriwer, mecht dei aner Kabin op, an hängt den Costüm eran).

Mann:(gét an t’Kabin).

Fra:(mecht sech mat zwe Fangeren Eau de Cologne op t’Ouerläppercher an stecht t‘Fläsch erem an t’Posch) .

Wess Der, mein Mann brauch iwerhapt guer ké neien Kostüm. Dohäm rutscht en ömmer am Pullover. Dann huet en nach dén, dén en elo unhuet. An fir de Büro huet hien en donkelgroen.... ass dat dann net tiptop.

Verkäfer 1: Wann der eis nei Hierschtmouden nach net gesin huet, Madame....

Mann:(könnt aus der Kabine. De Paltong ass vill ze kurz an och t’Box. Un de Knäpp hänken Schölter vun der Mark an och t’Preisser).

Verkäfer 1:(reckelt, zitt a röffelt un dem Kostüm)..

Dât ass eisen Hierschtmoud, Madame! Herrlech. Et gefällt an der Form, ass sportlech am Schnött.... Jé et ass eben Pareisser Konfektioun, op Moss.....

Mann: .... Mussen t’Boxen elo esou sin?

Verkäfer 1 : Die moudesch Boxen gin elo mei kurz gedroen..... an wann se gedroen ass, da fällt se nach e weineg mei deif,....... darf ech emol? (zitt t’Box mat kräftegem Ruck no ennen, esou datt se extrem deif setzt).....

Gesidd der, elo setzt se besser!

Fra: (Moschtert hien fun uewen bis ennen) Gei meol eng keier......

Mann: (gét op an of).

Verkäfer 1: Ech muss soen wat ass, die doten Box setzt knaps beim Schrött passt awer genau beim Setzen... sie geseit gudd aus.

Mann: Wat droen d’Männer dann esou zu Pareis?

Verkäfer 1: Wien sech et léschte kann....

Mann: Ah sou!

Fra: Dat ass wuel richteg, nemmen wann hien elo erem alles an seng Täschen bretscht.

Verkäfer 1: Meng Leiw Frau, t’ganz Broschtpartie ass op beide Seite mat Stofflengent verschafft.... do kann Ären Här vill drastiechen, alles wat hien wöll....

Fra: Stiech emol dein Portmonni dran, an och deng Schlösselen....

Mann: En Ablack (greift an die falsch Kabine).

Fraestömm aus der Kabine: Net mat mir, mat mir net...... Kann ech net awer fleicht behölleflech sin?

Mann: Né merci ... ! (höllt sein Portemonni an t’Schlösselen aus senger Kabine an stecht se an t’Täsch).

Fra: (hällt sech t’Hand virun d‘Gesicht)

Oh mei, elo geseit hien aus, wie eng getreppelt Mettwurscht....

Verkäfer 1: Awer net schlecht, awer guer guer net schlecht Madame (zum Mann). A wat halt der dann vun engem schotteschen Kammgarn-Mohair... mat engleschem Wiefmuster (weist eng kareiert Jacket). Mosst se emol un?

Mann: (Wiesselt de Paltong) – Moment! ... (stecht de Portmonni eran).

Verkäfer 1 :Dat ass de klassesche Schnött! Ärem Härchen stét dei ganz gudd zu Gesicht, besonnesch an der Höft.....

Fra: Em Gottesbiddeswöllen, oh nén, oh néén......

Mann: Nén? (dét t’Jackett erem aus). Dann eben nött.

Verkäfer: Oder dat heien. Genau die selwegt bescht Qualiteit, en plus awer mat Jet Design....

Mann: Mat wât? (wiesselt de Paltong ouni de Portemonni eraus ze huelen).

Verkäfer 1: Et erkennt én den Jet Design um duebele Fuedem,  dén rondöm t‘Knapplach verschafft ass gin.......

Mann: Ah sou, dat wosst ech emol net

Fra: (Kuckt de Mann an resselt de Kapp)

Verkäfer 1: (récht him eng Box) An hei ass die richteg Box fir derbei.

Mann: (wöllt seng Box ausdoen)

Verkäfer 1 (weist op t’Kabine) Wanneg gelifft.

Mann: Ah sou, jo (geht an t’Kabine).

Fra: Mir wollten jo eigentlech guer ké Kostüm kafen. Hien breicht vill mei neideg nei Önnerwesch.....

Verkäfer: Ouh!

Fra: Dir sollt Iech emol seng Önnerwäsch ukucken. Et geng én et net gléwen, wann én et net mat égenen An gesin hätt.

Mann: (könnt eraus mat enger ze vill grousser Jackett an enger ze vill langer Box.)

Verkäfer: Dat ass reng Schurwoll... verstärkt Kunstfaser.... onhémlech dankbar bei all Geléenhét. (fummelt un him erem).

Fra: Ma t’Box stét jo ennen zevill um Buedem.....

Verkäfer 1: Haut dreit én zimlech mei fölleg... sie klömmt jo och nach eppes klengs, wann emol Plien an de Kneie sin... darf ech emol.... (zidd t’Box mat Kraft no uewen).

Verkäfer 2: Kann ech emol den Kammgar – Mohair kreien (höllt t’Jackett wou de Portmonni dran ass).

Verkäfer 1: Wann ech gelifft....

Fra: Geih dach emol e beschen hin an hier ....... a loss Deng Nues a Rou....

Mann: (gét duerch de Buttek).

Verkäfer 1: Einfach schick! Klass!

Mann: (Vertreppelt sech mat der langer Box, an hällt sech un engem aneren Client un).  Entschöllegt Mösieur .... dat war meng Box.

Client: (Mustert hien scharf)

Fra: Wat knechels de dann nemmen do?

Verkäfer 1 : (mat engem neie Sakko).

Hei ass dat neist um Mart. E ganz lichten Tropical am Golfschnett ....... probeiert emol Mösieur.... die hei Sachen sin enzel Markestecke. Si gin nawel vill kaf.

Fra: Huel Dei Portmonni awer eraus!

Mann: (Greift an die grouss Jackett)... Do ass en net!

Verkäfer 1: (ajusteiert nach) Flott nedirt, ganz schick!

Fra: En muss do sin!

Verkäfer 1: Einfach schick!

Fra: Ech kann schon net mei nokucken.

Verkäfer 1: Ech keint Iech och nach eppes am Tweed weisen....

Mann: Ech hat en an des Jackett gestach.

Fra: An t’Schlösselen.

Mann: Dei mussen an der Boxentäsch sin... (fillt...) ma do sin se och net!

Fra: Dat verschleit mir den Otem.  (E Client mat enger kareierter Jacket kennt an de Buttek an seng Frau hannendrun).

Mann: Do muss e sin (greift dem Här vir t’eischt an t’Jacket an dann an t’Box)...  Entschöllegt.....

Client: (geneiert) ... Losst dat dach ennerwé!

Mann: Ech wöll nemmen mein Portemonni an meng Schlösselen. (Sicht weider).

Client: Ma gidd der Iech da bâl.

Mann: Ech wöll neischt aneschter wie mein Portmonni an meng Schlösselen....

Client: Wat wöll der?........... Bertha!

Mann: (sicht firun). Et gét net aneschter.

Client:... Bertha!

Mann: Ech hun alles hei eran gestach.

Bertha: (könnt erbei) Wat huet Dir wouhinner gestach?

Mann: All meng Sachen hun ech hei eran gestach.!

Bertha: An t’Box vun mengem Mann!

Client: Dat misst ech jo awer selwer gesin hun, mei Gott!

Mann: (geseit en aneren Mann den och die selwecht  kareiert Jackett umosst)... Moment emol (get op en dur). Entschöllegt, ech hätt gären mein Portemonni an meng Carte d’identié.

Anere Client: (kuckt e stur un).

Mann: Pardon, darf ech ?... (hie greift him an t’Broschttäsch).

Anere Client: (lues awer sécher) Huel der wuel Är Hand aus menger Jackett.

Mann: ... an och meng Autoschlösselen? Entschellegt emol.

Anere Client: Ma huelt dach Är Hand aus menger Box.

Fra: (Stierzt sech op Verkäfer Nr 3. Dén och mat enger kareierter Jackett an verschiddenen Kostümer lanscht gét)...  Hei, Männi, hei.

Mann: (hällt e Portmonni an t’Lucht dén net sein ass)

Ech hun en... ech hun en.

Fra: (die schon an der anerer Jackett gewullt huet an och fonnt huet).. Ech och!

Mann: (gött dem Client sein Portemonni erem).

Fra: (huet an eng Box gegraff)... an och t’Schlösselen.

Verkäfer 1: (könnt mat anere Jacketten).

Hei hun ech nach eng eischtklassesch Wuer. Perlon mat enger spezieller  Fâl um Hönner. Ech droen nawell ganz gären esou eppes.

Fra: Nén, nén, ech mengen mir huelen dén heien. (weist op hiere Mann).

Verkäfer 1: Gären..... domadden sidd Dir jiddefalls beschtens bedengt.... Geng der en gleich unhâlen?

Mann: (kuckt op seng Fra) Ma secher.

Fra: An t’Box hieft sech jo nach, wann hie gét!?

Verkäfer 1: Am Knei, Madame... am Knei... ganz secher, well mer die Sötzfal beim Hönner agebaut hun (kneit sech) hei kuckt emol hei, gesidd der! Wann hien an Bewegung ass. (mecht e Schrack an den Hippercher).

Fra: Mach dat och emol. (zu hirem Mann).

Mann :(gét an t’Hippercher).

Fra: Du muss dech och bewegen, den Här huet jo gesot.

Mann (e puer Schrett an den Hippercher).

Fra: Virun, nach .

Mann: (gét an den Hippercher durch de Buttek).

Verkäfer 1 (könnt mat enger grousser Tut, mam Mantel mam Hut an der Rechnung)... Sou, wanneg gelifft... t’Kés ass dovir lenks.

Fra: Weini ass dei Box dann elo rodeiert?

Verkäfer 1: Nuja.

Mann: (op den Hippercher). Nén, esou eppes.

Verkäfer 1: (hölleft dem Mann an de Mantel iwer dems dén nach an den Hippercher setzt). Wie weit hued Dir bis hém?

Mann: - Vleicht eng gudd Stonn...

Verkäfer: - Bis dohinner setzt die Box ewei ugegoss!

Mann: - Wat der net sôt.

Fra: - Komm elo...

Mann: (höllt t’Täsch, hiewt den Hut a sét) Villmols Merci fir Er Meih.

Verkäfer 1: Et ass un eis fir Merci ze soen.

Mann: (gét an den Hippercher mat senger Frau aus dem Geier).

 

 

Rolleverdélung an der Reihefolleg vum Optrett:

Erzieler:

Fra:

Friemen:

Verkäfer Nr. 1:

Mann:

Fraestömm aus de Kabin:

Verkäfer Nr. 2:

Client an anere Client:

Bertha: